Search

You may also like

surprise
Presserot vergëtt nei Pressekaarten
Neiegkeeten

Presserot vergëtt nei Pressekaarten

Haut hunn an de Raimlechkeete vu Presserot eng 20 nei

Battin „Fruitée“: eng fruuchteg Traditioun
Neiegkeeten

Battin „Fruitée“: eng fruuchteg Traditioun

Liicht a Fruuchteg soll e sinn, de Battin „Fruitée“ an

E Frëndschaftsmatch mat Héichten an Déiften
Neiegkeeten

E Frëndschaftsmatch mat Héichten an Déiften

Fir de Frëndschaftsmatch tëscht den Nationalmannschafte vu Lëtzebuerg an den

Tripartite-Siderurgie: De Schued a Grenzen halen

D‘Sozialpartner hu sech een Donneschdeg um Kierchbierg eng konstruktiv Entrevue gegënnt

Tripartite-Siderurgie: De Schued a Grenzen halen

Et si schwiereg Zäiten um Stolmaart, woubäi do d‘Covid19-Pandemie éischter eng Nieweroll spillt, wann och eng zolidd. Datt den indesch-lëtzebuergesche Konzern ArcelorMittal déi sanitär Kris notze wëll fir d‘Entreprise ze restrukturéiere verständlech an esou wëll sech de Maharadscha vu ronn 580 Mataarbechter zu Lëtzebuerg trennen. Dat war de Stand zum 11. September.

An der tëscht huet et eng Rei Tripartite-Sëtzunge ginn, an déi 3. en Donneschdeg um Kierchbierg. Eng Reunioun déi vun allen Acteuren als „konstruktiv“ ëmschriwwe gëtt, obwuel ee bedenke muss, datt et hei bal 15% vum nach bestoenden Effektiv sollen ofgebaut ginn. No sechs Sëtzunge vum Aarbechtsgrupp schéngen sech Gewerkschaften, Konzern a Regierung um gudde Wee ze befannen.

Dësen Aarbechtsgrupp huet sech op dräi zentral Punkte konzentréiert: als éischt ass et emol drëms gaangen ze klären, wéi vill Mataarbechter „ze vill“ sinn. D‘Zuel vun de geplangten Aarbechtsplazen déi sollen ofgebaut ginn ass op 280 reduzéiert ginn. Dat ass iwwert den Asaz vun der Preretraite, dem interne Reklassement a fräiwëlleg Ofgäng méiglech. 280 Salariéeë kommen also an de CDR.

Interessant hei: Laut dem Robert Fornieri (LCGB) wier ArcelorMittal genéidegt kuerzfristeg 200 Plazen nei ze besetzen. Elo kéint een da mengen, datt de Maharadscha sech déi bei den 280 Leit aus dem CDR bedénge kéint, mee do läit ee falsch. Et musse jo d‘Profiller an d‘Kompetenze fir dës Poste berécksiichtegt ginn. Zudeem leeft d‘Restrukturatioun iwwert en Zäitraum vu bis zu 5 Joer.

Garantie wieren net verkéiert

Et dierf an dësem Dossier och net iwwersi ginn, dann am Géigesaz zu virechte Restrukturatiounen, och eng 100 Aarbechtsplazen an der Administratioun sollen ofgebaut ginn. Dat ass éischter „nei“ a stellt eng aner Erausfuerderung duer, net nëmme fir d‘Gewerkschaften. Leider war net gewuer ze ginn, wéi vill vun de Posten, mëttels dem Instrument „Preretraite“, solle verschwannen.

Als weidere Schwéierpunkt stinn déi zukünfteg Investitioune vum Konzern op der Lee. Hei hätten d‘Gewerkschaften – an d‘Regierung wuel och – nawell gären datt ArcelorMittal Garantie gëtt, fir d‘Aktivitéit nohalteg ze sécheren. Hei soll ArcelorMittal de Sozialpartner 38 Projete mat enger Enveloppe an héicht vun 150 bis 200 Milliounen an Aussiicht gestallt hunn. Kléngt net verkéiert.

Wann een allerdéngs eppes Rechent, kënnt ee séier zum Schluss, datt dës Zomm därer entsprécht, déi de Konzern duerch den Ofbau vun den Aarbechtsplazen aspuert. Et ass folgerichteg net falsch ze behaapten, datt ArcelorMittal seng Investitiounen op d‘Käschte vun den Lounofhängege finanzéiert. Woubäi 200 Millioune fir ee Konzern vun dëser Gréisst, dann och eppes ganz „Relatives“ sinn.

Den Aarbechtsgrupp huet sech dann och nach mat de Pläng vun ArcelorMittal beschäftegt, laut deenen eng Rei Aktivitéite sollen ausgelagert ginn. Eng bedauerlech Entwécklung, déi kloer zum Zil huet d‘Lounkäschten ze drécken. Fir den Ament geet et de Gewerkschaften dann emol drëms sech mat ArcelorMittal op dës zwee zentral Punkten ze concertéieren. An 10 Deeg gëtt et Neies…

Illustratioun: © Ant Rozetsky / unsplash

Related topics ArcelorMittal, LCGB, OGBL, Regierung, Restrukturatioun, Siderurgie, Stolsecteur, Tripartite
Next post Previous post