Total erfënnt d‘Energie nei, esou d‘Reklamm

Dat stëmmt esou net, seet Greenpeace a behaapt: „Total bedreift Greenwashing“

Wärend sech zu Glasgow am Kontext vun der COP26 ee gutt Gewëssen zesummegeschoustert gëtt, huet Greenpeace Lëtzebuerg sech derzou entscheet hei bei eis de Fanger an d‘Wonn ze leeën. Si hu virum Sëtzt vun TotalEnergies Lëtzebuerg S.A. an der Mëttegstonn hire Greenwashing denoncéiert.

D‘Ëmweltschutzorganisatioun Greenpeace stellt fest, datt en neien Numm an den derzougehéierege Marketing vum franséische Pëtrolskonzern näischt um Fakt änneren, datt d‘Kärgeschäft vun dësem Konzern och weiderhi Gas a Pëtrol bleiwen. An et schéngt net emol dat de gréisste Problem ze sinn, well och bei Greenpeace ass ee sech bewosst, datt et net ouni Transitioun ze maachen ass, just wéi.

A wann dann op der COP26 eppes vu „mir musse méi effizient an ambitiéis ginn“ gebraddelt gëtt, da kann ee schonn eppes Versteesdemech dofir opbréngen, datt Greenpeace zesumme mat aneren Ëmweltorganisatiounen, ONGen an Experten, virum „Carbon-Offsetting“ an de Maerketinglige vun den Ëmweltverschmotzer warnt. An dësem Kontext sollt dierfen op déi europäesch Biergerinitiativ „www.banfossilfuelads.org“ higewise ginn, déi sech de Greenwash-Praktiken entgéint stelle wëll.

Greenwashing
© Martine de Lagardère / moien.lu

Datt de franséische Pëtrolskonzern zu de fënnef gréisste Produzente vu fossille Brennstoffer Exxon, Chevron, Shell, Total und BP gehéiert, sollt een net musse betounen. Wann een awer ronn eng 488 Milliounen Tonne CO² an d‘Loft bléist, vläicht awer. An deem Rhythmus wiere mir, esou zumindest d‘Berechnung vun OXFAM, méi no u +4°C, wéi den eigentlech gewënschte maximal +1,5°C. Dat bekämpft de franséische Konzern mat Reklamm, wat am Joresbilan 52 Milliounen Euro ausmécht.

Dës 52 Millioune stelle ronn en Drëttel vum Marketingsbudget duer (29%) an dat ass den héchste Saz am Grupp vun de „Faboulous Five“. Domadder net genuch, op der Lëtzebuerger Internetsäit vum Konzern, gëtt fir fräiwëlleg CO²-Kompensatioune gewuerben, fir deen duerch d‘Aktivitéite vum Konzern produzéierten Ausstouss auszegläichen. Dobäi kéinten déi meeschte Produiten, déi de Konzern verkeeft, duerch erneierbar Energien ersat ginn, fir déi d‘Technologie schonn existéiert.

Greenwashing
© Martine de Lagardère / moien.lu

Bekannt ass jo och, datt d‘Wëssenschaft schonn zanter 50 Joer warnt an esou verwonnert et net, datt well ee sech Zäit gelooss huet, d‘Wëssenschaft erkläre muss, datt elo direkt drastesch Moossname brauch. Gemengt ass domadder eng konsequent Reduktioun vun den Emissiounen, wéi d‘Fërderung vun der CO²-Lagerung. Dat awer schéngt mat de Pëtrolskonzerner eng Erausfuerderung ze ginn,

De Frank Thinnes, Klima- an Energiecampaigner bei Greenpeace dozou: „Ausgläichsmechanissem wéi dat vun TotalEnergies ënnerstëtzte „Redd+“ Programm erlaben et , d‘Natur weider ze verschmotzen an d‘Kommerzialiséierung vun der Natur ze fërderen. Düese Modell huet schonn zum Buedem-Déifstall, der Zerstéierung vun der Biodiversitéit an zu Mënscherechtsverletzunge gefouert“. Dorunner ännert och d‘Versprieche bis 2050 Klimaneutral ze ginn, éischter wéineg.

Greenwashing
© Martine de Lagardère / moien.lu

A wann do Greenpeace vun der Länner, déi sech zu Glasgow nees ganz Wäit aus der Fënster leenen, erwaart, datt déi d‘Pläng vun der Industrie – e globale Maart fir den Ausgläich vu CO²-Emissiounen ze schafen -zeréckweisen, well Kompensatiounen echt Mesuren nëmme verschleefen. Dat erkläert zuweilen och, firwat grad „Si“ a grousser Zuel zu Glasgow mat un de Verhandlungsdëscher sëtzen an eng Rei Virträg finanzéieren. Anersäits besseren si hiren Image op, an deem Beem geplanzt ginn.

Et wier also un der Zäit de Pëtrolskonzerner ze verbidden hir Onwourechte mëttels Reklamm an soss Marketingsoperatiounen ënnert d‘Liet ze bréngen. Dozou nach emol de Frank Thinnes: „Erënnert dir iech nach un déi cool Cowboyen an der Marlboro-Reklamm? Déi sinn un de Folge vum Tubakskonsum verstuerwen. Deemools war d‘Reklamm vun der Zigarettenindustrie ee Fake, haut sinn et d‘Lige vum Greenwashing, déi de Konsument an d‘Ir féieren“. Dat mécht nees Sënn.

Greenwashing
© Martine de Lagardère / moien.lu

Dat et do nëmme Konsequent ass, datt Greenpeace zesumme mat 20 weideren internationalen Organisatiounen, fir ee Verbuet vun der Reklamm fir fossil Brennstoffer antrëtt, esou wéi et de Verbuet vun Tubaksreklamm huet, sollt d‘Politik ënnerstëtzen. Déi wäert et net maachen, firwat also nees de Bierger gefuerdert ass. Et leeft eng europäesch Petitioun, an déi brauch 1 Mio Signaturen…

Foto & Video: © Martine de Lagardère / moien.lu

Dernières nouvelles