Search

You may also like

Echterlive: Ofsoen opgrond vun den Iwwerschwemmungen
International Neiegkeeten

Echterlive: Ofsoen opgrond vun den Iwwerschwemmungen

Den éischte Weekend vum Echterlive (16. Juli bis de Méindeg,

En Äerdbiewe mat enger Intensitéit vu 6,2 rëselt de Norde vum Chile
International Neiegkeeten

En Äerdbiewe mat enger Intensitéit vu 6,2 rëselt de Norde vum Chile

En Äerdbiewe mat enger Intensitéit vu 6,2 op der no

De Cascade… kee Béier an awer mat Happ zesummegeschrauft
International Neiegkeeten

De Cascade… kee Béier an awer mat Happ zesummegeschrauft

Offiziell heescht et de Cascade ass ee gehappten Äppelwäi mat

Krichsparteien am Jemen eenegen sech op en Truppenofzuch

Krichsparteien am Jemen eenegen sech op en Truppenofzuch

Bei de Verhandlungen tëscht de jemenitescher Regierung an den Houthi-Rebellen, gëtt et endlech esou eppes wéi e Fortschrëtt. Si hu sech drop gëeenegt, hir Truppen aus dem liewenswichtegen Hafe vun Hodeida ofzezéien. Bei de Vereenten Natioune gëtt dësen éischten Accord begréisst.

Vertrieder vun der jemenitescher Regierung an de schiiteschen Houthi-Rebellen hunn sech op déi éischt Phas vum Truppenofzuch aus de Hafestad Hodeida, an zwee weideren Häfen. Zu New York huet de Spriecher vun der UNO, vun engem grousse Fortschrëtt geschwat. Et gëtt sech elo erhofft, méiglechst séier Liewensmëttel a Medikamenter iwwert déi genannten Häfen an d‘Land ze kréien.

Et war allerdéngs kee Spadséiergang. Wéi et vu alle Säite bestätegt gëtt, waren d‘Gespréicher zéi, d‘Konfliktparteien op hir Standpunkte fokusséiert. Nëmme mat klenge Schrëtt ass ee viru komm bis et dann awer nach an enger konstruktiver Diskussioun – no zwee laangen Deeg – e Konsens fonnt ginn ass. Grondsätzlech ass ee sech och schonn iwwert déi zweet Phas vum Truppenofzuch eens.

Am Kontext vun där am Dezember vereenbaart Wafferou, war e Réckzuch vun de Kampfeenheeten aus dem Hafe vun Hodeida gefuerdert ginn. Ugesiichts der ugespaanter Situatioun, hunn déi am Konflikt engagéiert Krichsparteien, ëmmer nees d‘Friste versträiche gelooss. Dobäi ass et imminent wichteg datt der hongereger Bevëlkerung endlech Liewensmëttel a Medikamenter zougefouert ginn.

Datt et elo zum Ofzuch vun de Kämpfer aus den Häfen Hodeida, Saleef a Ras Issa komme kann, an och d‘Truppen aus deene Staddeeler sollen ofgezu ginn, wou et nach humanitär Ariichtunge gëtt, kann awer nëmmen den Ufank sinn. An dësem Konflikt, stoungen sech dann och net nëmmen zwou „lokal“ Ethnien (Schiite vs Sunnitten) géinteniwwer, mee och den Iran a Saudiarabien (an d‘USA).

Während bei de Vereenten Natiounen zanter Méint ëmmer nëmme vun 10.000 Mënsche rieds ass, déi dëse säit 2015 unhalende Biergerkrich soll ëmbruecht hunn, ginn d‘Hëllefsorganisatioune vu wiesentlech méi héijen Afferzuelen aus. A méi Suerge wéi déi verstuerwen, bereeden den am Jemen nach aktiven humanitäre Missiounen, d‘Hongersnout, déi och elo nach Millioune Mënsche bedreet.

mat indymedia/lon

Foto: (Archiv) Mat der Wafferou an dem elo vereenbaarten Truppenofzuch, ass de Konflikt u sech nach net bäigeluecht. D‘Kanner déi haut am Jemen opwuessen, hunn d‘Hongersnout nach net iwwerlieft, an et brauch net vill, an dësem Biergerkrich, fir et nees eskaléieren ze loossen. © pa/Yahya Arhab

Related topics Hodeida, Houthi-Rebellen, Iran, Jemen, Saudiarabien, Schiiten, Sunitten
Next post Previous post