Search

You may also like

money
De politesche „Finanzfeminismus“
Kultur Neiegkeeten

De politesche „Finanzfeminismus“

Geet en nom Wëlle vum Ursula von der Leyen, soll

En Englänner zu Paräis
Kultur Neiegkeeten

En Englänner zu Paräis

Et sinn nach ronn 70 Deeg bis zum Brexit an

What the Fakt – de Gebuertsdag vun der Konscht
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – de Gebuertsdag vun der Konscht

D’Konscht setzt sech mat der Gestaltung aus de verschiddenste Materialen,

Transition Days Podcast: Eraus aus dem Büro, eran an de Gaart (Episod 3)

Den Invité vun dëser Folleg ass d'Rita Demart

Transition Days Podcast: Eraus aus dem Büro, eran an de Gaart (Episod 3)

Am Kader vun den Transition Days stoung de Mount Dezember ënnert dem Motto „Büro“ an alles wat domat zesummenhänkt. Jo, mir sinn e bëssi spéit un, an awer wëlle mir Iech déi 3. Episod vum Podcast net virenthalen. Dës Kéier hat de Moderator Luc Spada d’Rita Demart vun Transitioun Uelzechtdall vis-à-vis sëtzen. Zesumme mat enger gudder Frëndin huet hatt decidéiert, säin aalt Liewen hannert sech ze loossen an e Geméisgaart nom Prinzip vun der solidarescher Landwirtschaft ze grënnen.

D’Rita huet jorelaang am Kultur- an Evenementberäich geschafft. Säi spannende Beruff huet hatt all Dag virun nei Erausfuerderunge gestallt a gläichzäiteg zefridde gemaach. Mee grad wärend der Pandemie krut hat vill Zäit vir doriwwer nozedenken, wou hatt steet a wou de Wee higoe soll. Schliisslech koum d’Rita zum Entschloss, datt d’Vereene vum professionelle Liewen mat senge privaten Astellungen an Ziler hatt méi erfëlle géif.

Als Quereinsteiger stinn hatt a seng Frëndin Hannah elo ganz am Ufank vun hirem Projet. Wärend si am Stage Methoden a Kenntnisser bäibruecht kréien, kucke si sech och schonn existent Projeten un an zéien doraus hir Réckschlëss, sou datt et an noer Zukunft eraus aus dem Büro, an eran an de Gaart goe soll.

Zil vum Geméisgaart nom Prinzip vun der solidarescher Landwirtschaft soll et sinn, datt de Client/Member ee bestëmmte Präis bezilt an dofir all Woch e Kuerf mat saisonalem a regional ugebautem Geméis geliwwert kritt. Ma, de Projet ass awer keen einfache „Liwwerdéngscht“. Et stécht vill méi dohannert.

Rita

Zum engen geet et dorëm eng Plaz ze gestalten, déi Mënschen aus enger Géigend zesummebréngt, déi sech anescht vläicht ni getraff hätten. Kontakt mat den Noperen hu mir wuel all, mee wie kennt dann nach wierklech aner Duerfbewunner?

Dës weideren ënnerstëtzt ee mat sengem Beitrag d’Sensibiliséierung an den Informatiounsräichtem. Wéi funktionéiert e Gaart? Wéi planzt een un? Wien stécht dohannert? A wéi eng Produiten wuessen a wéi enger Form zu wéi engen Zäiten? Deementspriechend ginn natierlech och nei Rezepter an der Kichen ausprobéiert.

Einfach blann akafen goen op wat ee grad Loscht huet, ouni d’Hannergrënn vum Produit ze kennen, ass mëttlerweil zum (trauregen) Alldag ginn. Selwer produzéieren a mat eegenen Aen ze gesinn, wéi d’Aarbecht Friichten dréit, ass dach vill méi wäertvoll – an e bessere Goût huet et op alle Fall!

Weider Hannergrondinformatiounen zum Rita senger Entscheedung an dem Projet mam Geméisgaart fannt Dir an dësem Video:

Zum Podcast

Wéi kënne mir all zesummen op engem Planéit Liewen? Am Kader vun den Transition Days gëtt no de verschidden Äntwerten a Léisungsweeër op dës Fro gesicht. Ma, elo gouf den Transition Days Podcast lancéiert, dee vum Schrëftsteller Luc Spada moderéiert gëtt.

Geplangt ass, datt all Mount eng Episode vum Wandel-Podcast verëffentlecht gëtt, bei deem ee bestëmmt Thema am Fokus steet. Parallel dozou lafen Evenementer, déi sech ob den Inhalt vun der Folg bezéien. Op der Sich no enger besserer Welt an de Problemer déi et ze léise gëllt ass ëmmer erëm een Invité mat dobäi, dee seng Siicht op d’Welt, säi Liewensmodell an de Wee zu méi Nohaltegkeet presentéiert.

Related topics Geméisgaart, Iesswueren, Lokal, Luc Spada, Rita Demart, Sensibiliséierung, Solidaresch Landwirtschaft, Transition Days Podcast, Transitioun Uelzechtdall
Next post Previous post