Search

You may also like

Gëfteg Masken aus Lëtzebuerg?
Neiegkeeten

Gëfteg Masken aus Lëtzebuerg?

Am Summer 2020 huet déi Lëtzebuerger Entreprise „Avrox SA“ een

E Programm fir den Drogesüchtegen ze begleeden
Neiegkeeten

E Programm fir den Drogesüchtegen ze begleeden

De Suchtverband Lëtzebuerg Asbl, an Zesummenaarbecht mat der UNI-Lëtzebuerg, huet

Neies vun der sanitärer Front
Neiegkeeten

Neies vun der sanitärer Front

Den Ausseministère huet e Freideg eppes zu de Mesure betreffend

Bei der Tripartite vum Stolsecteur huet et ee prinzipiellen Accord

Bei der Tripartite vum Stolsecteur huet et ee prinzipiellen Accord

D‘Patronat, d‘Gewerkschaften an d‘Regierung hu gëschter Dënschdeg am Kader vun der geplangter Restrukturatioun bei indesch-lëtzebuergesche Stolkonzern ArcelorMittal ee sougenannten „Accord de Principe“ ënnerzeechent. Domadder gëtt de massiven Aarbechtsplazofbau zumindest zäitlech an d‘Zukunft verluecht.

Fir dat alles – d‘Fuerderunge vun de Gewerkschaften an d‘Wënsch vun ArcelorMittal – ënnert een hutt ze kréien, waren net manner wéi 14 Sëtzunge vun der Aarbechtsgrupp: de Vertrieder aus dem Aarbechtsministère, dem Wirtschaftsministère, der ArcelorMittal-Direktioun an de Gewerkschaften OGBL an LCGB. Den Accord dee fonnt gouf – an niewebäi de Sozialplang ad acta leet – soll eng Lafzäit vun elo emol fënnef Joer hunn.

Mee uecht gedoen, ganz ouni Aarbechtsplazofbau zu Lëtzebuerg leeft et net. An esou fundéiert den Accord um Saldo vum Iwwereffektiv (536 Posten, vun deenen der 81 net fir eng Subventioun vum „Fonds pour l‘Emploi“ eligibel sinn). Eng 240 betraffe Salariéeë solle vun der Preretraiten an anere Systemer profitéieren dierfen. Dat gëllt an éischter Linn fir d‘Gebuertsjoere bis 1964. Wichteg och ze ernimmen, datt déi Beschäftegt wou hire Poste verluer hunn, an de Reklassement (CDR) sollen integréiert ginn.

Weider heescht datt kee Standuert zu Lëtzebuerg soll zougemaach ginn. ArcelorMittal soll dann och versprach hunn, bis 2025 bis zu 200 Milliounen Euro an d‘Standuerter Belval, Biissen, Déifferdeng a Rodange ze investéieren. Spezifesch Aktivitéiten, wéi déi am mechaneschen Atelier um Standuert Dummeldeng, solle bäibehale ginn. Aner Déngschtleeschtungen, wéi den Entretien, sollen op déi verschidde Standuerter verluecht ginn. De finalen Accord, soll schonn am Januar vun de genannten Acteuren ënnerschriwwe ginn.

Illustratioun: © Scott Graham / unsplash

Annexe: Communiqué OGBLCommuniqué LCGB

Related topics Aarbechtsministère, Accord de Principe, ArcelorMittal, CDR, LCGB, OGBL, Stolkonzern, Stolsecteur, Tripartite, Wirtschaftsministère
Next post Previous post