Search

You may also like

ASTI: Schoulesch Ënnerstëtzung fir Schüler mat Schwieregkeeten
International Neiegkeeten Stories

ASTI: Schoulesch Ënnerstëtzung fir Schüler mat Schwieregkeeten

Nodeems am vergaangene Summer de Projet vun der ASTI, bei

Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?
International Neiegkeeten Stories

Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?

Gëschter Mëtteg sinn an der Réidener Schwämm déi zwou nei

Well Manner an dësem Fall „Méi“ ass
International Neiegkeeten Stories

Well Manner an dësem Fall „Méi“ ass

Dat eis Wanteren ëmmer méi waarm ginn, verhënnert net, datt

Trumpianer stierme Kapitol

Trumpianer stierme Kapitol

Déi Geeschter déi den Donald Trump a véier Joer erwächt huet, sinn déi vun der geféierlecher Zort. Fir ze verhënneren, datt dem Joe Biden seng Victoire bei de Presidentschaftswale confirméiert gëtt, hunn dem Milliardär seng Unhänger d‘Kapitol zu Washington gestiermt, zolidd Schued ugeriicht an um Enn huet eng Fra hiert Liewe verluer. Ass dat, dat neit Demokratieverständnis an den USA?

Et war den „nach“ amtéierende President vun de Vereenegte Staate vun Amerika héchstperséinlech, dee seng Fans, Supporter a soss Ënnerstëtzer zum Protest opgeruff hat. Dat et deraart géif eskaléiere konnt hie sech anscheinend net virstellen. Jiddefalls hu sech virum an am Kapitol Zeenen ofgespillt, déi aller Beschreiwung spotten. An nach wärend der „Demonstratioun“ huet den Donald Trump säi Virworf vum Walbedruch oprecht erhalen.

Nodeems et beim an am Kapitol gedreet huet eng wäitaus méi geféierlech Tournure ze huelen, huet den Donald Trump seng Unhänger via Twitter opgeruff sech nees ze berouegen a friddlech ze bleiwen. Hie géif hiren Ierger (wéinst der gestuelener Wal) verstoen, mee elo wier et un der Zäit heem ze goen. Och an dësem kuerze Video huet hien de Virworf vum Walbedruch widderholl. Och dësen Tweet gouf vun engem Warnhiweis begleet.

Kapitol

Interessant Feststellung: déi bekannten Netzwierker Facebook, Twitter an esouguer YouTube hunn no den Onrouen an ongewinnter Manéier, deem charismateschsten Diplomat vun der Neizäit seng Noriichten einfach emol geläscht. Gutt dësen huet wuel nees seng onbeluechte Behaaptungen zum Walbedruch duerch d‘Netz gejot, mee wann ee wéi Twitter et gemaach huet, dem US-President säi Konto fir 12 Stonne späert, ass et batter.

No ee puer Stonnen hunn d‘Polizisten a soss Sécherheetskräften dunn nees d‘Kongressgebai befreit, fir sécher erkläert an esou konnt de Senat dann nees d‘Sëtzung ophuelen. D‘Representantenhaus sollt dann Owes och nees siegéieren. Déi wichteg Dokumenter mat de Resultater vum Vott vun de Walleit an den eenzele Bundesstaaten ware vu Mataarbechter a Sécherheet bruecht ginn. Déi gi jo gebraucht fir d‘Ernennung vum Joe Biden.

D‘Senatssëtzung gëtt vum US-Vizepresident Mike Pence geleet, dee scho virun der Sëtzung kloer gemaach hat, datt hien d‘Confirmatioun vum Joe Biden senger Victoire net géif blockéieren, säin Eed zum Schutz vun der Verfassung géif him dat verbidden. Hien huet also net dem Drock noginn, dee säin Här a Meeschter ausgeüübt huet. Esou wollt den Donald Trump, datt eng Rei Walleit déi géint hie sinn, sollten ausgetosch ginn…

Wat een nach zu dësem Virfall alles sollt wëssen:

Kuerz no Mëtteg huet de Senat seng Sëtzung am Kapitol opgeholl. Bei dëser sollt dem Joe Biden seng Walvictoire bestätegt ginn. Wärend deem huet den Donald Trump op enger Tribün, net wäit vum Wäissen Haus ewech, sengen Unhänger Geschichten erzielt an des animéiert virun d‘Kapitol ze zéien, dat mam Sproch: „Mir wäerten net zouloossen dat si är Stëmmen zum schweige bréngen“.

Vill méi huet et net gebraucht fir d‘Schwarmintelligenz vun dëse Mënschen un d‘Rotéieren ze bréngen. Den haarde Kär vun dëser Mass huet sech allerdéngs net mam friddleche Protest zefridde ginn, firwat et séier zur Konfrontatioun mat de Sécherheetskräfte komm ass. Engem Aktivist muss et gelonge sinn engem Polizist säi Schëld ofzehuelen. Domadder gouf déi éischt Fënster agehäit.

