Search

You may also like

Nëmme richteg Bicherwierm packen et duerch dëse Bibliothéike-Quiz
Neiegkeeten

Nëmme richteg Bicherwierm packen et duerch dëse Bibliothéike-Quiz

[onionbuzz quiz-id=106][/onionbuzz] Bibliothéike sinn immens: Do fënns de dausende vun

EU-Ausseministersommet zu Iran a Libyen
Neiegkeeten

EU-Ausseministersommet zu Iran a Libyen

Beim Sommet vun den Ausseminister stoung eng grouss Fro am

ALAN KURDI zu Olbia festgesat 
Neiegkeeten

ALAN KURDI zu Olbia festgesat 

E Freidegowend huet déi italienesch Küstewuecht d’ALAN KURDI no enger 8

Stater Tram: Elo och vum Kierchbierg bis op d’Gare

Gëschter hu S.A.R. de Groussherzog, de Vize-Premier an Transportminister François Bausch, an d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, zesumme mat de Responsabele vu Luxtram an e puer offiziellen Invitéen déi véier nei Statioune vum Tram offiziell ageweit.

Den Tramsreseau zielt mëttlerweil ëm 8 Kilometer a 15 Statiounen, dovunner 5 Ëmstiegplazen. Nodeems um 10. Dezember 2017 nämlech den éischten Ofschnëtt – Luxexpo, Rout Bréck-Pafendall – ageweit ginn ass, koum en halleft Joer drop den Ofschnëtt Theater, Faïencerie, Stäreplaz /Étoile dobäi. Mat den Haltestellen Hamilius, Place de Metz, Paräisser Plaz/Place de Paris a Gare Centrale ass d’Verbindung vum Kierchbierg bis op d’Gare da komplett.

Tram

D’Méiglechkeet huet ee genotzt, fir zousätzlech zum Tramschantier och de Ronderëm ze moderniséieren an unzepassen. Schliisslech huet de kompletten Trafic missen un d’Besoinen ugepasst ginn. D’Avenue de la Liberté krut e puer Beem bäi, déi sech nohalteg entwéckele kënnen, de planzleche Patrimoine vun der Stad Lëtzebuerg beräicheren a fir e méi schéint urbaant Bild suergen.

Ma, duerch nei Technologien zur Energiespäicherung leeft den Tram beim e Sonndeg ageweiten Streckenofschnëtt ouni Uewerleitung. Laut Luxtram befanne sech bei all Arrêt sougenannt Super-Kondensatoren iwwert déi sech d’Gefier fir 20 Sekonnen uschléisst an opluet, fir esou bei den nächsten Arrêt ze kommen.

Et gëllt awer wuechtsam ze bleiwen: Doduerch datt dëst Transportmëttel quasi kee Kaméidi mécht, sollt ee besser zwee Mol kucken ier een d’Stroossen oder d’Plattformen passéiert. An dësem Kader ass och d’Sensibiliséierungscampagne „Haalt Aen an Oueren op!“ lancéiert ginn.

Den Tram a Zuelen

Bis 2021 soll den Tramreseau ganzer 16 km a 24 Haltestellen zielen. Heivir sinn 32 Gefierer a 565 Milliounen Euro Budget virgesinn. D’Luxtram-Ekipp zielt aktuell 145 Persounen, dovunner 28 nei Chauffeuren déi viru kuerzem ausgebilt gi sinn.

Notze kann een den Tram vu Méindes bis Sonndes. An der Woch fiert en vu 5:45 bis 20:00 Auer all 5 Minutten, do dertëscht all 8 bis 15 Minutten. Samschdes zirkuléiert en vun hallwer 1 Mëttes bis hallwer 7 Owes och am 5-Minutten-Takt, respektiv all 5 bis 10 Minutten do dertëscht. Um Sonndeg fiert en all 10 Minutten tëscht 11:25 an 18:45 Auer, ausserhalb dovunner all 15 Minutten.

Tram

An dësem Kader erënnere mir drun, datt duerch d’Abetribnam vum Tram de Stater Bus-Reseau geännert ginn ass. D’Informatiounen dozou fannt Dir op newbus.vdl.lu, op der neier cityapp-VDL an op mobiliteit.lu.

Billergalerie: © VDL / Charles Soubry

Related topics Aweiung, Ëffentlechen Transport, François Bausch, Gare Centrale, Haltestellen, Hamilius, LuxTram, Lydie Polfer, Paräisser Plaz, Place de Metz, S.A.R. de Groussherzog Henri, Sensibiliséierungscampagne, Tram-Reseau
Next post Previous post