Search

You may also like

Klengbettener Millen: Eng Nuddel fir de gudden Zweck!
Neiegkeeten

Klengbettener Millen: Eng Nuddel fir de gudden Zweck!

Ab e Méindeg, de 14. Juni an nach bis de

En onrouege Weekend fir d‘Lëtzebuerger Polizisten
Neiegkeeten

En onrouege Weekend fir d‘Lëtzebuerger Polizisten

Et war de Weekend vun de Rabbel- a Klatzkäpp. An

EU-Parlament setzt Chef-Diplomat op d‘Plaz
Neiegkeeten

EU-Parlament setzt Chef-Diplomat op d‘Plaz

Et war den éischte Besuch vun engem EU-Diplomat zu Moskau

Tragedie um Mëttelmier: 200 Mënschen erdronk

Tragedie um Mëttelmier: 200 Mënschen erdronk

Dëser Deeg riskéieren nees dausende Mënschen d‘Flucht iwwert d‘Mëttelmier an dat oft mat Schlauchbooter déi fir eng Iwwerfahrt net ausgeluecht sinn. Esou hunn dëse Weekend als nees méi wéi 200 Migrante virun de libescher Küst de Wee Richtung Europa mam Liewen bezuelt.

Iwwerliewender hunn den Rettungsequippen an der Küstewaach vun Italien an Libyen vun direkt ee puer Booter erzielt déi sollen ënnergaange sinn. An engem Fall, esou italienesch Medien, soten d‘Migranten, datt hiert Schlauchboot d‘Loft verluer hätt nach iert d‘Rettungsequippen op der Plaz gewiescht wären. Dobäi eleng wieren 60 Mënschen erdronk.

D‘Agence Reuters zitéiert eng Meldung vun der libescher Küstewaach: „Siwen Iwwerliewender hätte bericht, datt hiert mat 170 Migranten iwwerluedent Boot ënnergaange wier.“ D‘Flüchtlingswierk vun der Vereente Natiounen huet ee Boot mat 132 Refugiéeën gemellt, datt schonns leschte Freideg net wäit vun der libescher Küst ënnergaangen ass. Hei konnten den Informatioune no nach just 50 Leit vun engem Handelsschëff gebuerge ginn.

Un der libescher Küst sinn dann och sëlleche Läichen fonnt ginn, dorënner och déi vun engem klenge Kand. Säit ee Freideg konnten awer och ronn 6.600 Migranten um Mëttelmier a Sécherheet bruecht ginn.

Säit ugangs vun dësem Joer hunn sech knapp 45 dausend Mënschen op Booter iwwert d‘Mëttelmier a Richtung Europa gemaach. De gréissten Deel iwwert déi zentral Route vun der libescher Küst aus. Se kommen meeschtendeels aus de Südsaharastaaten wéie Nigeria, Eritrea an Gambia. Laut der internationaler Organisatioun fir Migratioun sinn säit Joresufank wäit iwwer dausend Mënschen ëm d‘Liewen komm. 2016 waren et der iwwer fënnef dausend.

Next post Previous post