Search

You may also like

E Buch, eng Serie an d’Realitéit – Dem Hannah Baker säi Suizid
Business Money Neiegkeeten Sport

E Buch, eng Serie an d’Realitéit – Dem Hannah Baker säi Suizid

„Tote Mädchen lügen nicht“ ass eng Adaptatioun vum Jay Asher

Ee Joer ass et hir – Gedenkmass um 7. Mee 2020
Business Money Neiegkeeten Sport

Ee Joer ass et hir – Gedenkmass um 7. Mee 2020

Um 23. Abrëll 2019 huet S.A.R. De Groussherzog Jean eis

Covid19: Schlecht Nouvellen aus New York
Business Money Neiegkeeten Sport

Covid19: Schlecht Nouvellen aus New York

Nodeems mir gëschter vun der Visiokonferenz vun de Membere vum

money

De „Green Deal“ vun der Basketsfederatioun

De „Green Deal“ vun der Basketsfederatioun

Um Dënschdeg hunn TotalEnergies Lëtzebuerg an déi Lëtzebuerger Basketballfederatioun (FLBB) hiert scho véiert Partnerschaftsofkommes an dréchen Dicher bruecht. De franséische Pëtrolskonzern iwwerhëlt d‘Haaptlaascht vum FLBB-Sponsoring.

D‘Erneierung vum Sponsoring-Vertrag wier de Beweis, datt et tëscht dem franséische Konzern an der FLBB, nieft Vertrauen a Satisfaktioun, besonnesch „Proximitéit“ huet. An natierlech ass de Generaldirekter vun TotalEnergies Lëtzebuerg, Patrick Schnell, houfreg iwwert dës wäertvoll an fir de Basket wichteg Kollaboratioun. Dës huet sech 2012 erginn, a betrëfft net nëmmen d‘Federatioun.

Esou ass de Pëtrolskonzern och den offizielle Sponsor vun den zwou Nationaldivisiounen. Déi dierf een dann elo awer streng geholl net méi als solches benennen. d‘Nationaldivisioun bei den Hären, wéi och bei den Dammen heescht elo „Luxembourg Basketball League by TotalEnergies“. Un dëst neit lëtzebuergesch muss ee sech vläicht nach gewinnen, mee et geet hei schliisslech ëm vill Geld.

TotalEnergiesLëtzebuerg

TotalEnergies Lëtzebuerg bleift also den exklusive Sponsor vum Championnat, mee dat eleng ass laang net genuch… Esou envisagéiert de franséische Pëtrolskonzern sech och un de vun der FLBB an den Schoulen organiséiert Manifestatioune finanziell ze bedeelegen. Et ass jo bekannt, datt et eng vun de Prioritéite vun der Fondatioun TotalEnergies ass, déi jonk ze inseréieren a forméieren.

D‘FLBB gëtt jo vir, d‘Praxis vum Sport bei de Lëtzebuerger Kanner ze promouvéieren, dat vun der Crèche bis op d‘Universitéit. Dat mécht Sënn, ass dach d‘FLBB mat senge ronn 3.000 Dausend lizenzéierten Athleten, an nach emol eng 300 Trainer, Professer an Educateuren, déi wichtegst an engagéiertst Sportfederatioun zu Lëtzebuerg a wuel och an der Groussregioun. Dat seet och RTL.

TotalEnergiesLëtzebuerg

Fir dem Basket, als Schoulsport, nach eppes weider Visibilitéit ze ginn, an och sécherzestellen datt d‘Athlete bei der Mobilitéit mat der richteger Energie virukommen, soll eng „gréisser Unzuel“ vu Basketsbäll, natierlech mam Logo vum Sponsor, an de Schoule verdeelt ginn. Dat méiglechst virum Joresenn. An de Schoule kann ee kaum erwaarden, datt d‘Distributioun vun de Bäll ufänkt.

Wa gewosst ass, datt de programmateschen Inhalt vun der FLBB op 4 Piliere baséiert: Educatioun, Kollektive Sport, Toleranz an Integratioun, esou muss een elo ofwaarde, wéi d‘Schüler, déi nach de leschte Freideg en zimlech erfollegräiche Klimastreik zustane bruecht hunn, mat der Presenz vun TotalEnergies am Schoulsport ëmginn. Soll nach ee soe fossil Brennstoffer hu keng Zukunft…

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics Basketball, FLBB, fossil Brennstoffer, Nationaldivisioun, Schoulsport, TotalEnergies Lëtzebuerg
Next post Previous post