Search

You may also like

De Luci „2“ ass do!
International Neiegkeeten

De Luci „2“ ass do!

Grad a Krisenzäite seenen sech d‘Mënschen no inspiréierende Geschichten. Schéi

12 Méint an 12 Geschichten – D’Schwieregkeeten am soziale Beräich (Deel 2)
International Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten – D’Schwieregkeeten am soziale Beräich (Deel 2)

„Autiste kënne sech der Gesellschaft net upassen“ oder „Een deen

Sorry, Donald, mee esou funktionéiert et net
International Neiegkeeten

Sorry, Donald, mee esou funktionéiert et net

Et misst ee laang sichen, fir een ze fannen, dee

Tripartite géint de Terror

Frankräich an Éisträich wëlle méi streng Kontrollen un der europäescher Baussegrenz

Tripartite géint de Terror

No de reliéis motivéierten Uschléi am Frankräich an an Éisträich, hunn sech den Emmanuel Macron an de Sebastian Kurz gëschter zu Paräis getraff. No engem Véierae-Gespréich gouf et nach eng Visiokonferenz mat der däitscher Bundeskanzlerin, der EU-Kommissiounspresidentin an dem EU-Rotspresident. Paräis a Wien plädéiere fir eng verstäerkt Kontroll vun den EU-Baussegrenzen.

Zudeem huet sech den Emmanuel Macron däitlech fir eng Reform vun den EU-Bannegrenzen agesat. Et kéint een d‘Grenzen net oploossen, wann d‘Schengen-Reegelen net grondleeënd iwwerschafft ginn. Iwwer dëse Punkt sollen sech ee Freideg d‘EU-Inneminister ënnerhalen, esou zumindest de franséische President. U wéi enge Reegele muss geschafft ginn, gouf net preziséiert.

A wéi eng Richtung et geet, huet dann awer den Éisträicher verroden. De Sebastian Kurz weist drop hin, datt et an Europa schonn dausende „Gefäerder“ gëtt. Et wieren alles Zäitbommen, besonnesch déi (Islamisten) wou deemnächst aus de Prisongen entlooss ginn. Deenen – de Foreign Terrorist Fighters – hir Fräiheet misst elo ageschränkt ginn, fir weider Affer a weidert Leed ze verhënneren.

Et wieren, esou den éisträichesche Kanzler, dausenden Terroristen, déi entweder den Asaz am Irak oder Syrien iwwerlieft an zréckfonnt hunn, oder méiglecherweis de Wee dohinner net fonnt haten. D‘Angela Merkel weist hirersäits drop hinn, datt et och wichteg ass, mat den islamesche Länner ze schwätzen, an zesumme Léisungen am Kampf géint radikal Islamisten auszeschaffen.

Terror

Zu Berlin, wéi Paräis gëtt scho länger driwwer nogeduecht, d‘Ausbildung vun den Imamen an de Länner vun der Unioun festzeleeën. Esou kéint ee gréisstendeels eng Radikaliséierung an de Moscheeë verhënneren. Et musse parallel dozou och méi Mëttel an d‘Iwwerwaachung vum Internet fléissen. Et sollt méi einfach gemaach ginn, géint islamisteschen Haass am Netz virgoen ze kënnen.

Et wier awer – dat kann een als gemeinsamen Nenner huelen – keng Ausenanersetzung tëscht dem Chrëschtentum an dem Islam. Et géif heibäi drëms, den demokratesche Gesellschaftsmodell géint terroristescht an antidemokratescht Verhalen ze schützen. Woubäi ee dann awer net vergiesse sollt, datt schonn d‘Kräizzich als Kampf vun der Zivilisatioun géint de Barbarismus bezeechent goufen.

mat indymedia/par

Foto: © Elysee

Related topics Angela Merkel, Däitschland, Éisträich, Emmanuel Macron, Europa, Frankräich, Grenzschutz, Islamismus, Schengenraum, Sebastian Kurz, Terror
Next post Previous post