Search

You may also like

Multimodalitéit fir jiddereen
International Neiegkeeten

Multimodalitéit fir jiddereen

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, hunn d‘CFL, d‘Stad Lëtzebuerg,

Coronavirus: Esou lues gi sech d‘Mënschen der Lag bewosst
International Neiegkeeten

Coronavirus: Esou lues gi sech d‘Mënschen der Lag bewosst

Um Donneschdeg ass de Kap vun den 300 Infektiounsfäll iwwerschratt

Déi 3. industriell Revolutioun ass net opzehalen
International Neiegkeeten

Déi 3. industriell Revolutioun ass net opzehalen

E Méindeg ass am Wirtschaftsministère de Punkt gemaach ginn, wou

Tschechien an Nout!

Si sti mat Réck zur Wand… Däitschland, Polen an d‘Schwäiz goufen ëm Hëllef ugefrot

Tschechien an Nout!

An Tschechien sinn d‘Spideeler zanter Deeg iwwerlaascht. D‘Land huet déi héchsten an der Unioun gemoossen Infektiounszuelen. D‘Inzidenz géif bei „variabelen“ 800:100.000 leien. Zanter Ufank vun der Kris, huet et an Tschechien 1,3 Millioune Covid19-Fäll ginn. Op ee Freideg, esou d‘Zuele vum Gesondheetsministère, hat d‘Land 21.325 Affer vun der Infektiounskrankheet ze bekloen.

Den tschechesche Gesondheetsminister Jan Blatny, deen déi ganz Woch iwwer „Hëllef“ net fir noutwenneg gehalen hat, huet gëschter missen seng Wieder zeréckhuelen. „mir sinn elo an enger Situatioun an där mir ni wollte sinn“, esou de Minister deen dem Drock vun de Beschäftegten am Gesondheetssecteur endlech noginn huet, an d‘Noperen ëm Bäistand gebueden huet.

Tschechien

Aus Däitschland gouf direkt Hëllefsbereetschaft ugekënnegt. Den Ausseminister Heiko Maas huet awer drop higewisen, datt dës „Hëllef“ eng Decisioun vun de Bundeslänner ass. Sachsen huet dann och sengersäits Ënnerstëtzung ugekënnegt. Sachsen, zesumme mat de Länner Bayern an Thüringen, hat den Tschechen an der Woch scho 16.800 Impfdosen (AstraZeneca) zoukomme gelooss.

Ob d‘Schwäizer an d‘Polen och Patienten aus Tschechien iwwerhuele wäerten, dat ass zur Stonn nach net gewosst. A Polen gëtt zur Stonn gepréift wéi eng Kapassitéiten ee bereetstelle kann. Et misst een awer klären, wien d‘Käschten iwwerhëlt. An der Schwäiz kucken se net esou op de Goss, mee och hei brauch et ee puer Deeg Zäit, fir ofzekläre wéi een d‘Patienten ophuele kann.

mat indymedia/prg/bru/ber

Related topics Covid19-Pandemie, humanitär Hëllef, iwwerlaaschtung, Jan Blatny, Tschechien
Next post Previous post