Trio Cénacle: En Hommage un de Victor Hugo

Am Kader vum 150 Joresdag vum leschten Optenthalt vum Victor Hugo zu Lëtzebuerg invitéiert den Trio Cénacle op en intermediale Lidderowend zu Éiere vum franséische Schrëftsteller a Politiker Victor Hugo. E Gesamtkonschtwierk aus Musek, Texter a Gedichter erwaart Iech den 18. an 19. November 2021 am Lëtzebuerger Nationaltheater.

Et ass e Réckbléck op dat politesch an artistescht Schafe vun engem grousse Visionär. Gläichzäiteg gëtt dem Publikum hei zu engem Denkustouss verleet. „Que vadis, Europa?“ – Wéi kann a soll sech Europa virun entwéckelen?

Am Fokus steet de musikalesche Kuerzfilm „Victor Hugo – A Vianden“

Baséierend op der Vertounung vum Lëtzebuerger Komponist Marco Pütz sengem Gedicht, dat de Victor Hugo den 8. Juni 1871 no senger Flucht aus Bréissel geschriwwen huet, a wou déi ländlech Idylle vu Veianen de grujelegen Doten vu Paräis entgéint gestallt gëtt, kënne mat dësem Wierk déi 3 Facette vum Victor Hugo thematiséiert ginn.

Als Kënschtler, aristokratesche Verdeedeger vun de Mënscherechter a Politiker hat hie scho fréi e Gespier dofir, wéi d‘Zukunft sollt ausgesinn a wéi een der Ëffentlechkeet dës Visioune virdroe sollt. De Film ass eng Produktioun vun a mam Trio Cénacle. D‘Regie huet den James Chan-A-Sue iwwerholl.

Dobäi kënnt eng véiert Facette – d‘Musek

Beim Paräisser Friddenskongress am Joer 1849 huet hien nämlech eng Riet gehalen, an där hei virgestallt huet, wéi ee vereenten Europa ausgesi soll, an dat iwwert ee Joerhonnert ier dëst tatsächlech a Realitéit ëmgesat ginn ass. Kuckt een de politeschen a gesellschaftleche Verännerunge sollt ee sech froen wou Europa histeiere soll.

En eenzegaartege Projet vum Trio Cénacle

„Victor Hugo – Que vadis Europa?“ gëtt den 18. November 2021 um 20 Auer sou wéi den 19. an 30. November 2021 um 10 Auer (béides Schoulconcerten) am Lëtzebuerger Nationaltheater (194 route de Longwy) a franséischer Sprooch presentéiert. Weider Informatiounen an Ticketen fannt Dir op www.luxembourg-ticket.lu.

D‘Gesamtkonschtwierk enthält Lidder vum Édouard Lalo, César Franck, Camille Saint-Saëns, Georges Schmitt a Charles-Marie Widor. Als Acteur wäert de Pitt Simon present sinn, wärend den Andreas Wagner d‘Regie an d‘Dramaturgie iwwerhëlt.

Trio Cénacle
„Victor Hugo – Que vadis, Europa?“ am Mierscher Kulturhaus © Valérie Sassel

Net ze vergiessen wier natierlech den Trio Cénacle!

2015 gouf den Trio Cénacle vun der Lëtzebuerger Pianistin Michèle Kerschenmeyer, der däitscher Sopranistin Evelyn Czesla an dem hollännesche Bassbariton Nico Wouterse an d‘Liewe geruff. Den Numm verweist dobäi op „Le Cénacle de Victor Hugo“ an et weist sech, wéi enk d‘Museker mam franséische Schrëftsteller a Politiker verwuerzelt hunn.

De Begrëff erkläert nämlech ee sech ëmmer erëm nei zesummestellende Grupp aus Kënschtler a Schrëftsteller, dee sech tëscht 1827 an 1830 am Haus Victor Hugo getraff fir sech do géigeniwwer hir neiste Wierker virzedroen. Doraus soll schliisslech déi franséisch Romantik an der Literatur entstane sinn.

Och den Trio knäppt un dëse Gedanken un a weist eng Virléift fir d‘Wierker vu bekannten a manner bekannte Komponisten aus dem Grenzgebitt vu Lëtzebuerg, Metz an Tréier. 2018 hu si den Album „Georges Schmitt Lieder“ verëffentlecht an dorop gréisstendeels onverëffentlecht Wierker vum Komponist Georges Schmitt, déi op Gedichter vun ënnert anerem dem Victor Hugo, Alfred de Musset oder Victor Ladet baséieren, opgegraff.

Nieft Optrëtter am Inland, dorënner d‘Lëtzebuerger Philharmonie, duerft den Trio ënnert anerem schonn am Wiener Mozarthaus, am Kurfürstleche Palais zu Tréier a Pandemie-bedéngt online beim „Chengdu Int‘l Sister Cities Youth Music Festival“ a China optrieden.

Weider Informatiounen zum Trio Cénacle fannt Dir op www.cenacle3.eu.

Dernières nouvelles