Search

You may also like

Aung San Suu Kyi vu Militärputsch iwwerrascht
Neiegkeeten

Aung San Suu Kyi vu Militärputsch iwwerrascht

Am Myanmar (fréier Burma) sinn déi de facto Regierungspresidentin Aung

Am Texas ass d‘Hell zougefruer
Neiegkeeten

Am Texas ass d‘Hell zougefruer

Äiseg Temperaturen a masseg Schnéi: d‘Amerikaner erliewe grad ee Wanterabroch

De Mound als Tëschenetapp
Neiegkeeten

De Mound als Tëschenetapp

Viru ronn 40 Joer goufe fir d‘Lescht Steng vum Mound

Trump als Mann vu Fridde begréisst

Trump als Mann vu Fridde begréisst

Et war eng kuerz Visite déi den amerikanesche President an der West Bank beim Mahmoud Abbas gemaach hat. De palestinensesche President konnt awer de Moment notze, fir dem Trump säin Dram vun engem onofhängege Staat ze ënnerbreeden. Den Trump selwer schéngt awer alles ausser enger geneeër Virstellung ze hunn wéi sech dat sollt realiséiere loossen.

Wou sech d’Noperen net iwwer de Wee trauen

Esou ass den Donald Trump dann zu Betlehem am Presidentielle Palais vum Mahmoud Abbas empfaange ginn, nodeems säi Konvoi d’Mauer, déi vun Israel opgeriicht ginn ass fir sech géint Ugrëff aus Palestina ze schützen, iwwerwonnen hat. Mam passéiere vum „check point“ deen den Zougang vu Betlehem regelt, konnt sech den amerikanesche President dann och ee Bild vun den israelesch-palestinensesche Realitéite maachen, nodeems hien zu Jerusalem seng éischt Schrëtt um Gebitt vun engem vun den eelste Konflikter dëser Welt gemaach hat.

Hei muss een dann drun erënneren, datt ee groussen Deel vu der Stad Betlehem am Schied vun der Mauer lieft, déi vun den Israelien als „Sécherheetsbarrière“ a vun den Palestinenser als „Apartheid-Mauer“ bezeechent gëtt. Eng Mauer also, déi sech géint en zesummeliewe stellt an den Alldag vu ville Palestinenser vergëft. An trotzdem haten se eng grouss Banderole opgehaange fir den Trump op englesch mat „d’Stad vum Fridde begréisst de Mann vum Fridden“ ze empfänken.

An Israel wéi a Cisjordanien, kann dee wou d’Ambitioun huet den ultimativen diplomateschen Accord ze presidéieren, sech dervun iwwerzeegen, op oder op net Fridde maachen „vläicht net esou schwiereg ass wéi d’Leit dat zanter Jore gleewen“ wéi den Trump dem Abbas et am Wäissen Haus gesot hat. Ee Méindeg zu Jerusalem hat hien, wéi ee nieft dem Benjamin Netanyahu stoung, nach mat „Et ass mer gesot ginn, datt vun allen Accorden, dat ee vun den häertste wier, mee ech hunn den Androck, datt mer et erreeche kënnen. Hoffen ech“ beandrockt.

Ee Partenariat ouni Partner ?

An Israel hat den Trump eng Visioun virgeluecht, déi sech mat der Léisung vum Konflikt an der Géigend befaasst. „D’Konvergenz vun den Interessien tëscht den arabesche Länner an Israel géinteniwwer der Bedreeung vum Extremismus an dem Iran stellt eng rar Opportunitéit duer, fir ee vun den eelste Konflikter vum Planéit ze beendegen“ huet hie gesot.

Den Trump huet dann och zeg mol de Kinnek vu Saudi-Arabien, de Salmane, ernimmt, als onëmgängleche Partner am Friddenseffort, och wann Israel keng diplomatesch Relatioune mam Kinnekräich ënnerhält. „Ech sinn iwwerzeegt, datt ee neit Partenariat méiglech ass“ sot den Trump. „Fir déi éischte Kéier a mengem Liewen, gesinn ech eng reell Hoffnung op ee Changement“ esou dem Netanyahu seng Äntwert.

Dobäi ënnerschloe béid Staatsmänner, datt et seelen esou däischter Wolleken um israelesch-palestinenseschen Horizont ginn huet. Déi lescht Verhandlungen ënnert der Leedung vun den USA sinn 2014 d’Bach erofgaangen. 2017 markéiert zudeem 50 Joer Besatzung a Kolonialisatioun vun de palestinensesche Gebidder.

Den Trump huet sech dann och net getraut an der Ëffentlechkeet op konkret Froen, wéi d’Kolonialisatioun, d’palestinensesch Gewalt oder de Statut vu Jerusalem anzegoen. Hien huet awer Israel d’Verbonnenheet tëscht béide Länner verséchert.

Den Hamas mobiliséiert

An der Vergaangenheet hat den Trump fir gesonden Duerchenaner gesuergt, wéi hien affriméiert huet Jerusalem als Haaptstad vun Israel unzëerkennen. Eng Kéier am Amt huet hien dunn d’Palestinenser nach emol an Opreegung versat, wéi hie sech vun enger zwou Staate-Léisung distanzéiert hat, déi d’Schafe vun engem onofhängege Staat Palestina implizéiert.

