Search

You may also like

geek
De CHEM versicht et mat Innovatioun
International Kultur

De CHEM versicht et mat Innovatioun

Wann et wuel richteg ass, datt een Terrasse vun de

dislike
UNO kierzt de Blohelmer de Budget
International Kultur

UNO kierzt de Blohelmer de Budget

Ënnert dem Drock vun den USA, muss d’UNO de Budget

Gemauschels tëscht Berlin a Paräis: Ass dat d’europäesch Zukunft?
International Kultur

Gemauschels tëscht Berlin a Paräis: Ass dat d’europäesch Zukunft?

Esouguer iwwerzeegten Europäer wäerten eng Kéier musse schlécken. De Posteschacher

Tournage vun „Mission Impossible 6“ ënnerbrach

Tournage vun „Mission Impossible 6“ ënnerbrach

Well sech d’Star Tom Cruise beim Tournage vum sechsten Opus vun der Saga „Mission Impossible“ de Knéchel verknackst huet, hunn d’Dréiaarbechte missen ënnerbrach ginn.

De Schauspiller vu 55 Joer, bekannt dofir seng geféierlech Konschtstécker selwer ze maachen, muss sech dës Kéier iwwerschätzt hunn. Beim Versuch tëscht zwee Gebaier ze sprangen, awer duerch ee Kabel geséchert, huet hien sech un enger Bëtongsmauer gestouss.

An der spezialiséierter Filmpress ass riets vun enger eeschter Verletzung um Knéchel, méiglecherweis e Broch. Den Accident wier schonn e Samschdeg am Zentrum vu London passéiert an et wieren och Biller am Internet ze gesinn.

D’Sortie vu „Mission Impossible 6“ un deem och d’Angela Bassett an den Alec Baldwin Deelhuelen, soll awer wéi virgesinn, 2018 erauskommen. Wéinst dem Virfall ass den Tournage fir zwee Méint ënnerbrach ginn. De Schluss soll elo géint Chrëschtdag gedréint ginn, mellt den Hollywood Reporter.

Am „Variety“, eng aner Bibel vun der amerikanescher Filmbranche, gëtt vun dräi Méint Retard geschriwwen. „Variety“ berifft sech hei op eng anonym Quell „no vun der Produktioun“. Déi wëll wëssen, datt sech den Tom Cruise en zweefache Knéchelbroch zougezunn huet an och un de Hëft blesséiert wier.

Et ass net fir ze fäerten…

Den Tom Cruise gëtt zu Hollywood fir seng Heldenhaftegkeet bewonnert. Wat unhand diverser Virfäll an Angschtmomenter dokumentéiert ass.

Laut dem Annabelle Wallis, den zweete Star aus der Horrorsaga „The Mummy“ hat nach eppes méi fréi am Joer verroden, datt de Cruise ëfters seng „Matspiller“ ermontert, och déi geféierlech Zeene selwer ze maachen. Op der „CinemaCon“ am Mäerz huet d’Wallis erzielt, den Acteur hätt hatt iwwerriet an enger Zeen, wou ee Fliger eroffält, matzemaachen. Eng Zeen déi ouni Problem virum gréngen Ecran hätt simuléiert kënne, an numeresch opgeschafft ginn.

D’Zeen huet an zwee Deeg misse 64 mol widderholl ginn. De fräie Fall vum Fliger aus grousser Héicht wier dann och alles gewiescht, mee just kee Pleséier. „Den Tom ass bekannt dofir, sech ze versécheren, datt de Public déi flottste visuell Erfarung kritt“, esou d’Schauspillerin vun 32 Joer. „Et sprengt ee vu Gebaier a ganz Stied explodéieren. Den Tom mécht alles a besteet drop, datt d’Acteuren dat och maachen“, füügt den Jake Johnson, den dem Tom Cruise säi Sidekick an „The Mummy“ spillt, bäi.

mat AFP

Foto: De Tom Cruise bei engem „The Mummy“ Fan-Event zu New York am Juni (© Angela Weiss/AFP)

Related topics Annabelle Wallis, Jake Johnson, Mission Impossible, The Mummy, Tom Cruise
Next post Previous post