Search

You may also like

Osteopathie: Ab 2018 endlech unerkannt
International Neiegkeeten

Osteopathie: Ab 2018 endlech unerkannt

Et ass e verkannte Beruff, a vill schwätze gäre vum

De Café Shabandar: de Mekka fir déi irakesch Intellektuell zanter engem Joerhonnert
International Neiegkeeten

De Café Shabandar: de Mekka fir déi irakesch Intellektuell zanter engem Joerhonnert

Am Häerze vun der Allee vun de Stroossenhändler zu Bagdad,

moneysurprise
Et ass Autofestival… an dir wëllt aus Ëmweltgrënn ären Diesel ofginn
International Neiegkeeten

Et ass Autofestival… an dir wëllt aus Ëmweltgrënn ären Diesel ofginn

Op „Marsch fir de Klima“ oder „Youth 4 Climate“, an

Den Trump entléisst säin Ausseminister

Den Trump entléisst säin Ausseminister

Mat engem „kuerzen“ Tweet huet den Donald Trump um Dënschdeg säin Ausseminister, de Rex Tillerson, op eng nei berufflech Zukunft virbereet. D‘Relatioun tëscht béide Männer war ugespaant an de neie Chef vun der US-Diplomatie soll de Mike Pompeo ginn, aktuell Direkter vum CIA.

„De Mike Pompeo, Direkter vun der CIA, gëtt ären neien Ausseminister. Hie wäert eng fantastesch Aarbecht leeschten! Merci un de Rex Tillerson fir seng Déngschter“, esou den Tweet. Fir de fréiere staarke Mann vun ExxonMobil, gëtt elo dann och emol Zäit sech ëm sech selwer ze këmmeren.

Aus dem Wäissen Haus heescht et, datt den US-President sech eng nei Equipe wollt ginn, virun den historesche Gespréicher mat Nordkorea. Den Donald Trump hat déi lescht Woch eng Invitatioun vum Kim Jong-un ugeholl, fir iwwert den Ofbau vum nordkoreaneschen Arsenal ze schwätzen.

Trappewitz vun der Geschicht: uganks Oktober nach, hat den US-President säin Ausseminister ëffentlech néiergemaach, well deen zouginn huet, datt et nach Kommunikatiounskanäl mat Nordkorea gëtt. Iwwert dee Wee wollt een d‘Absichte vum Regimm sondéieren.

Deemools hat den Donald Trump op Twitter gemengt: „Hie verschwent seng Zäit mat verhandelen“. Mat engem „oppenen Tweet“ huet de Locataire aus dem Wäissen Haus sengem Ausseminister gesot: „Versuerg deng Kraaft Rex, mir wäerte maache wat gemaach muss ginn“.

Zwee Käpp, zwou Meenungen

Op d‘Fro firwat hien sech zu dëser „Entloossung“ duerchgerongen hätt, seet den US-President, datt et grouss Meenungsënnerscheeder ginn hätt. A ville Beräicher wier ee sech um Fong net eens gewiescht, a besonnesch beim Nuklearprogramm vum Iran, hätt et kee Konsens ginn.

„Wann dir iech d‘Nuklearofkommes mam Iran ukuckt: ech mengen deen ass schrecklech, hien ass der Usicht domatter kéint ee liewen“, esou den Donald Trump am Gaart vum Wäissen Haus, iert hien sech a Richtung Kalifornien duerch d‘Bascht gemaach huet.

Mat enger kuerzer Ried, huet de Rex Tillerson – dee säin Amt um 31. Mäerz verléisst – sengen Equippen e grousse Merci gesot. Kee Wuert iwwert den US-President, awer eng kleng „Pick“. An der „Russland-Affär“ misst Washington méi ënnerhuelen, a Moskau d‘Grenzen opweisen.

De mexikaneschen Ausseminister, huet dem Trump bei dëser Geleeënheet den diplomatesche Mëttelfanger gewisen. An engem Communiqué huet deen dem Rex Tillerson „fir säin Asaz zur Fërderung vun der Relatioun tëscht Mexiko an den USA“ geéiert.

