Search

You may also like

Mexiko-USA: Grenzsécherung mat Tréinegas
Neiegkeeten

Mexiko-USA: Grenzsécherung mat Tréinegas

Op der Grenz tëscht Mexiko an den USA, hat et

surprise
Nee zum Plastik: Wann den Afrikaner dir de Wee weist
Neiegkeeten

Nee zum Plastik: Wann den Afrikaner dir de Wee weist

Während mir zu Lëtzebuerg mat engem Präisschëld op der Plastikstut

Salon Révélations zu Paräis – Ee Vernissage mat héijem Besuch!
Neiegkeeten

Salon Révélations zu Paräis – Ee Vernissage mat héijem Besuch!

No enger éischter erfollegräicher Participatioun am Joer 2017 ass Lëtzebuerg

Trafic-Info: Escher Kulturlaf

Trafic-Info: Escher Kulturlaf

Wéinst dem Escher Kulturlaf 2019, kënnt et e Samschdeg 7. September vu 16.30 bis 21 Auer zu temporäre Verkéiersberouegungen

Wéi déi Escher Gemeng matgedeelt huet, gëtt et Ännerunge bei der Verkéiersféierung an den ëmleiende Quartiere vum Streckeverlaf wéi och am Stadzentrum. Hei eng Iwwersiicht vun de betraffene Secteuren:

Den Transitverkéier a Richtung Frankräich gëtt iwwert d‘N4 a Richtung Däitsch-Oth, an iwwert d‘A4, d‘N31 an d‘B40 ëmgeleet. D‘Ëmleedunge sinn op allen Haaptverkéiersachse beschëldert.

An de Quartieren „Al Esch“ a „Brill“, jeeweils bannent dem Perimeter de vun der Uelzechtstrooss, der Kanalstrooss, der Brillstrooss an der Stadhausplaz ass all Form vun Zirkulatioun verbueden. Dat tëscht 16.30 an 21 Auer.

Déi ëffentlech ënnerierdesch Parkingen: Kennedy, Stadhausplaz a Brillplaz bleiwen onverännert zougänglech. Leedeglech den Accès fir de Parking Brillplaz gëtt iwwert d‘Akazie-Strooss an Boulevard Prënz Henri geleet.

Wéinst dem Passage vun der Course, gëtt den CR168 tëscht Belval an Esch-Uelzecht och fir den Zäitraum vu 16.30 bis 21 Auer fir de Verkéier gespaart. Am Quartier Clair-Chêne gi fir de selwechten Zäitraum d‘Stroossen: Léon Weirich, Aloyse Kayser, Karl Marx an Usine gespaart.

D‘Organisateure vun der Course riichten en Appell un all d‘Participanten a Gäscht déi sech op de Site „Belval-Universitéit“ wëlle beginn, dach méiglechst den ëffentlechen Transport ze notzen. Den Accès zum grousse CFL-P&R „Belval Universitéit“ ass och op alle grousse Verkéiersachse beschëldert, woubäi et tëscht 16.30 an 21 Auer och hei dierft zu Behënnerunge kommen.

Foto: © Escher Kulturlaf Asbl

Related topics Belval, Esch-Uelzecht, Escher Kulturlaf
Next post Previous post