Search

You may also like

Déi mobil Equippen hunn a méi wéi 80 Strukture geimpft
International Stories

Déi mobil Equippen hunn a méi wéi 80 Strukture geimpft

Am Kader vun der nationaler Impfcampagne spille mobil Equippen eng

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen
International Stories

Lëtzebuergesch Sprooch ass bei wäitem net ausgestuerwen

Leschten Dënschden goufen an der Stad insgesamt 571 Diplomer un

OPGEPASST: Ochratoxin A an de Bionëss vum Aldi!
International Stories

OPGEPASST: Ochratoxin A an de Bionëss vum Aldi!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt den schnellen europäesche Sécherheetssystem

Déi duebel Tragedie vun den afghanesche Witfraen

Déi duebel Tragedie vun den afghanesche Witfraen

Witfra a Groussmamm, d‘Janat Bibi huet keen erwuessene Mann méi op dat si sech kéint stäipen. D‘Taliban hunn hire Bouf an hir zwee Enkelkanner ëmbruecht, wéi si hire Policebüro iwwerfall hunn.

Dës mäerderesch Dote sinn fir déi äermst Famillje vun den afghanesche Polizisten an Zaldoten eng duebel Tragedie. Si verléieren net nëmmen hir enkst Verwandten, mee och déi Leit déi dofir Suerg gedroen, datt och eppes z‘Iessen am Haus war.

D‘Bibi an déi sëllechen aner Witfrae mussen all Dag kucken, wéi se et sollen hikréien déi 12 Kanner an dësem vun der Welt ofgeschniddenen Duerf vu Shemol – 70 Kilometer vu Jalalabad, der Haaptstad vum Nangarhar (Osten) – sat ze kréien. Et gëtt hei scho fir d‘Männer kaum Aarbecht, fir d‘Fraen ass se quasi inexistent.

„Mi hunn net déi geréngsten Hëllef vun der Regierung kritt, säit mäi Bouf a meng Enkelkanner Doud sinn. Si waren déi eenzeg déi d‘Geld vun dëser grousser Famill verdéngt hunn“, erzielt eis d‘Witfra vu 65 Joer ënner Tréinen, an dësem „Haus“ aus Holz a Leem.

D‘Bibi, Witfra säit der Invasioun duerch d‘Russen an den 80er Joren, hat d‘Entscheedung vun hire „Männer“ matgedroen, wéi déi sech entscheet hunn an den Déngscht vun der Police anzetrieden. Et war gewosst, datt si géifen an der Provënz Zabul, wou stänneg Onrou herrscht, agesat ginn. De Risk datt hinnen eppes géif zoustoussen hunn se a kaf geholl.

Déi afghanesch Sécherheetsleit mussen hei mat héije Verloschter eens ginn, géinteniwwer den Taliban déi keng Rou ginn. Mee déi dräi Léin vun de Männer, hunn 36.000 Afghanis (530 US-Dollar) am Mount abruecht. Vill méi wéi sech hätte kënnen zu Shemol erhoffen.

Säit de Papp doud ass, mussen d‘Kanner vum Bibi senger Famill mat op d‘Felder goen an hire Mamm hëllefen, amplaz an d‘Schoul ze goen. E Lous, dat och déi aner Kanner aus dem Duerf mat hinnen deelen. En Duerf vu 4.500 Awunner an wou eng 900 Männer sech der Police oder Arméi ugeschloss hunn.

All Dag stierwen der méi

„D‘Verloschter klammen all Dag“, seet der AFP den Amir Mohammad, Member vum Provënzrot. Hie bestätegt dann och, datt an de leschte Méint, déi am Asaz verstuerwen zu Dosenden an d‘Duerf zréck bruecht gi sinn.

Ënnert en 330.000 Membere vun der Police an der Arméi, kommen déi meescht aus Dierfer wéi Shemol. Ouni ekonomesch Perspektiv, an engem Land dat säit 40 Joer vum Krich gezeechent ass. Déi Männer hunn net wierklech eng Wiel, si mussen, fir hir Familljen ze ernären, hiert Liewe riskéieren.

