Search

You may also like

D‘EU mécht 4,7 Milliounen Euro labber fir de Vëlo-Cargo zu Bréissel ze fërderen
International Neiegkeeten

D‘EU mécht 4,7 Milliounen Euro labber fir de Vëlo-Cargo zu Bréissel ze fërderen

E Mëttwoch huet d‘EU-Kommissioun déi eelef Laureaten vun engem Projet-Appell

De Bus-Arrêt Monterey Quai 1 entfält temporär
International Neiegkeeten

De Bus-Arrêt Monterey Quai 1 entfält temporär

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt e Samschdeg, de 14. November

D’Kreeslafwirtschaft, erkläert
International Neiegkeeten

D’Kreeslafwirtschaft, erkläert

Kreeslafwirtschaft oder Circular Economy: Dat ass e Begrëff, deen een

Den Donald Trump ass eng signifikativ Gefor fir de Rechtsstaat

Den Donald Trump ass eng signifikativ Gefor fir de Rechtsstaat

Um Donneschdeg huet de fréieren FBI-Chef James Comey, deen déi lescht Woch mat sengem Buch „A Higher Loyalty: Truth, Lies, and Leadership” an Schlagzeile gerode war, sech op e neits iwwert den Donald Trump ausgelooss. Dee Wier eng „signifikativ Gefor fir de Rechtsstaat“ an déi gewielte Republikaner wiere seng Komplizen.

Den James Comey, dee vum US-President de 9. Mee 2017 bei der Däiwel gejot ginn ass, relativiséiert seng eegen Ausso direkt a bemierkt, bei der ëffentlecher Opnam vu vum Podcast „The New Yorker Hour“ (Eng Kooperatioun tëscht dem ëffentleche Radio WNYC an dem Magazin The New Yorker): „De Rechtsstaat ass nach net a Gefor well e staark a widderstandsfäeg ass, mee e verlaangt eng stänneg Opmierksamkeet“.

Säit elo gutt enger Woch ass den James Comey „on Tour“ fir d‘Promotioun vu sengem Buch ze maachen – datt an der franséischer Fassung „Mensonges et Vérités“ betitelt gëtt – an op Amazon als „Topseller“ gelëscht ass. Am Buch geet de fréieren Affekot an federale Procureur vu 57 Joer, haart an d‘Geriicht mam Donald Trump, deen hien als „onéierlech“ an „egozentresch“ beschreift.

E mafiéise President mécht sech schlecht an de Geschichtsbicher

Den James Comey geet esouwäit, dem US-President seng Methoden als „mafiéis“ ze bezeechnen. Fir hie maachen sech déi gewielte Republikaner matschëlleg um Donald Trump sengem „Gemauschels“.„Dës Leit mussen sech eng Fro stellen“ äntwert hien op eng Fro zum republikanesche President vun der Representantekummer, Paul Ryan, an dem President vum Senat, Mitch McConnell.

„A net nëmmen dëse Responsabelen: ‚Wat wäert ech mengen Enkel erzielen?‘. Ech hu Versteesdemech fir hir politesch Prioritéiten, mee enges gudden Daags wäerten är Enkelkanner dat an der Schoul léieren a sech d‘Fro stellen: ‚Dir wat do. Wat hutt dir gemaach?‘. Den James Comey werft dëse Politiker fir, sech verkaf ze hunn, fir eng Steierreform oder e Posten als Magistrat beim ieweschte Geriichtshaff.

Si hätte mat sech „handele“ gelooss, seet den James Comey „iwwert dat wat mécht wat mir sinn. A mir sinn nëmmen eng Sammlung vun Iddien, Wäerter an Uspréch“. No esou Aussoen, dierft ersiichtlech ginn, datt den James Comey am Moment net gewëllt schéngt labber ze loossen. Dem Donald Trump huet sech en aflossräiche Géigner gemaach, deen och de Nerv vun de Medien trëfft, vun deenen den US-President gäre behaapt se géifen nëmme Lige verbreeden.

mat AFP

Foto: Den James Comey ass duerch d‘USA ënnerwee, fir Reklamm fir säi Buch “A Higher Loyalty: Truth, Lies, and Leadership” ze maachen. Um Mëttwoch war hien am renomméierten New Yorker Bicherbuttek „Barnes & Noble“. An esouvill ass sécher, säi Buch ass schonn no enger Woch an den USA e „Bestseller“. © Drew Angerer/Getty Images/AFP

Related topics Donald Trump, Egozentrik, James Comey, Ligen, Mafia
Next post Previous post