Search

You may also like

Amnesty International: Wierder sinn Hoffnung
Kultur Neiegkeeten

Amnesty International: Wierder sinn Hoffnung

Am leschte Joer, huet Amnesty International dozou bäigedroen, dem Magai

„Äre Projet (m)am Naturpark!“ – Präisiwwerreechung vun de beschten Iddien
Kultur Neiegkeeten

„Äre Projet (m)am Naturpark!“ – Präisiwwerreechung vun de beschten Iddien

Am Naturparkzenter Esch-Sauer huet gëschter, am Bäisinn vun der Ministesch

D‘Sentinellen, e Vollek, ofgekoppelt vun der Moderner Welt
Kultur Neiegkeeten

D‘Sentinellen, e Vollek, ofgekoppelt vun der Moderner Welt

Den Dout vun engem amerikanesche Missionar ënnert de Feiler vun

Transition Days Podcast: D’Virdeeler vun der Multimodalitéit an nohaltege Fortbeweegungsmëttel (Episod 6)

Den Invité vun dëser Folleg ass de Camille Müller

Transition Days Podcast: D’Virdeeler vun der Multimodalitéit an nohaltege Fortbeweegungsmëttel (Episod 6)

Wärend dësem Mount ginn d’Lëtzebuerger Transition Days ee Stack erof a gräife mam Thema „Garage“ d’Fortbeweegungsmëttel op. An dësem Kader huet de Moderator Luc Spada de Camille Müller agelueden, deen an dëser 6. Episod vum Podcast op eis Auto-zentréiert Gesellschaft an de Wandel zur Multimodalitéit, respektiv eng méi nohalteger Mobilitéit ageet.

De Camille Müller beschreift sech selwer als vegane Vëlofuerer an Aktivist – hien otemt, verbreet a lieft d’Nohaltegkeet an d’Bewosstsinn am Alldag. Dobäi ass hien net nëmmen Ëmweltberoder a Member vun der Transitioun Uelzechtdall, mee och nach aktiv am Mouvement Écologique, bei ProVëlo an der Critical Mass Beweegung, sou wéi Matbegrënner vun der Vegan Society.

Anescht wéi beispillsweis zu Köln oder Bréissel, gëtt besonnesch an der Stad Lëtzebuerg am Léifsten op den Auto zeréckgegraff. Genervt am Stau ze stoen, reegelméisseg tanke goen an d’Sich no der Parkplaz si just e puer Aspekter, déi dësem Fortbeweegungsmëttel esou oft ee battere Bäigeschmaach ginn. Ëmsou méi positiv ass et, dass lues awer sécher een Ëmdenken entsteet, de Vëlo nees méi beléift gëtt an d’Cyclisten op eise Stroossen hir Plaz afuerderen.

Camille Müller

De Camille Müller plangt säin Alldag esou, dass hie gréisstméiglech op den Auto verzichte kann. Do sollt den Akaf am Supermarché scho gutt beduecht sinn. Ma, den Drotiesel huet awer och seng Virdeeler: Frësch Loft a Beweegung si garantéiert, et ass ee méi flénk, de Stau an d’Sich no enger Parkplaz kann een ëmgoen an deelweis spuert een domat och Zäit.

Sech nohalteg a bewosst fortzebeweegen heescht net, ob den Auto verzichten ze mussen, mee vläicht emol den eegene Busreseau kennenzeléieren, d’Zäit am Zuch mat engem gudde Buch verbréngen ze kënnen oder eben zu Fouss oder mam Vëlo bis bei den Arrêt ze kommen. Och d’Méiglechkeet, keen Auto méi selwer besëtzen ze mussen, mee duerch verschidden Offeren awer nach ëmmer drop zeréckgräifen ze kënnen, si schonn éischt gutt Schrëtt.

U wat et zu Lëtzebuerg feelt, wéi een d’Ëmdenke fërdere kann, a wéi aktuell de politesche Wandel ausgesäit, verréit de Camille Müller am Interview:

Zum Podcast

Wéi kënne mir all zesummen op engem Planéit Liewen? Am Kader vun den Transition Days gëtt no de verschidden Äntwerten a Léisungsweeër op dës Fro gesicht. Ma, elo gouf den Transition Days Podcast lancéiert, dee vum Schrëftsteller Luc Spada moderéiert gëtt.

Geplangt ass, datt all Mount eng Episode vum Wandel-Podcast verëffentlecht gëtt, bei deem ee bestëmmt Thema am Fokus steet. Parallel dozou lafen Evenementer, déi sech ob den Inhalt vun der Folg bezéien. Op der Sich no enger besserer Welt an de Problemer déi et ze léise gëllt ass ëmmer erëm een Invité mat dobäi, dee seng Siicht op d’Welt, säi Liewensmodell an de Wee zu méi Nohaltegkeet presentéiert.

Related topics Camille Müller, Ëmweltberoder, Fortbeweegung, Luc Spada, Multimodalitéit, Transition Days Podcast, Vegan Society, Vëlo, Vëlosweeër
Next post Previous post