Kanner hunn och Rechter
Den Ombudscomité fir d‘Rechter vum Kand (ORK) huet gëschter den
Den Ombudscomité fir d‘Rechter vum Kand (ORK) huet gëschter den
E Mann vu 46 Joer huet e Samschdeg, an enger
Guardian versicht d‘Aarbechter an d‘Ëffentlechkeet an d‘Ir ze féieren 201
Et ass e literarescht Wierk aus dem Joer 2005, dat a 24 Kapitelen d’Vergaangenheet an d’Géigewaart nieftenee lafe léisst. Thematiséiert gëtt nämlech d’Liewe vum Franz Schubert. Dobäi wandere mir hin an hir tëscht der Entwécklung vum éisträicheschen Komponist an dem Lëtzebuerger Auteur, tëscht Wien a Lëtzebuerg, tëscht dem 19. Joerhonnert an dem elo.
Dëst Evenement gëtt realiséiert am Bezuch op de 5. Doudesdag vum Guy Wagner, deen duerch seng Texter, säi kulturpoliteschen Engagement a seng perséinlech Beiträg – beispillsweis als Direkter vum Escher Stadtheater, als Matbegrënner vum CEPA oder och als Musekskritiker beim Magazinn „Piziicato“ – beléift a bekannt ass.
Déi zeenesch Liesung iwwerhuelen d’Fabienne Hollwege, d’Leila Lallali, de Charles Muller, d’Christiane Rausch, den Andreas Wagner an de Germain Wagner. Musikalesch begleet gëtt den Owend vum Sabine Weyer um Piano an Dimitri Maslennikov um Cello.
D’Evenement gëtt am Trifolion op däitscher Sprooch ofgehalen an d’Liesung dauert 90 Minutten. Ticketen ginn et op www.luxembourg-ticket.lu, iwwert Telefon um (+352) 4708 951 a bei alle bekannte Virverkafsplazen. De Kulturpass gëtt akzeptéiert.
Opmaacherfoto: © Falk Nordmann