Search

You may also like

What the Fakt – D’Geschicht vun der “Beweegung 2. Juni”
Neiegkeeten

What the Fakt – D’Geschicht vun der “Beweegung 2. Juni”

An de 70er Joer huet déi lénksextremistesch terroristesch Vereenegung „Beweegung

What the Fakt – Wat ass da Péngschtméindeg?
Neiegkeeten

What the Fakt – Wat ass da Péngschtméindeg?

Och haut ass nees Feierdag, fir genau ze si Péngschtméindeg,

Brexit: De britescher Premierministesch flitt alles ëm d‘Oueren
Neiegkeeten

Brexit: De britescher Premierministesch flitt alles ëm d‘Oueren

432 Deputéiert hunn am House of Commons, géint dee vum

E Buch, eng Serie an d’Realitéit – Dem Hannah Baker säi Suizid

E Buch, eng Serie an d’Realitéit – Dem Hannah Baker säi Suizid

„Tote Mädchen lügen nicht“ ass eng Adaptatioun vum Jay Asher sengem Roman, deen den Originaltitel ass „13 Reasons Why“ dréit. Ech hunn d’Buch scho kannt a war deementspriechend gespaant op d’Ëmsetzung vun der Serie, déi aus 4 Staffele besteet.

Mir war bewosst, datt et sech bei der Handlung ëm de Suizid vun engem jonke Meedche dréit, wat no sengem Dout eng Këscht Kassetten u seng Matschüler schéckt an esou erkläert, firwat hätt dëse Wee gewielt huet.

A genee sou wéi den Titel et versprécht, kritt de Spectateur 13 Grënn fir dem Hannah Baker säi Selbstmord presentéiert, all jeeweils op enger Kassett ze fannen. Dobäi bleift net aus, datt een en déiwe Bléck an dat emotionaalt Séileliewe vun engem Teenager gehäit.

Dat léisst kee kal

Déi éischt Kassette bréngen de sougenannte Steen un d’Rullen a scho ganz séier fanne Frëndschaften en Enn, nach ier se richteg ugefaangen hunn. D’Hannah war nach nei an der Stad a konnt net aschätzen, wéi gewësse Leit ticken, hatt gouf vu senge Gefiller iwwerrannt. Dofir kann (leider) och bal keen him verdenken, datt déi ënnerschiddlech Ereegnesser an der neier Schoul den Ausléiser fir seng 13. Grënn-Lëscht ass.

Wärend dem Kucken neigt de Spectateur séier dozou, dem Hannah Recht an de Matschüler d’Schold u sengem Suizid ze ginn. Mee wéi ass et dozou komm? Wat huet d’Faass zum Iwwerlafe bruecht? Wiem kann e vertrauen?

Gläichzäiteg reegt d’Serie awer och zum Nodenken un – wéi gëtt dat, wat e seet oder mécht, vun aneren interpretéiert? Wéi eng Folge kann et fir deejéinegen hunn? Zemools bei Teenager kann dëst nawell schlëmm Konsequenzen hunn, d‘Noriichte sinn dach voll dovunner.

Beim Hannah hu Cybermobbing an aner brutal Doten dozou gefouert, datt hatt sech net méi hëllefe konnt. Et hat d’Gefill, hatt kéint kengem vertrauen. Et ass anscheinend keen do, deen dem Hannah seet, datt erëm alles besser gëtt …

Nach ëmmer, an ëmmer erëm aktuell

D’Thema vun dëser Serie ass sou no un der Realitéit, datt et scho bal erschreckend ass. An esou ass et nach ëmmer wichteg dëst Thema opzegräifen, och wann d’Serie schonn e puer Joer um Bockel huet.

Et mécht engem Angscht, zemools wann e selwer e puer Teenager am Haus huet. Ma, dat ass gutt esou, et soll een driwwer nodenken an och iwwert déi vereenzelt Handlunge schwätze kënnen. A well d’Themen am Buch (oder an der Serie) gären ënnert den Teppech gekiert ginn, ass et ëmsou méi wichteg, datt se vun anere Medien opgegraff ginn.

Wann nëmmen e puer Leit, déi dës Serie kucken, feststellen datt sech an der Schoul oder am noen Ëmfeld eng Persoun ausgeschloss fillt, ass et villäicht e gudden Ufank op se duerzegoen. Weisen, datt si net eleng ass.

An och wann een weess, datt d’Serie sech ëm dem Hannah säi Suizid dréit, et ginn nawell e puer Iwwerraschungen, déi d’Geschicht fir déi weider Staffele weider spannen. Dobäi ass scho bal tragesch, wéi spannend all Folleg ass …

Opmaacherbild: © Kristina Tripkovic / unsplash

Related topics 13 reasons why, Buch, Gefiller, Hannah Baker, Hëllef, Jay Asher, Netflix, Schold, Selbstmord, Serie, Suizid, Tote Mädchen lügen nicht
Next post Previous post