Néie Makadamm um Val de Hamm an Boulevard General Patton
D’Staat Lëtzebuerg an Verwaltung vun de Ponts et Chaussées informéieren
D’Staat Lëtzebuerg an Verwaltung vun de Ponts et Chaussées informéieren
Et héiert een ëmmer nees dovunner: Den Acrylamid gëllt als
Nodeems schonn am Juli 2020, de Site vun den Dräi
Et gëtt villes dat sech den Ament op der Welt deet, a wéineg dovunner kann een als „erfreelech“ ëmschreiwen. Sozialkonflikter hunn d‘Welt am Grëff a wann ee sech kéint drop behaapten, datt d‘Fuerderungen sech gläichen, esou gëtt et zuweilen och esou Muenches dat een a Fro stelle muss.
A wann déi sougenannt Demokratiebeweegung zu Hong Kong sech fir Meenungsfräiheet an den Erhalt vun der Autonomie asetzt, sollt et dat begréissen dierfen. Bedenklech gëtt dat ganzt awer dann, wann dës Demokratiebeweegung, där sech jo vill „intelligent jonk Leit“ ugeschloss hunn, op emol den Donald Trump als „Leaderfigur“ fir hire Mouvement auserwielt. Dat huet och seng Grënn.
Vill Aktiviste vun der Demokratiebeweegung sinn iwwerzeegt, datt de Milliardär mam Charisma vun engem nordkoreaneschen Ëmerzéiungslager, déi eenzeg Instanz op der Welt ass, déi China a seng Grenze verweise kann. U wat si dat festmaachen, léisst sech net empiresch erkläeren.
Regelméisseg gesäit ee bei den Demonstratiounen zu Hong Kong amerikanesch Fändelen, zum Erntedankfest gouf déi amerikanesch Nationalhymn gesongen. Déi Jonk wëllen der Welt eigentlech nëmme vermëttelen, datt si dat wat hinne versprach gi war – Demokratie a Fräiheet – och verdéngt hunn. Den US-President an den US-Kongress géif si ënnerstëtzen, dofir wieren si Dankbar.
Vläicht sollten si sech emol mat de Kurden, an eppes méi prezis mat de Männer a Frae vun der Kurdemiliz YPG ënnerhalen, wat eng Ënnerschrëft ënner Gesetzer wäert ass, mat där eng Beweegung „oppen ënnerstëtzt“ gëtt. Hiren Held bedreift grad Wahlkampf an si sinn nëtzlech.
Woubäi dat sech op all d‘Acteuren, also och d‘Demokraten am Kongress uwenne léisst. Mam klengen Ënnerscheet, datt d‘Demokraten net mat Peking mussen iwwert eng Normaliséierung vun den Handelsbezéiunge verhandelen. Zu Hong Kong ass awer och gewosst datt Europa an déi meescht Intellektueller net vum Trump „iwwerzeegt“ sinn. Vläicht sollt een dat emol hannerfroen.
Interessant och dës Ausso: „Hong Kong an Amerika deelen déiselwecht Wäerter, virun allem Fräiheet a Mënscherechter“. Dat ass dann awer elo liicht iwwerdriwwen, well d‘USA sinn a Punkto Mënscherechter éischter selektiv an d‘Wirtschaftsinteresse stinn ëmmer iwwert de Mënscherechter.
Esou sollt een den Aktiviste vun der Demokratiebeweegung zu Hong Kong eventuell emol erklären, datt den Donald Trump seng Fändelen a soss Wahlkampf-Artikel a China hierstelle léisst, an net wéi een dat vum „America First“ President géif erwaarden, vun heemeschen Entreprise maache léisst. A wann et him e Virdeel bréngt, dann erkläert den Trump datt d‘Hong Kong Chinesen onrecht hunn.
Foto: © Hong Kong Sniper