Search

You may also like

Covid19: Eng kuerz Iwwersiicht
Neiegkeeten

Covid19: Eng kuerz Iwwersiicht

D‘Zuele vun den Neiinfektiounen huelen awer weider zou, wann och

D‘EU huet de Budget 2020 hikritt
Neiegkeeten

D‘EU huet de Budget 2020 hikritt

Et war zolidd spéit ginn, mee d‘Waarden op Äntwerten huet

Metal fir ze danzen – Khroma begeeschtert bei der Europa-Tour!
Neiegkeeten

Metal fir ze danzen – Khroma begeeschtert bei der Europa-Tour!

Metal gehéiert zu de skandinavesche Länner, wéi de Kachkéis zu

Transitioun: Lëtzebuerg am Joer 2050

Kreatioun vun engem Biergercomité – ëffentlechen Appell zur Kandidatur

Transitioun: Lëtzebuerg am Joer 2050

Am Kader vun der internationaler Consultatioun „Luxembourg in Transition“ huet den Departement fir Raumentwécklung vum Ministère fir Energie a Raumentwécklung, an Zesummenaarbecht mam Institut TNS-Ilres, wëlles ee Biergercomité (25 Awunner a 5 Grenzgänger) ze bilden.

Dëse Comité soll d’Aarbecht vun der Consultatioun vu Januar bis Dezember 2021 begleeden. Den ëffentlechen Opruff fir seng Kandidatur anzereechen riicht sech un all Lëtzebuerger Resident a Grenzgänger aus der Groussregioun.

Et muss ee keng speziell Fäegkeeten an de Beräicher, déi behandelt ginn (Landesplanung, Architektur, Stadplanung, Landschaftsgestaltung), opweisen. De Mindestalter läit bei 16 Joer an de Kandidat muss déi 3 Amtssproochen (DE, FR, LU) verstoen.

Informatiounen zu den allgemeng Konditiounen a wéi ee seng Kandidatur areecht fannt Dir op der ëffentlecher Plattform biirgerkomitee2050.tns-ilres.com. D’Kandidature gi bis den 18. Dezember 2020 ugeholl.

Related topics Appell zur Kandidatur, Begleedung, Biergercomité, Consultatioun, Energieministère, Lëtzebuerg am Joer 2050, Raumentwécklung, TNS-Ilres, Transitioun
Next post Previous post