Search

You may also like

Contournement vu Käerjeng: Widderspréch heefe sech
International Neiegkeeten

Contournement vu Käerjeng: Widderspréch heefe sech

D’Biergerinitiativ Gemeng Suessem asbl ass weider decidéiert a konsequent an

Keen Home-Schooling no der Fuesvakanz
International Neiegkeeten

Keen Home-Schooling no der Fuesvakanz

Wärend sech bei eisen däitsche wéi franséischen Nopere gehéiereg de

Déi grouss Parade
International Neiegkeeten

Déi grouss Parade

Et war en éischter ongewinnte Bild, déi grouss Militärparad op

Den Donald Trump annuléiert de Sommet mam Kim Jong-Un

Den Donald Trump annuléiert de Sommet mam Kim Jong-Un

No deeglaangem Hin an Hier, huet den Donald Trump en Donneschdeg schlussendlech de Sommet mam Kim Jong-Un, deen an dräi Wochen hätt solle stattfannen, annuléiert. Hien denoncéiert d’Feindlechkeet vu Pyongyang.

Mat engen 20 Zeilen, déi un den drëssegjärege Staatschef adresséiert waren, huet de 45. US-President seng Entscheedung matgedeelt, op d’Entrevue vum 12. Juni verzichten ze wëllen. E Sommet deen sech als historesch ugekënnegt hat, a wou den Donald Trump am Mäerz selwer dem Prinzip zougestëmmt hat.

„Ech sinn der Meenung, dat et am aktuelle Stadium net opportun ass, un dëser Entrevue festzehalen“, esou den Donald Trump am Text dee vun der amerikanescher Exekutive verëffentlecht ginn ass. Eng Annonce op den Dag genee, wou Pyongyang ugekënnegt huet seng nuklear Testanlag vu Punggye-ri ofzerappen.

Vill auslännesch Staatscheffen hunn dozou hir Enttäuschung ausgedréckt. An der éischter Rei, de südkoreanesche President Moon Jae-in, deen d’Tournure vun den Evenementer als „besonnesch bedauerlech“ beschriwwen huet.

De Pentagon ass op all Provokatioun virbereet

De Pentagon huet sech bereet erkläert, op all Provokatioun vun Nordkorea ze äntweren, an huet ënnerstrach, datt d’USA determinéiert sinn, hir Campagne vum „maximalen Drock“ weider ze féieren. Dat sinn: wirtschaftlech Sanktiounen a militäresch Presenz.

No villen optimisteschen Deklaratiounen – déi laut senge Géigner „naiv“ waren – huet den US-President an de leschten Deeg den Toun „gewiesselt“. „Ech war ongedëlleg iech dohannen ze begéinen“ erkläert den Trump a sengem Courrier.

„Leider, an hisichtlech der grousser Roserei a Feindschaft, déi aus ärer leschter Deklaratioun ervirgeet, sinn ech der Meenung, datt et aktuell net opportun ass un dëser Entrevue festzehalen“. Hien huet awer d’Dier opgelooss, fir e Meeting zu engem spéideren Zäitpunkt.

En héijem amerikanesche Responsabel dee net wëll genannt ginn, huet um Donneschdeg „eng Rei net gehale Verspriechen an en déiwe Mangel un Éierlechkeet“ erwähnt, fir d’Entscheedung vum Donald Trump ze erklären.

De verpasste „Rendez-vous“

Dëse Responsabel huet am besonnesche bedauert, datt d’Nordkoreaner déi lescht Woch zu Singapur net zum Rendez-vous erschénge sinn, bei deem d’Entrevue mat Vertrieder aus dem Wäissen Haus sollt virbereet ginn. „Si hu gewaart a gewaart. D’Nordkoreaner sinn ni komm. D’Nordkoreaner hunn eis näischt gesot“, erzielt hien enttäuscht.

„Wann der är Meenung ännert, wat dëse ganz wichtege Sommet betrëfft. Wann ech gelift zéckt net mech unzeruffen oder mir ze schreiwen“, esou den US-President, deen aus politescher Siicht vill an dëse Sommet investéiert huet. Hien hat esouguer d’Hypothees vun engem Friddensnobelpräis, dee vu verschiddene republikaneschen Deputéierten an de Raum gestallt gi war, verdeedegt.

De russescher President bedauert och d’Entscheedung vum US-President, well de Sommet hätt kënnen den Ufank vun der atomarer Ofrëschtung fir d’koreanesch Hallefinsel bedeiten. Hien hofft awer, datt et nach iergendwann zu dëser Entrevue komme kann. De Macron, op Besuch zu Moskau, huet de Wonsch ausgedréckt, datt de Prozess vun der atomarer Ofrëschtung weidergefouert gëtt.

mam Jerome Cartillier/AFP

Foto: Um Freideg ass et kuerz no der Ukënnegung vum Donald Trump, datt de Sommet mam Kim Jong-un „fale gelooss gëtt“ virun der US-Ambassade zu Seoul zu enger Manifestatioun komm. D’Manifestanten hunn zu méi Dialog tëscht den dräi Leader opgeruff. © Ed Jones/AFP

Related topics Donald Trump, Kim Jong-Un, Nordkorea, Sommet, USA
Next post Previous post