Search

You may also like

Hëtztwell a Blëtzaschléi…
Auto Neiegkeeten Sport

Hëtztwell a Blëtzaschléi…

D‘Lag an er kanadescher Provënz Brittesch Kolumbien spëtzt sech weider

Wuessenden Onmutt bei der Police
Auto Neiegkeeten Sport

Wuessenden Onmutt bei der Police

Déi jéngsten Aussoen, déi et de leschte Méindeg am Kontext

Éisträich tëscht Lackerungen a Reeswarnungen
Auto Neiegkeeten Sport

Éisträich tëscht Lackerungen a Reeswarnungen

No sechs Woche Confinement ginn an Éisträich d‘Geschäfter nees op.

Skoda Tour vu Lëtzebuerg – De Rot vun der Police

Skoda Tour vu Lëtzebuerg – De Rot vun der Police

Haut Start déi 81. Editioun vum Tour vu Lëtzebuerg um Kierchbierg. Dës Editioun bedréit fënnef Etappen a leeft nach bis Sonndeg mat. An dësem Kontext huet d‘Police nach eng Rei Rotschléi fir d‘Automobilisten, esou wéi Informatiounen zu de Sécherheetsaspekter bereetgestallt.

Gutt virbereet ass een, wann sech um Lafenden hält, wéi eng Stroossen duerch de Passage vum Tour vu Lëtzebuerg impaktéiert sinn. Besonnesch d‘Auerzäite sollt een hei am A behalen, fir keng „Iwwerraschung“ ze erliewen. Dës Informatioune sinn op der offizieller Internetsäit vum Tour anzegesinn. Et sollt een en Ouer um Radio hunn, an dem Trafic-Info Opmierksam nolauschteren.

Wann eng Strooss gespaart ass, dierf se net genotzt/befuer ginn. Datt d‘Cycliste kommen, gëtt duerch en Auto mat engem roude Fändel signaliséiert. Wann dee leschte Coureur laanscht ass, mécht en Auto mat engem grénge Fändel de Passage nees op. Et ass méiglech datt och d‘Police an/oder en Offizielle vum Tour, de Passage fräi gëtt. Et heescht also zu all Ament gutt oppassen.

Gett ee vun engem Polizist ugehalen, huet een esoulaang stoen ze bleiwen, bis den Agent nees d‘Weiderfaart erlaabt. Wärend een do steet ass e gehale d‘Warnblinkanlag ze betätegen. Sollt een entgéint allen Erwaardunge wärend der Course op der „Piste“ sinn, heescht sech riets parken an d‘Warnblinkanlag umaachen an den Instruktioune vun der Police oder den Offizielle follegen.

Illustratioun: © Rob Wingate / unsplash

Related topics Course, Cyclissem, Police, Skoda, Tour vu Lëtzebuerg, Verkéierssécherheet
Next post Previous post