Search

You may also like

De Xavier Bettel empfänkt d‘Nancy Pelosi
Neiegkeeten

De Xavier Bettel empfänkt d‘Nancy Pelosi

Am Kontext vun hirem Deplacement am Kader vun der Commemoratioun

Nëmme wann s du hei 7 Froen richteg beäntwers, weess de iwwert de Weste vum Land Bescheed!
Neiegkeeten

Nëmme wann s du hei 7 Froen richteg beäntwers, weess de iwwert de Weste vum Land Bescheed!

[onionbuzz quiz-id=103][/onionbuzz] Réiden ass den zweetgréisste Kanton vun eisem Land.

Äre Projet (m)am Naturpark
Neiegkeeten

Äre Projet (m)am Naturpark

Déi dräi Naturparken: Uewersauer, Our a Mëllerdall ruffen an Zesummenaarbecht

Transition Days Podcast: Bewosst duerch d’Liewe goen (Episode 1)

Den Invité vun dëser Folleg ass den Johny Diderich

Transition Days Podcast: Bewosst duerch d’Liewe goen (Episode 1)

Wéi kënne mir all zesummen op engem Planéit Liewen? Am Kader vun den Transition Days gëtt no de verschidden Äntwerten a Léisungsweeër op dës Fro gesicht. Ma, elo gouf den Transition Days Podcast lancéiert, dee vum Schrëftsteller Luc Spada moderéiert gëtt.

Geplangt ass, datt all Mount eng Episode vum Wandel-Podcast verëffentlecht gëtt, bei deem ee bestëmmt Thema am Fokus steet. Parallel dozou lafen Evenementer, déi sech ob den Inhalt vun der Folg bezéien. Op der Sich no enger besserer Welt an de Problemer déi et ze léise gëllt ass ëmmer erëm een Invité mat dobäi, dee seng Siicht op d’Welt, säi Liewensmodell an de Wee zu méi Nohaltegkeet presentéiert.

Kënnt et aus dem eegene Gaart, weess een och de Wäert ze schätzen

Bei der éischter Episod vum Podcast huet de Luc Spada sech den 43 järegen Déifferdenger Johny Diderich zur Säit geholl. Senger eegener Ausso no, huet hie säi Liewen gréisstendeels esou gelieft, wéi hie sech et virgestallt huet. D’Gesellschaft ass awer anescht gestréckt wéi hien an esou war säi Wee net ëmmer einfach. Schnell huet hien awer gemierkt: Wat mech net erfëllt, mécht mech onglécklech.

E Liewen, an deem ee säin Alldag bewosst erlieft a mécht, wat ee gären huet, ass déi iewescht Prioritéit. An enger Welt, déi haaptsächlech am Kapitalismus an am iwwerméissege Konsum lieft, gi Liewensgrondlagen a ganz Ekosystemer zerstéiert.

Als quasi Selbstversuerger hieft den Johny ervir, datt Nohaltegkeet kee Verzicht, mee e Gewënn ass. Mat regionalem a lokalem Iessen ënnerstëtzt een d’Betriber an der Géigend, kënnt d’Iessen direkt aus dem Gaart weess een och wat drastécht.

Wisou dann net och kache léieren, sech zesummen doen, gemeinsam kachen, d’Kichen souguer op d’Strooss bréngen, d’Owenter genéissen a sech nees méi Zäit huelen. D’Liewe besteet aus méi, wéi just schaffe goen, en Haus kafen, en décken Auto fueren an trotz all deem Besëtz onglécklech ze sinn.

Related topics Klimawandel, Liewensmodell, Luc Spada, Nohaltegkeet, Podcast, Regional Produiten, Selbstversuerger, Transition Days, Zesummeliewen
Next post Previous post