Search

You may also like

Nächsten Dënschdeg huet et en neit Covid19-Gesetz
Kultur Neiegkeeten Sport

Nächsten Dënschdeg huet et en neit Covid19-Gesetz

Am Kontext vum neie Govid19-Gesetz, datt déi aner Woch an

Maach däin Antigen-Schnelltest an der Apdikt
Kultur Neiegkeeten Sport

Maach däin Antigen-Schnelltest an der Apdikt

Entspriechend dem leschte Stand, bezunn op d‘Kommunikatiounsfreedegkeet vun der Santé,

Bréissel wëll d‘Rechter vun der LGBTQI-Communautéit stäerken
Kultur Neiegkeeten Sport

Bréissel wëll d‘Rechter vun der LGBTQI-Communautéit stäerken

Der EU-Kommissioun ass elo och opgefall, datt d‘Diskriminéierung vu sexuelle

Trail & Trekking: Op der Sich no flotten Trëppelweeër

Trail & Trekking: Op der Sich no flotten Trëppelweeër

Een Trekking-Grupp aus der Belsch ass op der Sich no moleresche Wandertouren, alen Trëppelweeër an anere vergiessene Spadséierspuren. Bei dëser naturbezunnener Sich kënnt och Dir gäre mathëllefen!

An der touristescher Geschicht vun den Trëppeltouren huet dëse Grupp mëttlerweil vill geleescht. Sou hu si beispillsweis schonn eng Rei Informatiounen iwwert d’Weeër vum Eifelveräin an d’Touristen-Touren duerch Al Léck erausbruecht. Momentan fueren si mat de Weeër vum belschen Touring Club an aneren Associatioune virun.

Wien elo interesséiert ass, sech dat Ganzt emol unzekucke sollt um Site www.trekkings.be laanscht kucken. Fir direkt Informatioune kann ee sech ënnert der E-Mail Adress fb256406@skynet.be oder via Telefon (0032 486 860 373) mellen.

Den Trekking-Grupp aus der Belsch schätzt déi al Weeër an verbréngt gäre seng Zäit aktiv dobaussen. Och zu Lëtzebuerg ginn et nach vill vun dësen alen Trëppelweeër, wéi beispillsweis den Tour vun 1910 an der Vallée d’Our. Sollt Dir hei nach aner interessant Touren kennen kënnt Dir Iech ënnert den uewe genannte Kontaktadresse mellen.

Related topics Belsch, Eifelveräin, Trekking, Vallée d'Our, Wanderen
Next post Previous post