Search

You may also like

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C

No der leschter Hëtztwell ass wuel jiddweree frou, nees méi

Bundesverfassungsgeriicht: En Urteel mat Folgen
Kultur Neiegkeeten

Bundesverfassungsgeriicht: En Urteel mat Folgen

Nodeems d‘Riichter zu Karlsruhe sech géint den Europäesche Geriichtshaff gestallt

Den Donald Trump fënnt dem James Comey säin neit Buch net gutt
Kultur Neiegkeeten

Den Donald Trump fënnt dem James Comey säin neit Buch net gutt

„Ligener, Fatzbeidel“: sinn déi vertrietbar Wierder, déi den US-President um

Transition Days Podcast: Vu festem Shampoo, Seef fir ofzefëllen an Tawaschi (Episod 7)

Transition Days Podcast: Vu festem Shampoo, Seef fir ofzefëllen an Tawaschi (Episod 7)

Am Kader vun den Transition Days steet an dësem Mount d’Buedzëmmer am Fokus. Fir déi 7. Episod vum Podcast huet de Moderator Luc Spada mam Liz Paulus den ideale Gespréichspartner virun d’Kamera gezunn, fir iwwert Nohaltegkeet am Buedzëmmer, Virbildfunktiounen a Bewosstsinn fir d’Ëmwelt ze diskutéieren.

D’Liz Paulus ass Naturpedagogin a Zero Waste Aktivistin. Als aktive Member am OUNI – dësen ass schliisslech eng Kooperative – huet si en Abléck op d’Ëmstellung an d’Méiglechkeete vun engem plastikfräie Buedzëmmer ginn. Ma, dofir huet si dem Luc Spada e Beidel mat selwer hiergestalltem Deo, Zahnpasta aus dem verpakungsfräie Buttek an en sougenannten Tawaschi (e Schwamm aus ale Strëmp an aus eegener Produktioun) matbruecht.

Dëst sinn 3 vu ville Beispiller, op déi een am Buedzëmmer zeréckgräife kann a vill Virdeeler mat sech bréngen: D’Produiten hale laang, d’Behälter kënne weider verwäert ginn, et ass ouni Plastik an Offall, a schonn eleng d’Satisfaktioun an de Spaass, eppes Neies auszeprobéieren a souguer selwer hierzestellen, bereede Mënsch an Natur Freed.

An dësem Kader bitt och den OUNI Workshops a Presentatiounen, beispillsweis fir Schoulklassen un, a stellt ënner Beweis, datt et sech hei net nëmmen ëm en einfache Buttek, mee ëm eng Plaz vun der Begéinung a vum Austausch handelt. D’Clienten, Visiteuren a virun allem jonk Generatiounen weisen groussen Interessi un de verschidden Offeren, déi gebuede ginn.

Ma, wou et zum Austausch kënnt, ginn natierlech och Meenungen geäussert. An datt dës vu Begeeschterung bis hin zur Oppositioun reechen, ass eng Saach déi een akzeptéiere muss, woubäi Meenungsvillfalt jo och net onbedéngt eppes Negatives ass.

Transition Days Podcast 7

Et mécht een et oft esou, wéi een et bäibruecht krut

Duerch verschidde Gespréicher an Observatiounen huet d’Liz Paulus gemierkt, datt Erwuessener an Elteren d’Virbildfunktioun anhuele mussen. Et muss dat entspriechend Ëmfeld gebuede ginn, wat bedeit sech an d’Thematik vum Ëmweltbewosstsinn an der Nohaltegkeet eranzeschaffen an se ze liewen. Wärend déi eng als aus Grënn vun der Einfachheet a well si et net anescht kennen, léiwer op dat fäerdeg verpaakte Bréitchen an d’Plastikfläsch zeréckgräifen, bréngen anerer hir Schmierekëscht an de Bidon fir opzefëlle mat. Dëst weist dann och, datt d’Trends sech änneren an d’Bewosstsinn klëmmt.

Zeréck an dat Zëmmer, dat eis all Dag mat Zahnpasta, Seef an Deo empfänkt: Wat bedeit dës Schlussfolgerung fir d’Buedzëmmer? Sech no an no un d’Thema erunzetaaschten, kann ee schonn, andeems ee just keeft wat ee benéidegt a wierklech braucht. Amplaz 3 Tube Shampoo an der Dusch leien ze hunn, geet och ee Produit duer.

Mat der mëttlerweil grousser Offer u feste Shampooen a Seefen, kann uschléissend Plastik agespuert ginn. A wien net op säi flëssege Produit verzichte wëll, dee kann am OUNI de Shampoo och an eege Bidonen, Fläschen oder aner Behälter offëllen. Komplizéiert ass dat op kee Fall, et muss een et just wëssen a probéiere wëllen.

Zu gudder Lescht huet d’Liz Paulus drop higewisen, datt ee sech net op d’Valorlux-Tut als déi grouss Léisung verloosse soll. Recycling kann och op thermescher Basis stattfannen, woubäi de Plastik verbrannt gëtt. Duerch déi enorm Diversitéit u Plastikaarten erweist et sech als schwiereg, fir de Recycling, wéi mir eis e virstellen, duerchzeféieren.

Zum Podcast

Wéi kënne mir all zesummen op engem Planéit Liewen? Am Kader vun den Transition Days gëtt no de verschidden Äntwerten a Léisungsweeër op dës Fro gesicht. Ma, elo gouf den Transition Days Podcast lancéiert, dee vum Schrëftsteller Luc Spada moderéiert gëtt.

Geplangt ass, datt all Mount eng Episode vum Wandel-Podcast verëffentlecht gëtt, bei deem ee bestëmmt Thema am Fokus steet. Parallel dozou lafen Evenementer, déi sech ob den Inhalt vun der Folg bezéien. Op der Sich no enger besserer Welt an de Problemer déi et ze léise gëllt ass ëmmer erëm een Invité mat dobäi, dee seng Siicht op d’Welt, säi Liewensmodell an de Wee zu méi Nohaltegkeet presentéiert.

Related topics Buedzëmmer, fest Seef, Kooperativ, Liz Paulus, Luc Spada, Nohaltegkeet, Offall, OUNI, Plastikfräi, Tawaschi, Transition Days Podcast, Virbild
Next post Previous post