Kapitol

Séier huet d‘Situatioun eskaléiert, honnerten Trumpianer hunn d‘Ofspärungen iwwerwonnen an sinn an de Kapitol agedrongen. An dësem goufen si vu bewaffente Beamten empfaangen, déi net laang gefackelt, an massiv Tréinegas géint d‘Aggressoren agesat hunn. D‘Helde vun der Politik hunn sech verängschtegt gewisen, a jidderee wou konnt, huet sech ënnert sengem Pult verkroch.

D‘Sëtzung ass ofgebrach ginn, an d‘Kapitol-Police huet d‘Volleksvertrieder a Sécherheet bruecht, deene meeschte war eng Gasmask iwwert de Kapp gezu ginn… An dësem Chaos ass eng Fra duerch Waffegewalt verstuerwen, mee zu den Hannergrënn oder wéi dat sech zougedroen huet, ass bis elo näischt gewosst. Dofir huet keen en Heel dorausser gemaach, firwat de Kapitol gestiermt gouf.

En Aktivist: „Mir hunn d‘Kapitol gestiermt fir d‘Verréider opzeknäppen!“. Dat ass den neien „american way of life“ deen den Donald Trump virun, wärend an no der Walcampagne agefouert huet. Ronn dräi Stonne laang gouf d‘Kapitol vun den Trumpianer gewaltsam besat. Eréischt géint 18 Auer (Lokalzäit) konnten d‘Sécherheetskräften nees d‘Kontroll vum Gebai iwwerhuelen.

D‘Buergermeeschtesch vu Washington D.C: Muriel Bowser huet den Noutstand ausgeruff an eng Ausgangsspär ab 18 Auer verhaangen. D‘Nationalgard gouf mobiliséiert a vun anere Staaten war Verstäerkung fir d‘Police ugefuerdert ginn. Den Donald Trump ass de Chaos gemälleg ugaangen, Via Twitter huet hie geschriwwen, datt „esou eppes schon emol virkomme kann“. Dat ass cool…

Kapitol

Méi spéit huet hie seng Fans dann opgefuerdert nees Heem ze goen, dat awer net ouni de Luef fir dës wonnerbar Bierger, déi jo just vun hiren demokratesche Reschter gebrauch gemaach hunn, ze vergiessen. De Joe Biden huet sech dann och endlech zu Wuert gemellt an den Amerikaner nach emol erkläert wat Protest ass, a wéi esou ee stattzefannen huet. D‘Kapitol stiermen ass kee Protest.

Och ënnert den Deputéierten a Senateuren huet et zimmlech Mësstéin ginn an den Adam Kinziger (Republikaner) huet de Virfall op Twitter als Putschversuch denoncéiert. D‘Katherine Clark (Demokraten) well eng Attack op déi Vereenegt Staaten erkannt hunn. Den Ted Cruz, ee vun de leschten enken Trump-Vertrauten, huet dann och gemengt, datt et eng „national Peinlechkeet“ ass.

Ee Fazit imposéiert sech

Amerika, seng Liewens- a Schaffensweis, mee virun allem a besonnesch dat politescht Konzept, sinn op engem historeschen Déifpunkt ukomm. Eigentlech sollt ee mengen datt d‘Amerikaner net esou domm sinn, wéi si sech gären duerstellen an datt Demokratie hinne mindestens esou wichteg ass, wéi d‘Recht ze hunn eng Waff mat sech ze féieren. Dës Kéier huet ee gesi wat d‘USA sinn.

Vill (ze vill) Amerikaner erweisen sech als geeschtlech deraart mannerbemëttelt, dat ee sech net wonnere sollt, dat si dem Ratefänger aus dem Wäissen Haus opgesiess sinn. Deen hat jo scho virun der Wal de „Bedruch“ offenbaart a seng „Leit“ opgefuerdert sech dat net bidden ze loossen. Wéi de Mike Pence dunn och nach zouginn huet, net d‘Muecht ze hunn Stëmmen zeréckzeweisen, gouf et virum Kapitol keen hale méi. D‘US-Gesellschaft huet sech verännert, an dat ganz nohalteg.

Et ass an et sollt een elo och net dovunner ausgoen, datt en 78 järege President dësen „Change“ an den nächste véier Joer nees gedréit kritt. D‘USA hu sech ënnert der Trump-Presidence op een déifgräifend gesellschaftspolitesche Wiessel agelooss, an des Stuerm op d‘Kapitol kann a wäert net déi lescht Aktioun vun den Trumpianer gewiescht sinn. Amerika ass zum eegene Feind erugewuess.

mat indymedia/was

Related topics Donald Trump, Kapitol, Revolutioun, US-Kongress, US-Senat, USA, Washington DC
Next post Previous post