Search

You may also like

En Treffen tëscht dem Landwirtschaftsminister a BIOG
Neiegkeeten

En Treffen tëscht dem Landwirtschaftsminister a BIOG

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider

Fligerofstuerz vun Teheran: War et eng Rakéit?
Neiegkeeten

Fligerofstuerz vun Teheran: War et eng Rakéit?

Beim iranesche „Verdeedegungsschlag“ géint amerikanesch Militärbasen am Irak, deen d‘USA

What the Fakt – d’Etta James als Ikon vun der „Black Music“
Neiegkeeten

What the Fakt – d’Etta James als Ikon vun der „Black Music“

Dës Powerfra ass eent vun de wéinege weiblechen Idoler an

Trist Nouvelle vun der Covid19-Front

Trist Nouvelle vun der Covid19-Front

Zanter gëschter Méindeg huet Lëtzebuerg de Kap vun den 800 Covid19-Affer iwwerschratt. Esou wéi et vun den Autoritéite matgedeelt gëtt, sinn dräi Weider Affer e bekloe gewiescht. Déi lescht Woch ware siwe Mënschen un der Folge vun der Infektiounskrankheet verstuerwen.

Um Sonndeg goufe vun den 327 geteste Persounen 10 als positiv gemellt. Dat esou „wéineg“ getest gouf, muss een a Relatioun mam 1. Mee setzen. Insgesamt awer bleift d‘Situatioun am Land stabil an den Referenztaux läit bei 0,93. Trotzdeem huelen zënter ee Samschdeg d‘Hospitalisatiounen nees zou. An de Spideeler ginn zur Stonn 96 Covid19-Patiente versuergt. 29 dovunner mussen op der Intensivstatioun behandelt ginn.

De Weekend gouf dann och de Kapp vun den 200.000 Vaccinatiounen iwwerschratt. 52.103 Leit hunn hir zwou Dose kritt, 148.450 déi éischt. Un der Impfstrategie gëtt festgehalen, an esou wéi d‘Liwwerungen ukommen, soll dann och den Impfzenter LuxExpo a Betrib geholl ginn.

Illustratioun: © Jasmin Chew / unsplash

Related topics Covid19, Covid19-Affer, Gesondheetsinspektioun, Impfstrategie, Iwwersiicht, Santé
Next post Previous post