Search

You may also like

UN-Sécherheetsrot: En trauregen Dag fir Syrien
Kultur Neiegkeeten

UN-Sécherheetsrot: En trauregen Dag fir Syrien

Am UN-Sécherheetsrot hu gëschter Russland a China géint d‘Verlängerung vun

Tierkei bereet Militäroffensiv géint Syrien vir
Kultur Neiegkeeten

Tierkei bereet Militäroffensiv géint Syrien vir

Bei enger Sëtzung mat senge Parteimemberen zu Ankara huet den

Reservatioun vum Adapto: Eng nei App ab dem 1. September 2021
Kultur Neiegkeeten

Reservatioun vum Adapto: Eng nei App ab dem 1. September 2021

Wéi d’Verwaltung vum ëffentlechen Transport matdeelt, wäert ab dem 1.

Trifolion: Fues-Karaoke an CD-Release vu Kammerata Luxembourg

Trifolion: Fues-Karaoke an CD-Release vu Kammerata Luxembourg

Den Iechternacher Trifolion mécht op zwee nei musikalesch Evenementer opmierksam, déi fir de Februar um Programm stinn. Zum enge wäert fir Fuesen ee sougenannte „Sing Along Concert“ organiséiert ginn, bei deem d’Frënn vum Karaoke op hir Käschte komme wäerten. Zum anere feiert Kammerata Luxembourg d’CD-Release vun „Echoes of Autumn and Light“.

Karaoke – Sing Along Concert: Fuesend
Freides, de 5. Februar 2021 um 18:00 Auer am Foyer vum Trifolion

Dir sangt gären, traut Iech awer net eleng viru Publikum opzetrieden? Zesumme mam Trifoolioun freet sech den INECC Lëtzebuerg (Institut Européen de Chant Choral) op en Owend vum „gemeinsame Mateneen“. Am Grupp ze sangen léisst eng besonnesch Atmosphär entstoen, bei där een och sech selwer entdecke kann.
All interesséiert Persoun kann deelhuelen, ob een elo musikalesch Virkenntnisser huet oder net. Begleet vun engem Piano oder enger akustescher Gittar ginn déi bekanntste Lidder vun de leschte Joerzéngten ugestëmmt.

Den Entrée ass gratis. Covid-bedéngt muss ee sech awer am viraus umellen (Mail: ticket@trifolion.lu, Tel.: (+352) 26 72 39 – 500). De Karaokeowend dauert zirka eng Stonn ouni Paus.

Kammerata Luxembourg: CD-Release vun „Echoes of Autumn and Light“
Donneschdes, den 11. Februar 2021 um 20:00 Auer am Trifolion Atrium

D’Liicht bitt eng enorm Diversitéit: Heiansdo hell, heiansdo gedämpft an méi donkel. Kee Wonner also, dass déi nei Verëffentlechung vu Kammerata Luxembourg dëst Thema opgräift an esou ee Wiessel aus douce Klänge a räichen Harmonie, kombinéiert mam intensiven Dialog tëscht Interpreten a verschidde Partiture bitt.
Fir dëse Projet huet ee sech den OPL-Soloflüttist Markus Brénnimann ugelaacht. Ganzer fënnef Wierker vu véier enk mat Lëtzebuerg verbonne Komponiste konnten zesummebruecht ginn, wouduerch och den internationale Publikum dat musikalescht Ierwe vum Land kenneléiere kann.

De Virverkafsticket kascht regulär 20 €, respektiv 12 € erméissegt. De Kulturpass gëtt akzeptéiert a Gruppen ab 5 Persoune kënne vun engem Rabatt vun 20% profitéieren. Bestelle kann een op www.luxembourg-ticket.lu, per Telefon (+352) 4708 951 a bei alle bekannte Virverkafsplazen. Un der Oweskeess kascht den Entrée 2,50 € méi.
De Concert dauert zirka eng Stonn.

Et gëllen déi bekannte sanitär Moossnamen.

Opmaacherfoto: Kammerata Luxembourg © Caroline Martin

Related topics Concert, Fuesend, Kammerata Luxembourg, Karaoke, Musek, Sing Along, Trifolion
Next post Previous post