Search

You may also like

De Sträit tëscht dem OGBL an de Fleegeheimer geet an d‘Mediatioun
International Neiegkeeten Stories

De Sträit tëscht dem OGBL an de Fleegeheimer geet an d‘Mediatioun

De soziale Konflikt an de Fleegeheimer geet an eng éischt

Franséische Rentekommissär muss den Hutt huelen
International Neiegkeeten Stories

Franséische Rentekommissär muss den Hutt huelen

Säit der Ukënnegung vun der Rentereform rumouert et a mëttlerweil

Fairtrade-Woch bei Restopolis
International Neiegkeeten Stories

Fairtrade-Woch bei Restopolis

De gastronomeschen Aarm vum Educatiounsministère, deen an de Schoulen an

Tschernobyl… scho 35 Joer…

De 26. Abrëll 1986 ass de Reakter N°4 zu Prypjat an der Ukrain explodéiert

Tschernobyl… scho 35 Joer…

Dësen atomare GAU (Gréisstunzehuelenden Atomaren Onfall) ass eng vun de Katastrophen, déi d‘Geschicht gepräägt huet. Atomkraaft ass a bleift geféierlech, mee esou wierklech eppes dorausser geléiert huet de Mënsch dann awer net. Am Kontext vun der Klimakris, gëtt der Atomkraaft nees eng bléiend Zukunft versprach. Mee och an de Ukrain, bitt d‘Atomruin wirtschaftlech Perspektiven.

35 Joer no der „Katastroph“, hunn d‘Joresdeeg net méi dee warnenden a bedréckende Charakter. Et gëtt Tour-Operateuren déi mëttlerweil Reesen an déi 2.500 Quadratkilometer grouss Spärzon vun Tschernobyl ubidden. Et heescht, haut bréicht ee keng Schutzkleedung méi, et hätt een dëst Kapitel ofgeschloss. En Entrepreneur huet sech esouguer virgeholl, de Site zum Kulturiewen ze maachen.

Prypjat© Gabriella Clare Marino / unsplash

An tatsächlech schéngt sech zumindest d‘Natur erholl ze hunn. Et gëtt vill Reportagen, an deenen déi vill schéi Säite gewise ginn. Bëscher a Flëss, wëll Päerd a Wëllef… Tschernobyl war sécher eng Katastroph, d‘Natur konnt sech nawell behaapten… net esou de Mënsch. Nach ëmmer stierwe vill Mënschen un de Folge vun dësem Atom-GAU. An esou ongeféierlech ass ee Besuch dann och net.

Blannemännerches duerch d‘Spärzon lafen, dat ass sech enger onsiichtbarer Gefor aussetzen. Grad am 30 Kilometer-Radius ronderëm d‘Atomzentral, ass d‘Stralung weiderhin „héich“. Hei schléit der Geigerzieler nach ëmmer aus, an zwar mat enger reegelrecht beonrouegender Intensitéit. Interessant hei: déi vill Mënsche wou sech Tschernobyl ukucke wëllen, schéngt grad dat kaum ze belaaschten.

Touristesch Attraktioun zanter 2015

Dat ass fir de Verantwortleche vun der staatlecher Agence zur Verwaltung vun der Spärzon, Maxym Schewtschuk, net verwonnerlech. Hie confirméiert, datt sech säit 2015 de Massentourismus ganz gutt entwéckelt, an vu Joer zu Joer ëmmer méi Leit kommen. An Zuelen: 2019 waren et 124.000 Touristen (20% Ukrainer, 80% Auslänner) e Steigerung vun 52.000 Visiteure géintiwwer 2019.

Prypjat© Dasha Urvachova / unsplash

Wéi en Impakt oder Afloss dofir déi vum britesche Sender HBO produzéiert Serie „Chernobyl“ huet? Si war am Fréijoer 2019 lancéiert ginn an huet ee wierklech groussen Erfolleg gehat an dierft wuel de Virwëtz vu villen Zuschauer erwächt hunn. D‘Stad Prypjat – haut enger Geeschterstad – ass den Héichpunkt vun all Tour. Eng Stad virum Zerfall, ee Problem fir d‘Tour-Operateuren…

Hei ass et dann awer nees manner de Problem, datt d‘Zäit de Verfall vun der Stad virundreift, wéi de Vandalismus. Dat ee sécherlech muss „motivéiert“ sinn, fir illegal an d‘Spärzon anzedréngen, ass dat eent. Dat een ausser senger Gesondheet wéineg riskéiert ass dat anert. D‘Stad Prypjat huet kee Schutzstatut, esou de Maxym Schewtschuk, juristesch ass alles just radioaktiven Offall.

Tschernobyl als Weltkulturierwen

Den Atomreakter vun Tschernobyl an d‘Stad Prypjat – déi an de 70er Jore vun der Sowjetunioun gebaut goufen – beschäftegt awer och d‘Regierung vun der Ukrain. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenski huet déi zoustänneg Verwaltungen ugewisen, eng Demande fir d‘UNESCO virzebereeden, fir Deeler vun der Spärzon a besonnesch d‘Stad zum Weltkulturierwen ze erklären.

Prypjat© Sophie Keen / unsplash

Ee Virstouss, dee verständlecherweis vun den Tour-Operateuren ënnerstëtzt gëtt, wénken dach gutt Aussiichten op rentabel Investitiounen. Et gëtt awer och Stëmmen, déi fuerderen, datt d‘Ukrain fir sech selwer emol d‘Bedeitung vun der Spärzon unerkennt. Et wier tatsächlech bosseg, wann ee Land en Uert zum Weltkulturierwen erkläre léisst, dat am eegene Land kee kulturelle Statut huet.

Woubäi et soll elo och keen nationaalt Denkmal ginn, wou een eemol am Joer ee Bouquet Blummen néierleet a gutt ass et. Nee, Tschernobyl a Prypjat sollen ee liewegen Uert ginn an de Begrëff „Spärzon“ sollt nach emol op de Leescht geholl ginn, mengt och de Maxym Schewtschuk, mat Bléck op déi dausenden Touristen déi elo schonn all Joers de Standuert besiche kommen.

mam Ilja, IM-iew

Foto: © Silver Ringvee / unsplash

Related topics Atomreakter, GAU, Prypjat, Tschernobyl, Ukrain
Next post Previous post