Search

You may also like

Asbl AKUT: “D‘Ëmwelttoxikologie sollt een net ënnerschätzen”
Neiegkeeten

Asbl AKUT: “D‘Ëmwelttoxikologie sollt een net ënnerschätzen”

Fir de Jean „Muck“ Huss, President vun der Asbl AKUT,

WikiLeaksgrënner Assange bleift an Haft
Neiegkeeten

WikiLeaksgrënner Assange bleift an Haft

Nodeems ee Méindeg d’Distriktriichterin Vanessa Baraitser an hirem Urteel d‘Ausliwwerung

Clearstream: 212 Persoune verléieren hir Plaz
Neiegkeeten

Clearstream: 212 Persoune verléieren hir Plaz

No der Nordea Bank kënnt elo mat Clearstream de gréisste

Transition Days Podcast: Vill kleng Schrëtter bewierke Grousses (Episod 5)

Den Invité vun dëser Folleg ass d'Yasmin Labidi

Transition Days Podcast: Vill kleng Schrëtter bewierke Grousses (Episod 5)

Am Kader vun den Transition Days dréit dëse Mount alles ëm d’Stuff. Fir weider Ablécker an d’Thema vun der Transitioun ze kréien, huet de Moderator Luc Spada d’Yasmin Labidi, Chef de Projet vun der Maison de la Transition (MESA) zu Esch-Uelzecht, invitéiert.

D’Yasmin huet schwäiz-tunesesch Wuerzelen, huet Iwwersetzung studéiert, a sech duerno de Politikwëssenschaften zougewennt. Zënter Juni 2020 ass si zu Lëtzebuerg an notzt hir Kenntnisser aus, fir der MESA aktiv ënnert d’Ärem ze gräifen.

Ass een am Beräich vun der Transitioun, dem Ëmdenken an der Nohaltegkeet ënnerwee, kann et vu Virdeel sinn sech mat Mënscherechter ze befaassen an déi politesch Kenntnisser dofir ze notzen, een neit Bewosstsinn zum eegene Konsum ze kreéieren.

Als Lieu vun der Renconter bitt d’MESA Aktivitéiten, Tools a Rotschléi un, déi der interesséierter Persoun déi néideg Informatioune ginn, fir méi bewosst an och selbstbewosst ze wielen, wat a wéi ee konsuméiert, ee sech fortbeweegt a generell liewe wëll.

Yasmin Labidi

Duerch d’Pandemie ass et aktuell schwiereg mat Evenementer de soziale Kontakt ze fërderen. Dofir gräift d’Ekipp op den digitale Wee zeréck a verëffentlecht reegelméisseg zum Beispill Erklärungsvideoen. Hei huet d’Yasmin de leschten Tutorial ervirgehuewen, bei deem ee léiert ee Spullschwamp aus Strëmp ze maachen.

Generell sinn et vill kleng Aktiounen a Schrëtt, déi schlussendlech zum grousse Resultat féieren. Et muss ee selwer aktiv ginn, fir eppes ze beweegen. Dobäi ass et wichteg ze analyséieren, ze verstoen an no enger eventueller Alternativ ze sichen. Do huet d’Yasmin d’Beispill vum Offall genannt. Wat produzéieren ech un Offall? Wou kënnt et hir? Kann ech d’Quantitéit iergendwéi reduzéieren oder souguer Dreck vermeiden?

Als Resultat vun dëser Selbstreflexioun gëtt no Alternative gesicht, woubäi d’Natur, d’Ëmwelt an och déi eege Gesondheet Merci seet.

Méi zum Yasmin Labidi sengen Erfarungen, Gedanken an Dreem vun enger nohalteger a gerechter Gesellschaft fannt Dir an dësem Video:

Zum Podcast

Wéi kënne mir all zesummen op engem Planéit Liewen? Am Kader vun den Transition Days gëtt no de verschidden Äntwerten a Léisungsweeër op dës Fro gesicht. Ma, elo gouf den Transition Days Podcast lancéiert, dee vum Schrëftsteller Luc Spada moderéiert gëtt.

Geplangt ass, datt all Mount eng Episode vum Wandel-Podcast verëffentlecht gëtt, bei deem ee bestëmmt Thema am Fokus steet. Parallel dozou lafen Evenementer, déi sech ob den Inhalt vun der Folg bezéien. Op der Sich no enger besserer Welt an de Problemer déi et ze léise gëllt ass ëmmer erëm een Invité mat dobäi, dee seng Siicht op d’Welt, säi Liewensmodell an de Wee zu méi Nohaltegkeet presentéiert.

Related topics Bewosstsinn, Luc Spada, Maison de la Transition, MESA, Nohaltegkeet, Selbstreflexioun, Transition Days Podcast, Yasmin Labidi, Zero Waste
Next post Previous post