Search

You may also like

Service Hygiène 2019: Méi Residenten, awer manner Offall
Neiegkeeten

Service Hygiène 2019: Méi Residenten, awer manner Offall

Zënter senger Kreatioun am Joer 1899 këmmert de Stater Service

RGTR: Ännerungen ab dem 15. September 2019
Neiegkeeten

RGTR: Ännerungen ab dem 15. September 2019

De Bus-Reseau vum RGTR wäert ab dem 15. September eng

Fräi Tribün: Déi richteg Wahl fir eng gutt Zukunft
Neiegkeeten

Fräi Tribün: Déi richteg Wahl fir eng gutt Zukunft

D‘Matbestëmmung an de Betriber, an den ëffentlech-rechtleche Sozialversécherungen, an de

Trump weider an der Schosslinn

Trump weider an der Schosslinn

Am Kader vun der Enquête iwwert méiglech Verbindunge vu Memberen aus dem Donald Trump sengem Wahlteam mat Russland, ass um Mëttwoch ee fréieren FBI-Direkter als Procureur genannt. Hie soll sécher stellen, datt d’Enquête an aller Onofhängegkeet ka gefouert ginn. Dës Geschicht réckt den amerikanesche President net an dat beschte Liicht.

Et war dann och d’Nummer „2“ aus dem Justizministère, de Rod Rosenstein, dee matgedeelt huet, datt de Robert Mueller, Direkter vum FBI vun 2001 bis 2013, dës Aufgab géif iwwerhuelen. De Mann vun 72 Joer gëllt als besonnesch respektéiert an huet sech säi gudde Ruff ënnert de Presidente George W. Busch a Barack Obama verdéngt. Seng Ernennung soll sécherstellen, datt d’Enquête vum politesche Pouvoir lassgeléist ass an d’Kontroll vum Justizministère, deen d’Tutelle huet, op ee Minimum beschränkt gëtt.

Official portrait of the Director of the Federal Bureau of Investigations Robert S. Mueller.

Dat erkläert sech och deels aus dem Fait, datt de fréiere Justizminister Jeff Sessions, deen dem Donald Trump no steet, am Mäerz huet missen seng Plaz raumen, wëll hien huet missen zougi,während der Presidentschaftscampagne wéinstens zwee mol mam russeschen Ambassadeur Gespréicher gefouert ze hunn.

De President Trump huet dann och wéi gewinnt reagéiert an sech beklot vun de Medie schlecht behandelt ze ginn, ouni awer am Communiqué de Mueller ze ernimmen. „Wéi ech et schonn oft gesot hunn, eng vervollstänneg Enquête wäert bestätege wat mir scho wëssen: Et huet keng Verbindungen tëscht menge Mataarbechter aus der Campagne an enger auslännescher Eenheet ginn“ fir ze schléissen: „ech sinn ongedëlleg den Ofschloss vun dëser Affär ze gesinn.

Däischter Wolleken iwwert dem Wäissen Haus

D’Ernennung vum Robert Mueller ass fir d’Wäisst Haus ee Réckschlag an och eng Iwwerraschung, wëll hinnen déi aktuell Enquête u sech méi wéi genuch war. Konkret gesinn, an do läit dann och de Grond fir d’Kappzerbrieches dat sech am Wäissen Haus entfaalt, ass de Mueller de Chef vun der Enquête mat gesënnertem Status. Hien ass engersäits vill méi onofhängeg wéi ee klassesche Procureur oder den Direkter vum FBI an anersäits kann hie säi Posten nëmme verléiere, wann him ee krasse Feeler nogewise gëtt.

Erfreelech dann och fir den amerikanesche Bierger, datt an engem seelene Konsens d’Vertrieder esou wuel vun den Demokrate wéi och vun de Republikaner d’Nominéierung vum Robert Mueller applaudéiert hunn. „De Bob war ee gudde federale Procureur, ee grousse FBI-Direkter an et hätt ee kee bessere Mënsch kënne fanne fir dës Aufgab ze iwwerhuelen“, sot dann och d’demokratesch Senatorin Dianne Feinstein.

De Republikaner Jason Chaffetz freet sech op Twitter: „Mueller ass een herrleche Choix. En tadellose Liewenslaf. Hie gëtt vun enger grousser Majoritéit ugeholl.“ „Exzellente Choix“ fënnt och déi republikanesch Senatorin Susan Collins an de republikanesche Chamberpresident Paul Ryan fuerdert: „Mier brauchen d’Fakten.

Elo ass dann um Robert Mueller, engem erfuerene Mann sech dervunner ze iwwerzeegen op, oder op eben net, et eng Koordinatioun tëscht der russescher Regierung an verschiddenen Individuen aus dem enke Krees vum Donald Trump während der Presidentschaftscampagne ginn huet. Domadder ass allerdéngs och kloer, datt hien sech mat allem wäert mussen erëmklappe wat sech aus der Enquête ergëtt. Datt dat him gewëssermoosse Fräi Hand léisst ass dann och net wierklech am Sënn vum amerikanesche President.

Dat versteet sech besser wann een déi fréier Affäre „Whitewater“, besser bekannt als „Affär Monika Lewinski“ aus dem Joer 1990 an Erënnerung rifft. Et war deemools ee Procureur mat zimlech gläicher Muecht, de Kenneth Starr, den dem President Bill Clinton d’Liewe richteg schwéier gemaach hat. Elo sollt een awer nach keen Uerteel ofginn, wëll et dierft nach ee ganze Moment brauche bis d’Fakten um Dësch leien, woubäi jo net muss erwise sinn dat et eng Magouille ginn huet.

Via AFP

Fotoquell: Federal Bureau of Investigations

 

Related topics Donald Trump, FBI, Russland, USA
Next post Previous post