USA: Wann ee klengt Meedchen a Retentioun stierft
Den Dout vun engem siwejärege Meedchen aus Guatemala, nëmmen e
Den Dout vun engem siwejärege Meedchen aus Guatemala, nëmmen e
No intensive Verhandlungen, déi sech iwwer Méint gezunn hunn, huet
Elo ass de Philippe Wilmes – Brudder vum Serge Wilmes,
Wärend Millioune vu Mënschen an den USA sech iwwer Chrëschtdag gefrot hunn aus wat Muer wäert gemaach sinn, huet den historesch gréissten an der Welt intellektuell iwwerleeëne President vun de Vereenegte Staaten zu Mar-a-Lago säi Golfhandicap verbessert. De Konjunkturpak, deen den US-Kongress beschloss huet, wollt den Donald Trump fir ze vrecken net ënnerschreiwen.
Et war du säi Spriecher, Judd Deere, deen um Sonndegowend via Twitter matgedeelt huet, datt de Chef sech dat ganzt nach emol a Rou wollt duerch de Kapp goe loossen, well et sech jo awer ëm e Pak vun 900 Milliarden US-Dollar handelt. An eigentlech wollt den Donald Trump säi Veto géint dëst Gesetz aleeën, dat hien als „schänterlech“ bezeechent huet. Hien hat nämlech aneres am Sënn.
Esou wollt den Donald Trump senge Landsleit eng eemoleg Finanzsprëtz an Héicht vun 2.000 US-Dollar pro erwuessenen Amerikaner vergënnen. Am vum Kongress gestëmmte Konjunkturpak gëtt et der awer nëmme 600. Hie fuerdert dat elo hei nogebessert gëtt, an de Mënsche méi wéi just Gegrimmels virun d‘Féiss geworf gëtt. Ouni Ënnerschrëft wier d‘Lag allerdéngs net besser ginn.
Hätt de Mann, deen als gréisste Walbedruchsaffer an d‘Geschicht vun der Mënschheet wäert agoen, net „noginn“, wieren d‘Konsequenze fir Millioune Bierger dramatesch gewiescht. De Wësch huet misse viru Mëtternuecht mam presidentielle Krop versi ginn, soss wier d‘Chômageentschiedegung bei der Däiwel gewiescht, vill Mënschen hätten nees aus hire Wunnengen dierfe verjot ginn.
D‘Entreprise brauchen d‘Suen aus dësem Konjunkturpak och. Déi sollt een net ënnergoe loossen, wann een nach Employeure brauch, falls d‘Covid19-Kris an den USA sollt en Enn fannen. Mee et geet net nëmmen ëm ee Konjunkturpak: dës Finanzsprëtz ass och un de Budget, deen am Entworf eng 1,4 Billiounen ëmfaasst, mat deem de Betrib vun der Regierung finanzéiert gëtt, gekoppelt.
Esou hätten also net nëmme Millioune Bierger an dausenden Entreprisen d‘Luucht ausgeknipst kritt, mee och d‘Bundesverwaltungen hätte missen zougemaach (Shutdown) ginn. Duerch den Drock aus dem eegene Lager, ass den tolerantste a wäitsiichtegste President vun allen Demokratien op der Welt, iwwert säi Schied gesprongen. An 23 Deeg muss hie säi Mandat un de Biden ofginn.
mat indymedia/was
Foto: © Jon Tyson / unsplash