Search

You may also like

money
„You name it, we fly it“ – D‘Cargolux am grénge Beräich
Neiegkeeten

„You name it, we fly it“ – D‘Cargolux am grénge Beräich

Dem CEO vun der Cargolux, de Richard Forson konnt ee

Autoe mat Séil – Den 33. American Car Festival zu Stadbriedemes!
Neiegkeeten

Autoe mat Séil – Den 33. American Car Festival zu Stadbriedemes!

Um vergaangene Weekend war de begierten traditionellen Treffpunkt fir all

Sex-Poppen op amazon.fr suerge fir Kaméidi
Neiegkeeten

Sex-Poppen op amazon.fr suerge fir Kaméidi

Nodeems de leschte Weekend direkt an ganz Rëtsch u Verbänn

Trumpcare: Vun den eegene Leit ofgeschoss

Trumpcare: Vun den eegene Leit ofgeschoss

De republikanesche Projet fir d’Reforme vun der Krankekeess, ass ee Méindeg vu Senateuren aus den eegene Reien ofgeschoss ginn. Domadder erleit den Trump an d’Partei vun de Republikaner eng erneit Nidderlag.

Et waren déi konservativ Senateure Mike Lee an Jerry Moran déi um Méindegowend via Twitter hir Oppositioun ugekënnegt haten. Do waren et der da véier vun 52 ënnert der Republikaner déi sech géint den Text ausgeschwat hunn. Dobäi haten d’Leader am Senat schwéier um Projet geschafft. Et hätt awer op mannst 50 Stëmme gebrauch fir d’Reform duerchzekréien.

Erëm vu vir ugefaangen

„Mir musse bei Null ufänken, mat engem oppene legislative Prozess“, erkläert sech de Jerry Moran, Senateur vum Kansas. „Ofgesi vum Fakt, datt de Projet de Loi net d’Totalitéit vun de Steieren aus dem Obamacare ausser Kraaft setzt, geet den Text net wäit genuch fir d’Präisser vun den Assurancë fir De Mëttelstand erofzesetzen“, ënnersträicht nach de Mike Lee.

Mat hirer Entscheedung schléissen si sech dem konservativem Rand Paul an der moderéierter Susan Collins un. D’Republikaner, un der Muecht am Wäissen Haus an och den zwou Kummere vum Kongress, hate versprach Obamacare ofzeschafen. Déi vun den Demokraten agefouert Krankeversécherung war 2010, vum deemolege President Barack Obama no laangem Gestreits a Kraaft getrueden.

Bei de Republikaner ass een sech awer bis ewell net eens. Verschidde konservativer, zesummen de moderéierte stellen sech géint den Text deen d’Parteileedung virgeluecht huet. Si bedaueren, datt et sech heibäi net ëm déi komplett Ofschafung handelt. Anerer sinn net mat der Budgetkierzung an Beräich vun der Gesondheet averstanen. Déi trëfft all déi Leit mat klengem Akommes a schaaft nei Problemer.

D’Majoritéit hat schonn emol d’Ofstëmmung misse verleeën, well de John McCain net un der Sëtzung konnt deelhuelen. Deen huet sech misse vun enger Operatioun erhuelen. De Chef vum Senat, Mitch McConnell konnt um Méindeg kee neien Datum fir eng erneiten Debatte mat Ofstëmmung virleeën. Et ass allerdéngs och méiglech, dat seng Reforme, esou wéi se virgeluecht ginn ass, einfach annuléiert gëtt.

mat AFP

Related topics Donald Trump, Obamacare, USA
Next post Previous post