Search

You may also like

US-Veto blockéiert UN-Resolutioun zu Jerusalem
Neiegkeeten

US-Veto blockéiert UN-Resolutioun zu Jerusalem

Wéi erwaart hunn d‘USA um Méindeg hire Veto géint eng

Géint Dreeungen a Respektlosegkeet an der Maternité
Neiegkeeten

Géint Dreeungen a Respektlosegkeet an der Maternité

Scho fir déi 8. Kéier fënnt um 25. November 2020

De Maître Gaston Vogel ass veriergert
Neiegkeeten

De Maître Gaston Vogel ass veriergert

A sengem Blog „Gaston Vogel Online“ huet eng vun de

Méi Qualitéit um Büro an am Homeoffice: Gesond an ëmweltfrëndlech schaffen

Méi Qualitéit um Büro an am Homeoffice: Gesond an ëmweltfrëndlech schaffen

Ob Teletravail oder um Büro, et ginn divers Moyenen, wéi een seng Aarbechtsplaz méi nohalteg, responsabel a gesond gestalte kann. Vum Material, bis hin zum richtege Lëften, angenehmer Beliichtung an dem richtegen Ëmgang mam Equipement ass et guer net emol esou schwéier e Beitrag fir d’Ëmwelt a sech selwer ze leeschten.

Bei den Transition Days steet dëse Mount alles ënnert dem Thema „Büro“. Nodeems viru kuerzem d’Virdeeler vu lokale Suen diskutéiert gi sinn, huet dës Kéier d’Ëmweltberodung (EBL) e kreativen an interaktiven Workshop ofgehalen, wéi e frëndleche, gesonden an ëmweltbewosste Büro sollt ausgesinn.

Projet „Ech kafe clever“

Weltwäit gi pro Joer ëm 338 Milliounen Tonne Pabeier genotzt. Géif een dës Quantitéit a Form vu A4-Blieder unenee leeën, géif et eng Streck vu ganzer 50 Aller-Retouren bei d’Sonn erginn. Dobäi ginn 175 kg CO2 fir d’Produktioun vun enger Tonn neie Pabeier ausgestouss. Ma, dat ass awer elo just ee Beispill vu Material, wat am alldeegleche Büro genotzt gëtt.

Passend heizou huet d’Ëmweltberodung eng Lëscht mat Material erstallt, bei där d’Entreprise sollten uginn, wat bei hinnen u Material genotzt gëtt, wat een dovunner nofëllen oder recycléiere kann a wat keng Schuedstoffer enthält. Verbesserungsbedarf gëtt et op alle Fall, a wien als Entrepreneur op Nummer sécher goe wëll, dee sollt nom Label „Clever akafen“ vun der SuperDrecksKëscht kucken, an/oder e Bléck op d’Campagne „Ech kafe clever“ werfen.

Gesond an ëmweltfrëndlech schaffen

Eise Frënd, de Computer

Elektresch Apparater, wéi och den Internet friessen vill Stroum. Eleng fir den Internet mat Energie ze versuergen braucht ee laut der EBL ongeféiert 350 Mol méi Stroum weltwäit, wéi ganz Lëtzebuerg benéidegt. Wouru vill Leit nämlech net denken ass, datt net nëmmen de Router an de Computer mat Stroum musse versuergt ginn, mee och déi ganz Systemer ënnert anerem Energie fir d’Killung mussen hunn.

Wien d’Bildschiermhellegkeet ëm 60% erofschrauft, deet dobäi net nëmmen sengen Aen eppes Guddes, mee spuert och nach 25% Energie an. Dës weideren sollten oppe Fënsteren (Tabs), déi net genotzt ginn, zougemach, onnéideg Emailen desabonnéieren an d’Gréisst vun den Dokumenter op e Minimum reduzéiert ginn. All dat spuert Stroum a Späicherplaz.

Dat ass awer nach laang net alles! Wien eng eegen Websäit huet, kann dës nämlech esou gestalten, datt manner Energie verbraucht gëtt. Heivir huet d’EBL a Kollaboratioun mat Autisme Luxembourg eng speziell Analys entwéckelt. Entsprécht d’Säit alle Kritären, kritt een de Label „Grénge Web“ iwwerginn.

