Search

You may also like

Hënt gëtt nees un der Auer gedréint!
International Neiegkeeten

Hënt gëtt nees un der Auer gedréint!

Stress puer oder Seegen? Dat „Gedréits“ un der Auer spléckt

D‘Ofgrënn vum mënschleche Beholl
International Neiegkeeten

D‘Ofgrënn vum mënschleche Beholl

Den 10.Juni 1944 haten Zaldote vun der 2. SS-Panzerdivisioun „Das

dislike
Ech liesen d’Wahlprogrammer nëmme Stonnen iert ech an d’Kabinn ginn – an hunn ëmmer e gutt Gefill dobäi!
International Neiegkeeten

Ech liesen d’Wahlprogrammer nëmme Stonnen iert ech an d’Kabinn ginn – an hunn ëmmer e gutt Gefill dobäi!

Obwuel ech Artikele schreiwen, an deenen ech jidderengem uroden, sech

Transport vu Corona-Patienten: D’Luxembourg Air Rescue zitt elo säi Bilan

Um vergaangene Weekend huet d’Luxembourg Air Rescue (LAR) fënnef weider Patienten, déi um neiaartege Coronavirus Covid-19 infizéiert sinn, aus der Regioun Grand-Est transportéiert. Weiderhin schafft d’LAR mat de franséischen Autoritéiten zesummen, vir esou d’Iwwerliewe vun de schwéier erkrankte Patienten ze retten.

Am Ganzen huet d’Luxembourg Air Rescue (LAR) schonn 20 Patienten aus der Regioun Grand-Est fir hiren Traitement an aner Spideeler bruecht. Heivunner sinn eelef Transporten mat sanitäre Fligere vum Typ Learjet 45XR gemaach ginn: Fënnef Patienten si fir eng intensiv Fleeg op Dresden geflu ginn, zwee op Bremen an zwee op Hamburg.

Zwee weider Patienten si vu Metz op Nimes verluecht ginn. Néng weider Infizéierter si mam LAR-Helikopter transportéiert ginn.

„Mir hunn eist Personal immens fréi ausgebilt fir mat héich infektiéise Patienten ze schaffen. Dat dréit haut seng Friichten“, erkläert de René Closter, CEO a President vun der LAR. „Eis Mataarbechter leeschten eng exzellent Aarbecht bei den extrem usprochsvollen Transporten.“

Fotoen an der Galerie © Luxembourg Air Rescue (LAR)

Related topics Coronavirus, Covid-19, Frankräich, Grand Est, Infektioun, LAR, Luxembourg Air Rescue, Transport
Next post Previous post