Transition Days Podcast: D’Energiewende als Gewënn fir d’Gesellschaft (Episod 2)
Nodeems déi éischt Episod vum Transition Days Podcast ënnert dem
Nodeems déi éischt Episod vum Transition Days Podcast ënnert dem
Wäissrussland huet mat „effet immediat“ allen auslännesche Journalisten d’Akkreditéierung entzunn.
No engem „Football“ Spill am Ladd-Peebles Stadion zu Mobile (US-Bundesstaat
Et ass dem Donald Trump säin éischte Besuch am Land vun der opgoender Sonn an eigentlech sinn d‘Bezéiungen tëscht Tokio a Washington ganz gutt. Den US-President awer, deen huet op e neits misse mam Läffel an d‘Zopp schloen…
Beim Meeting mat de 40 wichtegste Wirtschaftsacteure vu Japan, huet den Donald Trump op méi Investitioune vu japaneschen Entreprisen an den USA gedrängt. Hie stéiert sech um groussen Handelsiwwerschoss an hält Zäit fir gënschteg seng Fuerderungen och duerchgesat ze kréien. Déi Zäite wou Japan e substantielle Virdeel genoss hätt wieren eriwwer.
An dem US-President huet sech virgeholl a bilaterale Verhandlungen nees e Gläichgewiicht tëscht béiden Natiounen hierzestellen. Woubäi „Verhandlung“ net wierklech den Toun trëfft, well den Donald Trump mécht verständlech, datt sollten seng Propose net op Zousproch falen, déi japanesch Autoe mat Douanestaxe beluecht ginn. Bei Honda, Nissan an Toyota ass de Message ukomm.
Fir den US-Milliardär ass awer en Handelsofkommes mat Japan déi eenzeg Méiglechkeet zu méi faire Wirtschaftsbezéiungen ze kommen. Et dierft e Méindeg och den zentrale Punkt bei de „véier-Aen“ Gespréicher mam Ministerpresident Shinzo Abe sinn. Fir d‘Entrevue vum Méindeg net schonn am Virfeld ze torpedéieren, hat den Donald Trump dann awer nach verséinlech Wierder.
An den USA géife ronn 1 Millioun Aarbechtsplaze vu japaneschen Investitiounen ofhänken, an d‘USA wieren de gréissten auslänneschen Investisseur a Japan. Den Donald Trump wënscht sech besser Bezéiungen tëscht béiden Natiounen, och wann dësen éischte Staatsbesuch éischter symbolesch ass. De grousse politesche Worf ass bei dësem Staatsbesuch net ze erwaarden.
Dat léisst sech och um „Programm“ festmaachen. Esou sollen de Shinzo Abe an den Donald Trump haut eng „Ronn Golf“ spillen a sech mat Sumo-Renger d‘Zäit verdreiwen. An dem Locataire aus dem Wäissen Haus kënnt nach eng besonnesch Éier zou. Hien ass den éischte Staatschef, dee vum „neie“ japanesche Keeser Nahurito empfaange gëtt. Hoffentlech behëlt hie sech…
mat indymedia/fuk/lax
Foto: De Rendez-vous mat der Geschäftswelt an der amerikanescher Ambassade. Den US-President fuerdert méi japanesch Investitiounen an den USA an eng méi equilibréiert Handelsbezéiung. © USAmbJapan