De CIA an den Hänn vun enger Fra

Wien säin Ausseminister entléisst, a säi Geheimdéngschtdirekter zum Ausseminister mécht, huet en onbesate Posten. Also huet den Donald Trump ugekënnegt, datt d‘Gina Haspel d‘Direktioun vum CIA iwwerhëlt. Si gëtt déi éischte Fra déi d‘Kontroll vum CIA iwwerhëlt.

Mee dës Bier ass nach net geschielt. D‘Gina Haspel huet eng Vergaangenheet, si war agebonnen an de Programm zur Folter nom „11. September“. Dat kéint also nach eng ganz delikat Auditioun virum Senat ginn. Dee muss déi gutt Fra am Amt bestätegen.

De republikanesche Senateur John McCain, eng „Figur“ vum Kongress an erkläerte Géigner vun der Folter, huet d‘Parlamentarier opgeruff hir Aarbecht ze maachen. Si sollte mat grousser Opmierksamkeet d‘Roll vum Gina Haspel an dësem schänterleche Programm analyséieren.

E schéngt dann och ze wësse vu wat hie schwätzt. De John McCain war selwer der Folter ausgesat, wéi hien am Vietnamkrich gefaange gouf. De Senateur war dann och ee vun den éischten, déi dem Bush seng „avancéiert Befroungstechnik“ nom Uschlag vum 11. September denoncéiert hat.

Erniddregend

Als „Zeechen“ datt et am Ament net grad gutt leeft – ëmmerhin huet et an der Trump-Administratioun scho vill Entloossunge ginn – kann een och d‘Aart a Weis vun der Kënnegung gesinn. Esou huet den US-President eréischt e puer Stonnen nom Tweet, aus dem Fliger, ugeruff.

De Steve Goldstein, héije Verantwortleche vu der US-Diplomatie, hat nach gemengt: „Den Ausseminister huet keng Informatioun iwwert d‘Ursaachen erhalen“. E puer Minutte méi spéit war och hie säi Job lass, well dem Wäissen Haus seng Interventioun ze „kritesch“ war.

Am Kontrast dozou, huet den Donald Trump de Mike Pompeo an de gréissten Téin gelueft. „Ech schaffe mam Mike Pompeo schonn eng Zäitchen zesummen“, esou de Trump dee besonnesch déi formidabel Energie a grouss Intelligenz vum CIA-Direkter ënnerstrach huet.

„Felicitatiounen u mäi Frënd an zukünftegen Ausseminister Mike Pompeo!“, tweet d‘Nikki Haley, US-Ambassadrice bei der UNO. „Exzellente Choix vum President“, esou déi Fra, déi kee Wuert iwwert dee verléiert, wou ee Joer laang säin Ausseminister war.

Wann‘s de mengs du häss alles gesinn

Den Aaron David Miller, fréieren Diplomat a Spezialist fir den Noen-Osten, huet keen Heel aus senger Verwonnerung gemaach. An enger Kolumne, déi um Site vu CNN verëffentlecht ginn ass, huet hien dann och kee Blat virun de Mond geholl.

„Ech hu mat enger hallwer Dosen Ausseminister zesummegeschafft, a war der Meenung, datt ech bal alles gesinn hätt, wat bürokratesch Intrigen a politesch Seefenopere betrëfft“, esou den Diplomat, dee perplex ass, virun esou enger Kënnegung, esou enger Erniddregung.

Eppes méi diskret, hat den Donald Trump um Méindeg säi perséinlechen Assistent, John McEntee, schonn e Méindeg an d‘Wüst geschéckt. Laut US-Medie steet d‘Kënnegung am Zesummenhang mat enger Enquête, déi géint den Assistent wéinst finanziellem „Mëssbrauch“ gefouert gëtt.

mam Jérôme Cartillier an dem Dave Clark/AFP

Foto: De Rex Tillerson, mat engem Tweet aus dem Amt gejot, seet senge Leit Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht, an de Medien „Äddi“. An senger kuerzer Ried ass hien net op den Donald Trump agaangen. © Saul Loeb/AFP

Related topics Ausseminister, Gina Haspel, Mike Pompeo, Rex Tillerson, USA
Next post Previous post