Search

You may also like

surprise
D’KPL wëll méi Gerechtegkeet an de Schoulen
Neiegkeeten

D’KPL wëll méi Gerechtegkeet an de Schoulen

Wéi eng Roll spillt d’Gemeng an der Sozialpolitik? Déi Fro

Kand an der Wäschmaschinn ëmbruecht
Neiegkeeten

Kand an der Wäschmaschinn ëmbruecht

D‘Mamm vum klenge Bastien, deen 2011 an enger Wäschmaschinn ëmbruecht

Mat dësem Test kanns du däi Lëtzebuergesch verbesseren!
Neiegkeeten

Mat dësem Test kanns du däi Lëtzebuergesch verbesseren!

[onionbuzz quiz-id=206][/onionbuzz] Nëmme wien üübt, ka besser ginn. Versich dech

Transition Days: Zesummen agéiere fir e bessert Zesummeliewen

Transition Days: Zesummen agéiere fir e bessert Zesummeliewen

Am Kader vun de Lëtzebuerger Transition Days invitéieren den Zenter fir ekologesch Bildung (CELL) an ASTI, mat Ënnerstëtzung vum nationale Rot vun den Auslänner (CNE), op de virtuelle Forum „Les tiers-lieux au Luxembourg: Faire ensemble pour mieux vivre ensemble“.

Opgedeelt an 3 Evenementer beschäftegt sech de Forum mat de gesellschaftlechen Erausfuerderunge, déi ee mat der gemeinsamer Responsabilitéit ugoen. Mat Hëllef vun engem Tiers-Lieu kann een d’Zesummeliewen, mee och den nohaltegen Engagement um lokalen Niveau fërderen.

  • Renconter: Fir Tiers-Lieuxen an eisen Dierfer a Quartieren
    Dënschdes, den 23. Februar um 12:15 Auer
    No der Begréissung vum Corinne Cahen, Ministesch fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun, gi Froe beäntwert wéi beispillsweis „Wat ass en Tiers-Lieu?“ oder „Wéi erméiglecht dësen déi ekologesch Transitioun an d’Zesummeliewen?“.
    Unhand vu Beispiller aus Lëtzebuerg an Europa soll eng informativ Konferenz mat uschléissender Diskussiounsronn entstoen.
    Umelle soll ee sech HEI.
  • Renconter: Den Tiers-Lieu, een Instrument fir d’Bierger ze mobiliséiere
    Mëttwochs, de 24. Februar um 14:30 Auer
    Bei dësem zweeten Evenement geet et ëm den Impakt vun den Tiers-Lieuxen op déi lokal Undeelnam vun de Bierger. Wéi kann een d’Bierger abezéien? Wéi kann een den Tiers-Lieu fir jiddwereen accessibel maachen?
    Zil ass et, dass d’Gemengen ee participative Charakter duerch modern Léisunge kréien. Heivir gi verschidde konkret Outile presentéiert, déi hëllefe sollen, dëst Zil ze erreechen.
    Umelle soll ee sech HEI.
  • Table Ronde: Wéi kann een en Tiers-Lieu mat den Nopere kreéieren?
    Donneschdes, de 25. Februar um 19:00 Auer
    Zesumme mam Minister fir Energie a Raumentwécklung Claude Turmes gëtt gekuckt, wat d’Architektur mat den Tiers-Lieuxen ze dinn huet a wou d’Hindernisser bei der Kreatioun leien. Wéi eng Aktivitéite kann een ubidde fir e bessert Zesummeliewen an déi ekologesch Transitioun ze fërderen?
    Dës weidere presentéiert d’ASTI d’Resultater vun engem Sondage, un deem een aktuell nach deelhuele kann (HEI klicken). Och lokal Initiative kënne gäre virgestallt ginn, fir esou Anerer ze inspiréieren.
    Umelle soll ee sech HEI.

Allen Evenementer ginn op Lëtzebuergesch a Franséisch ofgehalen. D’ASTI këmmert sech ëm d’Iwwersetzung.

Weider Informatioune fannt Dir op www.transitiondays.lu.

Related topics ASTI, CELL, Claude Turmes, CNE, Corinne Cahen, Evenementer, Februar, Stuff, Tiers-Lieu, Transition Days, Zesummeliewen
Next post Previous post