Search

You may also like

Huet d‘Covid19-Epidemie en Impakt op d‘Mënscherechter?
International Neiegkeeten

Huet d‘Covid19-Epidemie en Impakt op d‘Mënscherechter?

Fir de President vun der CCDH, Gilbert Pregno, war et

Washington entzitt Palestina 200 Milliounen Entwécklungshëllef
International Neiegkeeten

Washington entzitt Palestina 200 Milliounen Entwécklungshëllef

Zu Washington, huet e Freideg d‘Trump-Administratioun ugekënnegt, datt d‘USA iwwer

Ëffentlechen Transport: Eng Rëtsch Upassungen ab dem 9. Mee 2021
International Neiegkeeten

Ëffentlechen Transport: Eng Rëtsch Upassungen ab dem 9. Mee 2021

D’Verwaltung vum ëffentlechen Transport deelt mat, datt et ab dësem

US-President verleet G7-Sommet an den Hiecht

US-President verleet G7-Sommet an den Hiecht

Nodeems d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel, schonn eng physesch Participatioun um Sommet vun de siwe groussen Industrienatiounen ausgeschloss hat, hunn se zu Washington entscheet dat Ganzt an den Hiecht ze verleeën. Bei der Annonce dozou, huet den Donald Trump awer duerchblécke gelooss, datt et dee leschte Sommet dëser Aart kéint sinn. Hien hält d‘G7-Sommete fir iwwerlieft…

Eigentlech war dat grousst „Familljentreffen“ fir de Juni fest geplangt, mee et muss an de Kulissen eppes ramouert hunn. Zum engen ass do d‘Covid19-Pandemie – déi an den USA éischter schlecht wéi Recht geréiert gëtt – an zum anere wierkt sech och dem US-President seng Aussepolitik an déi sëlleche Streidereien, déi hien am Kontext vun enger Wahlkampfstrategie vum Zonk gebrach huet.

An den Donald Trump huet erwisenermoossen, och d‘Annonce vum Report genotzt fir d‘Stëmmung ënnert de „Partner“ nach eppes ze versalzen. Hien ass net méi iwwerzeegt, datt d‘Zesummesetzung vun de G7-Länner de globale Realitéite gerecht gëtt. Um Réckfluch vu Cape Canaveral, wou hien sech de Start vun der Falcon9 ugekuckt hat, sot hien de Reporter, datt dat Ganzt veraalt wier.

Hie geséich et gären, wann nieft den aktuelle Länner (Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien, Japan, Kanada an USA) och Australien, Indien, Russland a Südkorea hei géife mat an de Club vun de gréissten Industrienatiounen opgeholl ginn. Dat hei China explizit net ernimmt gëtt, well dat d‘Land ass erwisenermoossen eng Industrienatioun, bezitt sech op d‘Aktualitéit.

Ee kléngen Iwwerbléck

Dem Donald Trump säi G7-Sommet stoung vun Ufank un ënnert kengem gudde Stär. Dee sollt jo schonn am Mäerz stattfannen, mee d‘Pandemie huet dat verhënnert. Et sollt dunn zu engem virtuelle Sommet kommen, mee dat war net nom Gusto vum US-President. Dee stécht matten an engem Wahlkampf fir en zweet Mandat, a brauch esouwuel Opmierksamkeet wéi Ëffentlechkeet.

Esou huet de gréissten Diplomat vum 21. Joerhonnert dann och virun enger Woch annoncéiert, datt de Sommet kéint am Juni als „Präsenztreffen“ stattfannen. Dat dat awer net am trumpschen Hotel a Florida, an net emol zu Camp David, dem Landsëtz vun den US-Presidenten. Nee hien huet sech geduecht, datt wann alles op d‘Kopp gestallt gëtt, da kann de G7 och am Wäissen Haus stattfannen.

Hien a säin Team sinn der Meenung datt si déi sanitär Kris voll am Grëff hunn an sech d‘Land scho gutt vum Covid19 erhëlt. De G7, esou den Donald Trump, wier ee „groussaartegt Signal vun der Normaliséierung“. Gemengt ass wuel, datt sech hei Punkte fir d‘Wahle vum November gewanne loossen. Mee wat wëlls de maachen, wann d‘Gespréichspartner sech un d‘Gest Barrière halen?

mat indymedia/wdc

Foto: Den Trump um Réckfluch vu Cape Canaveral op Washington © Joseph S.

Related topics Donald Trump, G7-Sommet, USA, Washington
Next post Previous post