A säit d‘NATO sech gréisstendeels zanter 2014 zréckgezunn huet, huelen d‘Zuele vun den Affer net of. De Bilan ass erschreckend: iwwer 2.500 Polizisten an Zaldote sinn eleng an den éischte véier Méint vun dësem Joer ëmbruecht ginn. Zuelen déi esou vum Observatoire vum amerikanesche Kongress (SIGAR) bestätegt goufen.

Tragedie

Hei ass d‘Duerf vum Janat Bibi. Matten an de Bierger geleeën, vun der Welt ofgeschnidden. Iwwer 900 Männer aus dësem Duerf vun 4.500 Awunner hunn d‘Taliban schonn ëmbruecht. Kaum eng Fra kennht hir Rechter, an déi wou se kenne sinn der Korruptioun ausgeliwwert. © Noorullah Shirzada/AFP

Fir déi meescht vun de Fraen, oft Analphabeten, ass et net méiglech ausserhalb ze schaffen. Hir Männer, an d‘Famillje vun hire Männer verbidden et hinnen. Emol Witfra stinn se ouni de Sou do, hu keng Perspektiven.

Et ass wuel eppes wéi eng „Witfraerent“ virgesi wann de Fraen hir Männer als Polizist oder Zaldot ëm d‘Liewe kommen, zumindest bis se sech op e neits bestueden oder d‘Kanner 18 Joer al sinn. Déi meescht vun hinne kennen awer hir Rechter net, a fuerderen déi geschëlt Suen net an, esou e Rapport vun der UNO.

Si mussen zudeem Dokumenter areechen, déi d‘Verwandtschaft mam Verstuerwene beweisen, esou den Aarbechtsministère. „Et ass un ne Nokommen sech ze mellen, kee gëtt zréckgelooss“ deklaréiert e Spriecher, den Abdul Fatah Ahmadzai.

Eng eenzeg Korruptioun

Allerdéngs, esou d‘ONG „Help for Afghan Heroes“, déi eng 5.000 Famillje vun den afghanesche Sécherheetsorganer ënnerstëtzt, déi e Member vun der Famill verluer hunn, ass et d‘Korruptioun, déi dës Fraen drun hënnert, un déi Suen ze kommen, déi hinnen zoustinn.

„Et gëtt vun hinne verlaangt eng gewëssen Zomm ënnert dem Dësch ze bezuelen, fir datt hir Demande opgeholl ka ginn. Mee dat ass Geld, dat déi Fraen einfach net hunn“, iergert sech d‘Nasreen Sharar, vun der ONG.

D‘Famill vum Malekzeda, och e Polizist dee virun zwee Joer duerch en Ugrëff vun de Taliban zu Zabul ëm d‘Liewe komm ass, steet virum selwechte Problem wéi d‘Bibi. Mat 27 Joer, hannerléisst de jonke Polizist eng Fra, eng al Mamm an zwee Kanner, déi sech iergendwéi mussen duerchschloe fir eppes z‘Iessen ze fannen.

„All Dag vu fréi Moies bis spéit Owes sënnere mir d‘Fruucht vun de Felder. Keen huet eis zanter dem Doud vu mengem Bouf gehollef. D‘Liewen ass wierklech schwéier“, erkläert seng Mamm der AFP.

All déi Männer si Poliziste ginn „fir hirem Land ze déngen a Geld ze verdéngen“ ënnersträicht d‘Bibi, mee d‘Famill huet nach net emol en Attest kritt, dee géif bestätegen, datt si an der Police hiren Déngscht geleescht hunn, ganz dovunner ze schweigen, datt de Staat net fir se opkënnt.

Trotz all deem, huet d‘Bibi kee Regret. „Ech si bereet och meng aner Enkelkanner an den Déngscht vun der Police ze stellen. Fir eist Land, fir eis Fräiheet“.

mam Noorullah Shirzada/AFP

Foto: Op dësem Bild vum 25. Oktober, gesi mer d‘Witfra Janat Bibi, bei der Spull. Si lieft zanter dem Doud vun hirem Bouf an den zwee Enkelkanner, déi als Polizisten zu Zabul am Déngscht vun den Taliban ëmbruecht gi sinn, ouni Akommes, ouni Hëllef. © Noorullah Shirzada/AFP

Related topics Afghanistan, Arméi, Police, Taliban, WItfra
Next post Previous post