Search

You may also like

De Wirtschaftsministère kritt e neie Mataarbechter fir de Spacemining Projet
International Neiegkeeten

De Wirtschaftsministère kritt e neie Mataarbechter fir de Spacemining Projet

Am Kader vum „Spacemining-Projet“ mécht de Wirtschaftsministère grouss Efforte fir

Monnerecher Kartingpist: Ab dem 1. Abrëll 2021 nees op
International Neiegkeeten

Monnerecher Kartingpist: Ab dem 1. Abrëll 2021 nees op

Ob Pilot mat Lizenz, Amateur oder einfach interesséiert um Rennen,

Laut BioG leit d’Biomëllech aus Lëtzebuerg ënnert dem Protektionismus vun de Nopeschlänner
International Neiegkeeten

Laut BioG leit d’Biomëllech aus Lëtzebuerg ënnert dem Protektionismus vun de Nopeschlänner

D‘Ofschafe vun den EU-Mëllechquote setzt déi lëtzebuergesch Bio-Mëllech ënner Drock.

USA: Coronavirus-Finanzhëllef per Dekret

USA: Coronavirus-Finanzhëllef per Dekret

Nodeems d‘Verhandlunge mat den Demokraten am Kongress gescheitert sinn, huet den Donald Trump weider Hëllef per Dekret beschloss. Ee Frowierdege Gest, ugesiichts der Tatsaach, datt d‘Verdeelung vu Geld den Deputéierten zousteet…

Well d‘Verhandlungen zu engem neie Konjunkturpak am US-Kongress an enger Sakgaass gelant sinn, huet den US-President kuerzerhand Verfügunge gezeechent, fir eng Rei Moossnamen och ouni den Accord vum Parlament duerchzesetzen. Chômeure solle bis Joresenn 400 US-Dollar an der Woch erhalen, Zwangsraimunge gi gestoppt a Sozialversécherungscotisatioune sollen ausgesat ginn.

A sengem Golfclub zu Bedminster (New Jersey) huet den Donald Trump erkläert, datt et hei drëms geet de Familljen – déi jo keng Schold un der Covid19-Pandemie hunn – d‘Zukunft net ze huelen. Hien huet géintiwwer de Journalisten och nach emol betount, datt sollt hien d‘Presidentschaftswahl den 3. November gewannen, et zu weidere Steiererliichterunge komme géif.

Seng Entscheedung, dës Mesure per Dekret ëmzesetzen, kéint ee juristescht Nospill hunn. Esou Decisioune kënne streng geholl nëmme mat der Zoustëmmung vum US-Kongress geholl ginn, mee da missten sech d‘Republikaner schonn engem Kompromëss mat den Demokraten zouwennen. De Milliardär ass wéi gewinnt zouversiichtlech, a geet net dovunner aus dat eng Klo Chancen hätt.

Trump

Um Freideg waren sech d‘Demokraten – si stellen d‘Majoritéit am Kongress – an d‘Republikaner net eens ginn, firwat den Donald Trump bestoend Finanzmëttel ëmdirigéiert. Hei gëtt deels op Geld aus virechte Konjunkturpäck zeréckgegraff. „Mir hu vill Geld, dat nach net ausginn ass“, esou den US-President, deen iwwerzeegt ass, datt keen et woe wäert eng sozial Moossnam a Fro ze stellen.

E klenge „Schéinheetsfeeler“ huet dem Milliardär seng Iwwerleeung allerdéngs schon. Gutt 25% vum Geld dat fir d‘Chômeure virgesinn ass, muss vun de Bundesstaaten opgewannt ginn. Déi hunn allerdéngs och eidel Keesen an dierfte wéineg Versteesdemech mir esou eng opgezwonge Mesure hunn. Déi meescht Bundesstaaten, hunn am Kontext vun der Pandemie hir Reserven opgebraucht.

mat indymedia/nyc

Foto: © Library of Congress

Related topics Bedminster, Dekret, Donald Trump, Golfclub, Konjunkturpak
Next post Previous post