Search

You may also like

Néng katalanesch Separatiste begnodegt
Neiegkeeten

Néng katalanesch Separatiste begnodegt

Nodeems d‘Monarchisten an d‘Nationalisten déi lescht Woch zu Madrid eng

Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill MELLIS Hunnegbéier

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

surprise
Israel interesséiert sech fir den Äerdtrabant
Neiegkeeten

Israel interesséiert sech fir den Äerdtrabant

Um 3.45 Auer zu Cape Canaveral, war de Countdown ofgezielt,

Wéini kënnt den Tram fir Dikrech an Ettelbréck?

Wéini kënnt den Tram fir Dikrech an Ettelbréck?

Datt den Tram an der Stad grad wéi d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport ee Succès sinn, dat ass an der tëscht kee Geheimnis méi an et soll jo och weiderhin alles ënnerholl ginn, den ëffentlechen Transport nach méi attraktiv ze maachen. An dëser Hisiicht gëtt et jo entspriechend Pläng, woubäi en DP-Deputéierten da wollt vum Transportminister wëssen, wat fir den Norde virgesinn ass.

Béid Stied, Dikrech an Ettelbréck (vun deenen sech erhofft gëtt, datt si mat nach 3 anere Gemenge sollen zur Nordstad fusionéieren) erliewe jo ee groussen demographeschen Zouwuess, wat sech och op de Verkéier ganz allgemeng auswierkt. Dat huet den Deputéierten André Bauler ermontert den Transportminister ze froen, ob et Pläng fir en Nordstad-Tram huet a falls jo, wou een drun ass?

A senger Äntwert preziséiert den Transportminister François Bausch, datt den Ament kee Plang fir en Nordstad-Tram besteet. Zum enge géif et eng Eisebunnsverbindung tëscht Dikrech an Ettelbréck, zum anere wier d‘Regioun ze ländlech an een Tram däitlech iwwerdimensionéiert. Dat soll net heeschen datt ee guer keng Pläng fir d‘Regioun an fir d‘Nordstad am besonneschen am Tirang hätt.

Vum Transportministère soll dann och schonn Enn 2021 ee „multimodalen Transportsystem“ zum Horizont 2035 presentéiert ginn. Dëse schléisst dann och d‘Nordstad mat an. Hien erënnert dann och dorunner, den nationale Mobilitéitsplang net fir all Regioun ee partikulare Mobilitéitssystem virgesäit. D‘Zil vum Mobilitéitsplang ass et de Leit eng méiglechst koherent Offer ze ënnerbreeden.

Illustratioun: © Hidde Schalm / unsplash

Related topics Dikrech, Ettelbréck, Mobilitéit, Nordstad, parlamentaresch Fro 3231, Tram
Next post Previous post