Search

You may also like

Legal… Illegal… Schäissegal…
International Neiegkeeten

Legal… Illegal… Schäissegal…

Lëtzebuerg wäert de rekreative Konsum legaliséieren, am Frankräich ass esouguer

Silvester war et zimmlech roueg am Land
International Neiegkeeten

Silvester war et zimmlech roueg am Land

An der Nuecht vum Reveillon, war d‘Police am Asaz, well

Editorial: Wann de Josh Madden sech fir den Trump hält
International Neiegkeeten

Editorial: Wann de Josh Madden sech fir den Trump hält

Datt den amerikanesche President sech fir dat Gréisst vun der

Traurege Weltrekord fir Groussbritannien

Traurege Weltrekord fir Groussbritannien

Obwuel si op der Insel gutt mam Impfe virukommen, muss de brittesche Gesondheetsminister op en traurege Rekord verweisen: déi weltwäit héchste Mortalitéit beim Covid19. Gëschter eleng sinn a Groussbritannien 1.610 Mënschen un oder mam Coronavirus verstuerwen.

Bezunn op d‘Populatiounszuelen, hunn d‘Britten aktuell déi héchsten Unzuel vu Covid19-Affer. Am wëchentlechen Duerchschnëtt sinn entspriechend der Datenauswäertung vun der Universitéit Oxford iwwer 16 Leit pro Millioun Awunner verstuerwen. Domadder leien d‘Britte knapp virun den Tschechen an de Portugisen. Och d‘Zuel vun den Neiinfektiounen ass weiderhin aussergewéinlech héich: um Dënschdeg goufen op der Insel 33.355 positiv op der Covid19 getest.

traurege

Dës Zuelen, esou de Gesondheetsministère, wieren op déi däitlech méi virulent Covid19-Mutatioun B.1.1.7. zeréckzeféieren. Déi „brittesch Variant“ déi sech fir d‘éischt zu London an dann am ganze Süde vun England immens rapid verbreet huet, géif direkt eng ganz Rëtsch u Parameter op d‘Kopp stellen. Laut dem staatleche statisteschem Amt ONS, huet sech an England schonn all 8. Awunner ugestach. Am Dezember war et laut de Statistiker nach ee vun eelef Mënschen.

Et gëtt awer net nëmme schlecht Nouvellen. Wann se op der Insel d‘Pandemie net wierklech am Grëff hunn, esou leeft de Britten hir Impfcampagne no Plang. Iwwer véier Millioune Mënschen hunn hir Dosis kritt. Bei den 80 järege wéi och de ville Residenten an Alters- a Fleegeheemer, wiere schonn d‘Hallschent geimpft ginn. Deeglech géifen 200.000 Mënsche geimpft an all gudden Dag geet en Impfzenter op. Bis Mëtt Februar solle 14 Millioune leit geimpft sinn.

De Verband vun de britteschen Hausdokteren huet allerdéngs och esou seng Problemer mat der Aart a Weis wéi virgaange gëtt. Et gëtt massiv Kritik, déi bezitt sech besonnesch op de Fait, datt d‘Impfcampagne net uerdentlech op ethnesch Minoritéiten zougeschnidde wier. Unhand deenen zur Verfügung stoenden Daten, kéint een däitlech erkennen, datt d‘Mënschen aus de schwaarzen an asiatesche Communautéiten, eng héijer Stierflechkeet virweisen…

mat indymedia/lon

Illustratioun: © Tugce Gungormezler / unsplash

Related topics Covid19, Groussbritannien, Impfcampagne, Insel, Neiinfektiounen
Next post Previous post