Search

You may also like

Vereedegung vun 33 fräiwëllegen Zaldoten zu Dikrech
Neiegkeeten

Vereedegung vun 33 fräiwëllegen Zaldoten zu Dikrech

Bei der 36. Vereedegungszeremonie um 20. Mee 2020 sinn, am

Optimistesch proeuropäesch awer kritesch am Ëmgang
Neiegkeeten

Optimistesch proeuropäesch awer kritesch am Ëmgang

Am grousse Ganze wieren d‘Lëtzebuerger Residenten éischter Zefridden (Männer 93%

Géint sexuell Gewalt: de Friddensnobelpräis fir zwee Helden
Neiegkeeten

Géint sexuell Gewalt: de Friddensnobelpräis fir zwee Helden

E Freideg ass de Friddensnobelpräis dem kongoleseschen Dokter Denis Mukwege,

Trotz Turbulenze kann sech d‘Luxair um Himmel halen

Och wann d‘Ëmfeld grad net gënschteg ass, d‘Luxair huet e Freideg befriddegend Zuele virgeluecht

Trotz Turbulenze kann sech d‘Luxair um Himmel halen

Mam ganze Gedeessems ronderëm: Klimawandel, energetesch Transitioun a Klimapakt, gesäit sech och eis privatiséiert awer nach ëmmer als national Fluchgesellschaft verstane Luxair, ganz neien Erausfuerderungen ausgesat. Et sinn net nëmme méi d‘Konkurrenten déi Drock ausüben…

An awer gëtt sech d‘Direktioun zouversiichtlech. Et ass een nach ëmmer déi onbestridden N°1 um Findel a mat iwwer 2,1 Millioune Passagéier (1,4 Millioune Luxair a 700.000 Luxair-Tours) huet een net manner wei 49% vun alle Passagéier déi via Lëtzebuerg transitéiert sinn, befërdert. Dat entsprécht géintiwwer dem Virjoer enger Hausse vu 0,74%, mee och d‘Konkurrenz wiisst weider.

Zu dëser gehéiert Ryan Air, déi iresch Bëllegfluchgesellschaft, déi zanter 2016 um Findel aktiv ass a mat besonnesch attraktive Präisser der Luxair d‘Clienten ofspensteg mécht. Fir d‘Cliente vun der Luxair e Virdeel, esou d‘Ausso vun der Exekutive, well et hätt de Grupp genéidegt sech a Fro ze stellen an der Service ze verbesseren. Zudeem hätt d‘Bëllegfluchgesellchaft Wuesstem bruecht.

Bei de Luxair gëtt d‘Geld awer net eleng mat de Passagéier gemaach. De Grupp këmmert sech ëm villes: esou d‘Branche „Luxair-Services“. Si mécht den Handling vum Gepäck a këmmert sech ëm de Catering. E gutt Geschäft bei ronn 4,4 Millioune Passagéier (+9% géintiwwer 2018) well et hei keng Konkurrenz gëtt. Aviapartner hätt eng Lizenz mee ass nach net an Erscheinung getrueden.

Esou gutt wéi et Luxair-Services ergeet, esou schlecht leeft et bei Luxair-Cargo. Mat 893.090 Tonne Fracht verzeechent dësen Aarm vum Grupp eng Baisse vu 6,7% géintiwwer 2018 an d‘Previsioune fir 2020 bestätegen dës Tendenz. Dat géif laut dem Verantwortleche vun dësem Departement, Gilles Gigleux, un der genereller Tendenz weltwäit leien. Woubäi de Gros vun der Fracht net Luxair ass…

Luxair-Cargo lieft vun der Cargolux, fir déi si den Handling iwwerhuelen. Dat mécht schliisslech net manner wéi 80% vun der ëmgeschloener Fracht aus. An et gëtt nach festgestallt, datt och wann den elektroneschen Handel zouhëlt, een als Luxair kaum dovunner profitéiert. Datt et eventuell och eppes mat de Kapazitéite kéint ze dinn hunn, dat wollt esou natierlech keen ernimmen.

Vergiesse mir net, datt Lëtzebuerg eng eenzeg Lande- a Startpist huet, wann den Trafic agrenzt. Elo soll dës Pist 2021 „renovéiert“ ginn, an d‘Dauer vun dësen Aarbechte soll 24 Méint bedroen. Et ass zudeem ee Schantjen, déi mat sech bréngt, datt d‘Pist ab 23 Auer ëmmer muss gespaart ginn. Eng Noriicht déi beim lokalen Interesseveräin zu Hamm mat eppes Begeeschterung opgeholl dierft ginn.

Ernimmt gouf och, datt d‘Luxair zanter dem leschten Oktober a seng Präisser eng Fluchhafentax vu 4 Euro huet missen abannen. Dat bezilt natierlech de Client – och wann et säitens de Luxair heescht et géif een weiderhin un de „Lackel-Präisser“ vu 79 bis 99 Euro op bestëmmte Produite, festhalen. Dozou kommen awer elo och eng Rei Taxen am Kontext vum Energie- a Klimaplang…

Foto: © Luxair

Related topics Luxair, Luxair-Cargo, Luxair-Services, Luxair-Tours, Operationelle Bilan
Next post Previous post