An dëser Fro allerdéngs schéngt den Trump sech et anescht iwwerluecht ze hunn, net zu gudder lescht wëll säi Sécherheetsberoder, de Generol HR Mcmaster och de Wonsch vun enger „Selbstbestëmmung vun de Palestinenser“ ausgedréckt huet. Dat freet déi palestinensesch Dirigenten an den Abbas sollt dann och dem Trump ze verstoe ginn, datt säi Vollek d’Hoffnung op en eegestännege Staat net opginn huet.

D’Skepsis allerdéngs bleift erhalen. Ze grouss ass d’Mësstrauen tëscht Israel a Palestina. Dobäi huet den Trump och nach mat engem geschwächte President Abbas ze dinn, deem seng Géigner vum islameschen Hamas, déi d’Muecht an der Gazasträif hunn, haten hir Militante mobiliséiert fir géint d’Aschätzung vum Trump ze protestéieren dënn si als Terroristen astuuft.

Dem Abbas säi Plädoyer

En Dënschdeg, am Kader vun der Entrevue tëscht dem Mahmoud Abbas an dem Donald Trump, huet de palestinensesche President sech op ee neits fir eng zwee Staate-Léisung agesat. „Ech widderhuelen nach eng Kéier, datt eis Positioun déi vun zwee Staaten, an de Grenze vun 1967, engem palestinensesche Staat mat Ost-Jerusalem als Haaptstad an dem friddlechen Zesummeliewe mat Israel, ass“ sot den Abbas a Präsenz vum Trump.

Deen huet awer wéi et schéngt eng gewëssen Distanz zu dëser Léisung geholl, déi awer weiderhin d’historesch Referenz an der internationaler Diplomatie, an der amerikanescher am besonneschen, ass. Den amerikanesche President huet awer versprach säi méiglechst ze maache fir den Israelien an Palestinenser ze hëllefen ee Friddensaccord op d’Been ze stellen. Natierlech ouni konkret ze ginn.

Den Abbas ass do méi kloer „Mir si bereet den Dialog mat eisen israeleschen Noperen op ze maache fir d’Vertrauen ze stäerken an eng seriö Opportunitéit fir de Fridden ze schafen“ wëll, ënnersträicht hien „onse fundamentale Problem ass net de Judaismus als Relioun mee wuel d’Besatzung, d’Kolonialisatioun an de Refus vun Israel de Staat Palestina unzëerkennen, wéi mir et fir si gemaach hunn“.

Den Appell fir ee Kompromëss

Nees zeréck zu Jerusalem sot den Donald Trump viru senger Ofrees „Fridde schléisse wäert net einfach sinn, dat wësse mer alleguerten (…) Béid Säite musse schwiereg Entscheedungen huelen (…) Mee mat der Konsequent an der Iwwerzeegung dass de Fridde méiglech ass, kënnen d’Israelien an d’Palestinenser en Accord fannen“.

Op hien allerdéngs seng Entrevue mam Abbas iwwerzeegend mat „d’Palestinenser si bereet dem Fridden entgéint ze goen“ konnt den israeleschen an amerikaneschen Honorairë bei der Reunioun am Israel Musée iwwerbrénge bleift offen. Hie füügt awer bäi „No menger Entrevue mat mengem ganz gudde Frënd Benjamin, kann ech iech soen datt hien de Fridde wëllt“. Heibäi ënnerschléit den amerikanesche President, datt den Netanyahu an den Abbas säit 2010 kee substantiellt Gespréich méi haten.

Recht huet den Trump allerdéngs mat „d’Konflikter kënnen net éiweg daueren“ obwuel de Sträit tëscht Israel a Palestina och nach ee weidert Joerzéngt wäert Bestand hunn. Datt engersäits, wëll Israel mat senger Siidlungspolitik éischter op Konfrontatioun setzt a kengesfalls gewëllt ass d’Grenze vun 1967 unzehuelen. An Anersäits, wëll den Abbas an seng vun Israel „agesate“ Regierung net den Zousproch vun de Palestinenser huet, deen awer fir eescht gemengte Gespréicher noutwenneg ass.

An da muss nach drop higewise ginn, datt am Ament eng ronn 1.600 palestinensesch Prisonéier am Hongerstreik sinn, wëll si ouni Uklo a Rechtsbäistand an israelesche Prisonge festgehale ginn. Ee Sujet dee guer net ugeschwat ginn ass an just vun ee puer Demonstranten (eis Foto) an d’Welt gedroe ginn ass. Déi huet awer dëse Punkt wéi gewinnt iwwersinn.

Mam Sarah Benhaida an Jérôme Cartillier (AFP)

Foto: Baussent der Gebuertskierch zu Betlehem jäize palestinensesch Demonstrante Sloganen an hale Plakater héich, fir hir Solidaritéit mat den am Hongerstreik befendlechen Prisonéier zu Ausdrock ze bréngen. (© Hazem Bader/AFP)

 

Related topics Israel, Palestina, Trump
Next post Previous post