Search

You may also like

D’Schwéngspescht ass nach net erliminéiert!
Neiegkeeten

D’Schwéngspescht ass nach net erliminéiert!

No engem Communiqué vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau an ländlech

D‘Briten demonstréiere géint de Boris
Neiegkeeten

D‘Briten demonstréiere géint de Boris

Honnerte Londoner hu gëschter an de Stroossen géint de Boris

Sozialiste gewannen d‘Parlamentswahlen a Portugal
Neiegkeeten

Sozialiste gewannen d‘Parlamentswahlen a Portugal

Bei de Parlamentswahlen a Portugal huet dem amtéierende Ministerpresident António

Transition Days Podcast: Handlunge ginn net duer, mir mussen ëmdenken (Episod 4)

Den Invité vun dëser Folleg ass d'Katy Fox

Transition Days Podcast: Handlunge ginn net duer, mir mussen ëmdenken (Episod 4)

Am Kader vun den Transition Days steet dëse Mount ënnert dem Motto „Schlofzëmmer“. Dobäi gëtt gekuckt, wéi ee sech beschtméiglech erhuelen an zur Rou komme kann, fir voller Energie an den Dag ze starten. Heivir huet sech de Moderator Luc Spada d’Katy Fox, Ecosocial Designer a Grënnerin vum CELL, virun d’Kamera gezunn.

Dass Handlungen am Sënn vu der Nohaltegkeet eleng net duerginn, mee et och ee Changement bei der Denkweis vun de Leit dobausse muss ginn fir op laang Siicht déi gewënschten Erfolleger z’erreechen, war dem Katy Fox zimlech schnell kloer. An der Transition Beweegung huet hatt schliisslech déi Inspiratioun fonnt, no där hatt gesicht hat. Aus senge Kenntnisser an Zukunftsvisiounen eraus huet hatt schliisslech de Center for Ecological Learning Luxembourg, besser bekannt als CELL, gegrënnt.

D’Projeten an Aktiounen, déi iwwert dësen Zenter organiséiert ginn, solle Raum zur Reflexioun a Plaz zum Ëmdenke schafen. Eng Handlung ass nämlech net einfach just eng Handlung. Si ass mat engem Impakt op d’Zukunft verbonnen, wat hautdesdaags oft vernoléissegt gëtt.

Méi genee kann ee sech dat unhand vun engem Gaart virstellen. Et geet net just dorëm, e bëssi Geméis ze planzen, mee esou virzegoen, dass een méi wäit kuckt. Wat maachen ech herno mat de Produiten? Fir wéi vill Leit geet et duer? Ass mäi Geméis iwwerhapt heemesch oder kéint ech villäicht eng Zort planzen, déi méi un dës Géigend ugepasst ass?

D’Katy erkläert, dass et heibäi och vill ëm Kontroll geet. Wëll een um Beispill eng spezifesch Planz net méi, hëlt een se einfach ewech. Dës Handlung huet awer Auswierkungen op de ganzen Ekosystem.

Bei de gemeinsame Projeten soll et dann och dorëm goen, dass een déi néideg Rou fir sech selwer fënnt an am Grupp dee Mënsch ka sinn, deen een ass. Jiddwereen huet emol e schlechten Dag, et ass ee bedréckt oder nodenklech. Kee vun eis ass eng Maschinn.

Beim Interview huet de Luc Spada nach nogefrot, ëm wat et genee beim Äerdschëff Projet geet. Inspiréiert gouf sech un den amerikaneschen Earthships. D’Gebai hannert dem Atert Lycée zu Réiden gëtt vu Benevollen mat gréisstendeels natierlechen oder recycelten Materialien gebaut. Ee Mol fäerdeggebaut, soll de Mënsch gesinn, wéi vill Ressourcen zur Verfügung stinn a wéi een dës am Beschten notzt. De Stroum kënnt nämlech beispillsweis vun de Solarzellen um Daach, d’Waasser gëtt an Tanks opgefaangen.

Esou kritt jiddwereen d’Méiglechkeet an der Praxis matzeschaffen an ze gesinn, wat en nohaltegt Verhale bedeit. E flotte Reportage zum Äerdschëff fannt Dir HEI.

Zum Podcast

Wéi kënne mir all zesummen op engem Planéit Liewen? Am Kader vun den Transition Days gëtt no de verschidden Äntwerten a Léisungsweeër op dës Fro gesicht. Ma, elo gouf den Transition Days Podcast lancéiert, dee vum Schrëftsteller Luc Spada moderéiert gëtt.

Geplangt ass, datt all Mount eng Episode vum Wandel-Podcast verëffentlecht gëtt, bei deem ee bestëmmt Thema am Fokus steet. Parallel dozou lafen Evenementer, déi sech ob den Inhalt vun der Folg bezéien. Op der Sich no enger besserer Welt an de Problemer déi et ze léise gëllt ass ëmmer erëm een Invité mat dobäi, dee seng Siicht op d’Welt, säi Liewensmodell an de Wee zu méi Nohaltegkeet presentéiert.

Related topics Äerdschëff, CELL, Center for Ecological Learning Luxembourg, Ëmdenken, Episod 4, Handlung, Impakt, Katy Fox, Kontroll, Reflexioun, Transition Days Podcast, Zukunft
Next post Previous post