Search

You may also like

No der Fermeture vum Jeudi: de Sozialplang läit um Dësch
International Neiegkeeten

No der Fermeture vum Jeudi: de Sozialplang läit um Dësch

Wéi bosseg et ass, wann deng Gewerkschaft als Aktionär indirekt

What the Fakt – De Rembrandt an den Dokter Tulp
International Neiegkeeten

What the Fakt – De Rembrandt an den Dokter Tulp

D’Bild zur anatomescher Virliesung vum Dr. Tulp ass eent vun

What the Fakt – Iwwert de katastrophale Start vum Disneyland…
International Neiegkeeten

What the Fakt – Iwwert de katastrophale Start vum Disneyland…

Eigentlech hätt dem Walt Disney säi Fräizäitpark Disneyland a Kalifornien

Den US-Milliardär an de Coronavirus

Den US-Milliardär an de Coronavirus

Geet et dem US-President no, dann erleedegt d‘Fréijoer dës neiaarteg Longekrankheet. Trotzdeem huet d‘US-Representantenhaus virsiichtshallwer 8 Milliarden US-Dollar bewëllegt, fir de Covid19 anzedämmen. Offiziell gëtt et 150 Infektiounsfäll an engem Land wou Krank sinn de Ruin bedeit…

Nodeems den Donald Trump seng riets Hand Mike Pence – ee Mann mat vill militärescher Erfarung – als Chef vun der „Corona-Taskforce“ am Wäissen Haus agesat huet, besteet keng Gefor méi fir déi amerikanesch Bevëlkerung. Den US-Vizepresident organiséiert all Dag eng Pressekonferenz zu dësem Thema an gëtt dobäi vum Chef vun der Seechekontroll a medezineschen Experte flankéiert.

Hie verséchert allen Amerikaner an niewebäi der ganzer Welt, datt dem US-President näischt méi um Häerze läit, wéi d‘Gesondheet vu senge Matbierger. Dofir huet bis zu engem Drëttel vun dëse Matbierger keng Krankeversécherung, wéi et sengerzäit vum Barack Obama, an aktuell vum Bernie Sanders gefuerdert gëtt. Wien net Krankeverséchert ass, gëtt einfach net krank a ka sech net infizéieren.

Zumindest wier dat déi logesch Schlussfolgerung, wann ee sech intellektuell op Trump-Niveau befënnt. Pech fir den US-President, et gëtt am Land vun den onbegrenzte Méiglechkeete Leit, déi ausser engem Häerz och nach Verstand hunn, an dësen esouguer zum Ausdrock brénge kënnen. Ee vun hinnen ass de Katastropheschutz-Expert Irwin Redlener vun der Columbia Universitéit.

A sollt den Irwin Redlener gëschter d‘Wourecht gesot hunn, da wier dat eng batter… Géintiwwer de Kolleege vum Sender NPR huet hie gesot: „Ons Gesondheetsexperten a Vertrieder vun de betraffene Verwaltungen hunn de Maulkuerf ugedoe kritt. Si mussen sech all Äusserunge vum Wäissen Haus ofseene loossen. Dat ass net nëmmen ongewinnt mee virun allem extreemst geféierlech“.

Et ass ee lëschtege Kadett deen zur Risikogrupp ze zielen ass

Datt den Donald Trump eng zolidd mat der Dänn huet – wat hien zuweilen zur Gefor fir d‘Welt an eigentlech déi ganz Mënschheet mécht – doriwwer gëtt nach ëmmer gelaacht, woubäi et vläicht nees ubruecht wier sech dem Eescht vun der Situatioun zouzewennen. Mee et ass Wahlkampf an der Welt gréissten Diplomat strieft en zweet Mandat un, an dofir brauch et eng positiv Astellung.

Esou huet den Donald Trump bei enger Wahlkampfveranstaltung de Coronavirus als „Schwindel“ vun den Demokrate verkläert. Datt déi elo sollten dëse Virus „erfonnt“ hunn fir den US-President aus dem Amt ze verjoen, esou däämlech sollt net emol dem Trump säi gréisste Fan sinn, a genee do läit de Problem. Dem Trump seng Fans hu wuel keng Krankekeess, dofir bedéngungslos Vertrauen.

CoronavirusZudeem huet de Klatzkapp un der Säit vum Melania keng Hemmung ze leien datt sech d‘Balleke béien. Esou behaapt de verlugenen Hond, datt d‘Ursaach, firwat et net géif genuch Tester ginn, dem Barack Obama zouzeschreiwe wier. Jo gutt, ausnamsweis konnt hien hei net de Russen d‘Schold ginn an bei de Chinesen ass de Coronavirus ausgebrach. An den Obama ass souwisou ee Béisen…

Dozou mengt de Lou Correa (Demokraten Deputéierten aus Kalifornien): „De Problem huet sech am Dezember a China entwéckelt. Mir fänken elo emol esou lues un, dat Ganzt eescht ze huelen an eis mam Thema ze beschäftegen. Haalt dach einfach domadder op den Obama oder d‘Demokrate verantwortlech ze maachen a beweegt iech“. Dat war „politesch korrekt“ fir: „Maach eppes Idiot!“

Gutt et gëtt elo net wierklech Grënn an den USA Panik ze hunn

Bis ewell gëtt et an den USA ronn 150 bestätegt Fäll, déi allermeescht dovunner un der Westküst. Eelef Amerikaner hunn dem US-President net gefollegt an sinn entgéint sengen Uweisungen un de Follege vum Covid19 agaangen. Elo dierf een awer nach drop hiweisen, datt aktuell eréischt eng 3.500 Amerikaner getest goufen, well just den Zenter zu Atlanta Ënnersichunge gemaach huet.

Hale mir och nach fest, datt de Seechenzenter vun Atlanta voll a ganz op der presidentieller Linn ass. Dat zu Atlanta agesaten Testverfaren ass wéi déi aktuell US-Politik: Onzouverlässeg. Elo dierfe wuel och aner Laboratoiren Tester maachen, an de Mike Pence huet versprach, datt an de nächsten Deeg 1,5 Milliounen Test-Sätz zur Verfügung stoe wäerten. Et kann also näischt méi schif goen.

Blöd just datt och wann et muer en Test-Kit fir all Amerikaner géif ginn, déi se net géife benotzen. Dat huet mam Gesondheetssystem u sech ze sinn. Esou „extra-Leeschtungen“ gi fir gewéinlech net emol vun enger vum Patron oder der eegener Krankeversécherung (falls een eng huet) ofgedeckt. Et gëtt also direkt Deier an den Amerikaner geet wierklech nëmmen a leschter Instanz bei den Dokter.

D‘USA si wuel besser opgestallt wéi den afrikanesche Kontinent, wat d‘Couverture am sanitäre Sënn betrëfft. Am Géigesaz awer zu den Afrikaner, déi gäre vun enger medezinescher Offer wéilte gebrauch maachen, huet den Amerikaner op alle Eck Zougrëff op medezinesch Déngschter, mee hie ka se sech net leeschten. An dofir mussen si elo alleguerte stierwen… nach virun de Wahlen

mat indymedia/nyc

Foto: © Francis S. Collins

Related topics Coronavirus, Covid19, Donald Trump, Krankekeess, USA
Next post Previous post