Search

You may also like

LCGB: Haut Léisunge fir muer fannen!
International Neiegkeeten

LCGB: Haut Léisunge fir muer fannen!

D’Zuelen u Chômeuren fir Abrëll 2020 si besuergneserreegend: scho méi

D‘Schoulrentrée: Mir recoltéieren, wat mer geséit hunn
International Neiegkeeten

D‘Schoulrentrée: Mir recoltéieren, wat mer geséit hunn

Um Virdag vun der Schoulrentrée am fundamentalen Enseignement huet den

Demokratesch Institutiounen hu Corona-Stresstest gutt iwwerstanen
International Neiegkeeten

Demokratesch Institutiounen hu Corona-Stresstest gutt iwwerstanen

Um Méindeg huet d’Chamber d’Gesetzesvirschléi 7606 a 7607 ugeholl. Domat

Aus Total gëtt TotalEnergies: „ Dësen neie Wee vun Energien ass eisen!“

Aus Total gëtt TotalEnergies: „ Dësen neie Wee vun Energien ass eisen!“

Déi franséisch Entreprise Total, déi am Joer 1924 gegrënnt gouf, steet virun enger grousser Ännerung. D’Aktionären vun der Entreprise hunn an hirer ausseruerdentlecher Generalversammlung zu Paräis bal eestëmmeg beschloss, den Numm vun der Entreprise ze veränneren.

E Grond dofir ass déi gesellschaftlech Verännerung. Aus Total gëtt deemno TotalEnergies. Ma, dësen Numm soll strategesch besser zu enger Multi-Energy-Entreprise passen. Dozou gehéiert natierlech och eng nei visuell Identitéit.

De Patrick Pouyanné, President a CEO betount, datt Energie Liewen ass. „Mir all brauchen et, et bedeit Fortschrëtt. Et ass wichteg esou e Beitrag zur nohalteger Entwécklung vum Planéit, ugesiichts vun de Klimaerausfuerderungen ze leeschten. Zesumme beweege mir eis a Richtung nei Energien. D’Energie erfënnt sech nei, an dësen neie Wee vun Energien ass eisen. Dobäi ass eist Zil, e wichtegen Acteur beim Iwwergang ze sinn. A genee dofir verwandelt Total sech an TotalEnergies.“

An Europa bedreift d’Entreprise ongeféier 12.062 Tankstellen, dat ënnert anerem a Frankräich, an der Belsch, Holland, Lëtzebuerg, Spuenien a Portugal.

TotalEnergies ass eng Entreprise, déi Energie „hierstellt“ a liwwert: Ueleg a Biokraaftstoffer, Äerdgas, gréngt Gaass, erneierbar Energie a Stroum gehéieren dozou. Hiert Zil zur CO2-Neutralitéit soll bis 2050 ëmgesat sinn.

Ronn 105.000 Mataarbechter engagéieren sech fir eng propper an zougänglech Energie hierzestellen. Dobäi ass d’Entreprise a méi wéi 130 Länner vertrueden. Nohalteg Entwécklung steet op éischter Stell a soll zum Wuelbefanne vun de Bevëlkerunge bäidroen. Geplangt ass bis 2030 ganzer 60 Milliarden Dollar an erneierbar Energien ze stiechen, d’Clientèle bis 2025 vun 8 op 12 Milliounen ze erhéijen a bis dohinner 150.000 Opluedstatioune fir E-Gefierer unzebidden.

Related topics Ännerung, Bio Gas, CO2-neutral, Energie, Kraaftstoff, Patrick Pouyanné, Tankstellen, Total Energies
Next post Previous post