Gesond an ëmweltfrëndlech schaffen

Déi richteg Beliichtung, intelligent Lëften an heizen

Bei der Presentatioun gouf weider erkläert, datt déi ideal Luucht am Büro, nieft dem Dagesliicht, eng Beliichtungsstäerkt vu 500 LUX ass. Dëse Wäert kann ee mëttlerweil einfach mat enger App um Smartphone testen (z.B. mat Lux Light Meter Free oder och Lichtmeter).

Eng Recommandatioun ass et, an den Entreprisen a Butteker nom Feierowend d’Luucht ganz auszemaachen. Just dann, wann et néideg ass, sollt d’Beliichtung u sinn, d’Intensitéit dovunner reduzéiert sinn. Gerode gëtt och dozou déif Temperaturen – ënnert 3000 Kelvin – ze notzen.

Komme mir elo zum Lëften. Déi meescht vun eis hu wuel d’Ugewunnecht Fënsteren op Kipp ze loossen. Schliisslech gëtt een esou am Beschte mat frëscher Loft versuergt! Ma, dëse Mythos gouf bei der Presentatioun opgekläert. Mat der dauerhaft gekippter Fënster kënnt zwar Keelt eran, d’Loft erneiert sech awer net. Punktuellt Stousslëften ass méi sënnvoll an effikass. Dofir sollten e puer Mol am Dag d’Fënstere fir 4-10 Minutte grouss opgerappt ginn.

Gesond an ëmweltfrëndlech schaffen

Grad elo am Wanter kënnt doropshin dat nächst Mëssgeschéck. T’ass gelëft, mee richteg kal. Doropshin gëtt d’Heizung bis op de Maximum opgedréint, sou dass d’Temperatur méi schnell klamme soll. Genee dat ass awer net de Fall: Eng Heizung gëtt um Maximum just maximal waarm. Un dat reegelméissegt Entlëfte vum Heizkierper sollt een natierlech och denken.

Déi ideal Temperatur fir ze schaffen läit bei 20°C. Ma, fir unzefänke sollt een dem eegene Kierper emol Zäit gi sech ze akklimatiséieren. E Mann braucht dobäi ëm 5 Minutten, d’Fra ronn 20 Minutten, fir sech un den Ëmschwong ze gewinnen. Dësen Ënnerscheed tëscht de Geschlechter ass iwwregens op d’Anatomie vum Kierper zeréckzeféieren: De Mann huet vun Natur aus méi Muskelen, déi säi Kierper méi schnell mat Wiermt versuerge kënnen.

Gesond an ëmweltfrëndlech schaffen

Ass Teletravail eng ekologesch Léisung?

Dës Fro gouf zum Schluss opgeworf. Fir eng Äntwert dorop ze fannen, huet d’EBL divers Etüden analyséiert, woubäi huet misse festgestallt ginn, datt genee déi Enquêten, déi Homeoffice als immens positiv duerstellen, net iwwert de Bord vum Teller erauskucken.

Natierlech kënnt et zu manner Trafic op de Stroossen an am Büro gëtt manner Energie verbraucht. Gläichzäiteg klëmmt den Energieverbrauch Doheem un an et kënnt och zu méi privaten Trajeten. Eng Etüd, déi den Teletravail neutral bewäert huet, konnt och erausfannen, datt Persounen déi vill vun Doheem aus schaffen gären méi wäit vum Büro fort wunnen. Grad zu Lëtzebuerg ass dëst duerch déi héich Wunnengspräisser ze erklären. Muss een dann awer emol bis bei de Patron, ass de Wee natierlech méi laang.

D’Ëmweltberodung réit dozou, kloer Grenzen tëscht dem professionellen a private Liewen ze zéien a Pausen net ze vergiessen. Homeoffice bréngt Flexibilitéit mat sech, wouduerch een och emol Weekends an a senger Fräizäit „just nach kuerz eppes erleedegt“. Genee do sollt ee sech Limitte setzen.

Gesond an ëmweltfrëndlech schaffen

Net nëmme sech selwer, mee och dem Computer sollt dobäi eng Paus gegënnt ginn. An net vergiessen: Genéisst d’Dagesliicht, zitt och emol de Stecker a vergiesst d’Stousslëften net!

Opmaacherbild: © Kevin Bhagat / Unsplash

Related topics Büro, Clever Akafen, Ech kafe Clever, Ëmweltberodung, ëmweltfrëndlech, Gesondheet, Grénge Web, Homeoffice, Lëften, Pabeierverbrauch, Stroumverbrauch, Teletravail, Transition Days
Next post Previous post