Freedefeier op Silvester: Fantastescht Geknupps oder Ëmweltatastroph?
Haut den Owend geet nees ee Joer op een Enn.
Haut den Owend geet nees ee Joer op een Enn.
Wann et zoutrëfft datt kee Mënsch fräi ass vu Feeler,
De Gemengewahlkampf mécht den Optakt fir dräi Joer Wahlkampf um
Beschäftegt ee sech mat der Energiewende, kënnt een net drëm erëm, sech och mam Klimawandel ze beschäftegen. Deenen engen hänkt dëst Wuert wuel zu den Oueren eraus, fir déi aner ass de Begrëff mat Onsécherheet verbonnen. D’Thema ass abstrakt an d’Gesellschaft gëtt seng Angscht net lass, datt d’Moossnamen, déi ergraff musse ginn, fir an Zukunft klimaneutral ze liewen, Verzicht an e Réckgang u Wuelergoe bedeiten.
Nodeems den 38 järegen Sebastian Dietz zu Berlin „regenerative Energiesysteme“ studéiert huet, ass hien elo Doktorand un der Uni.lu zum Thema Energieeffizienz, sou wéi och President vun der EnerCoop Uelzechtdall. Als Expert op sengem Gebitt befaasst hie sech dagdeeglech mat der Problematik vun den aktuellen Energien, den Ängschte vun der Gesellschaft an de Konzepter an Iddien déi ee braucht, respektiv déi et ginn, fir eng liewenswäert Zukunft opzebauen.
Hien ënnersträicht, datt mat de steigenden Temperaturen och d’Liewensbedingungen radikal an a kuerzer Zäit änneren. Iergendwann erreeche mir de Punkt, un deem mir aus dem Krisemodus net méi erauskommen, wouduerch schnell gehandelt muss ginn. Grondleeënd muss eiser aller Verhale sech änneren, an dat ass weder mat Verloscht, nach mat Verzicht verbonnen. Op sympathesch a verständlech Aart a Weis erkläert de Sebastian Dietz wou de Gewënn bei der Energiewende läit.
An dësem Kader geet hien och op d’EnerCoop Uelzechtdall an, bei där all Mënsch aktiv ka ginn. Op der enger Säit ginn hei nëtzlech Informatioune vermëttelt. Op der anerer Säit kann een och Undeeler kafen, mat deenen uschléissend d’Projeten zum Aspuere vun CO2 ënnerstëtzt ginn.
Wéi kënne mir all zesummen op engem Planéit Liewen? Am Kader vun den Transition Days gëtt no de verschidden Äntwerten a Léisungsweeër op dës Fro gesicht. Ma, elo gouf den Transition Days Podcast lancéiert, dee vum Schrëftsteller Luc Spada moderéiert gëtt.
Geplangt ass, datt all Mount eng Episode vum Wandel-Podcast verëffentlecht gëtt, bei deem ee bestëmmt Thema am Fokus steet. Parallel dozou lafen Evenementer, déi sech ob den Inhalt vun der Folg bezéien. Op der Sich no enger besserer Welt an de Problemer déi et ze léise gëllt ass ëmmer erëm een Invité mat dobäi, dee seng Siicht op d’Welt, säi Liewensmodell an de Wee zu méi Nohaltegkeet presentéiert.