Search

You may also like

Den internationalen Dag vun der Pressefräiheet 2018, erkläert
International Money Neiegkeeten

Den internationalen Dag vun der Pressefräiheet 2018, erkläert

Haut um 3. Mee fënnt den internationalen Dag vun der

Äishockey: Beaufort Knights géint Red Roosters am 9-3 ausenaner gaangen
International Money Neiegkeeten

Äishockey: Beaufort Knights géint Red Roosters am 9-3 ausenaner gaangen

E Samschdeg Owend sollt et de leschten Heemmatch fir d’Lëtzebuerger

Covid-19: E Réckbléck op d’Lag vum 26. Oktober bis 1. November
International Money Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Lag vum 26. Oktober bis 1. November

An der Woch vum 26. Oktober bis den 1. November,

money

EU: Amerikaneschen Tubak, Jeans a Bourbon vun Douanestaxe bedreet

EU: Amerikaneschen Tubak, Jeans a Bourbon vun Douanestaxe bedreet

Déi protektionistesch Moossname fir d‘US-Industrie ze schützen, esou wéi et dem Donald Trump virschwieft, riskéieren en Handelskrich auszeléisen. Esou op de Stol, den Aluminium an op Autoen aus der EU eng Zousazsteier erhuewe ginn. Dat kann a wëll Bréissel net op sech setze loossen.

Esou ergëtt et sech, datt no enger ganz preziser Douane-Nomenclature, ouni eng bestëmmte Mark ze nennen, verschidden US-Produkter och mat enge gesënnerter Douanestaxe beluecht solle ginn.

2017 huet d‘EU fir 5,3 Milliarden Euro Stol an 1,1 Milliarden Aluminium exportéiert. Mat enger Tax an héicht vu 25% fir de Stol an 10% op den Aluminium, géif sech de wirtschaftleche Schued op 2,8 Milliarden Euro beziffere loossen. Laut der EU-Kommissioun – déi drop besteet, datt d‘Reegele vun der Welthandelsorganisatioun (WTO) agehale ginn – eng virsiichteg Schätzung.

Mat de Géigemoossnamen, wéi se vu Bréissel virgesi sinn, soll de wirtschaftleche Schued begrenzt kënne ginn. Et ass ee sech ënnert de Politiker an de Wirtschaftsexperten awer eens: bei engem Handelskrich kann et nëmme Verléierer ginn.

Wéi eng US-Importer si betraff?

De Stol: e puer Dose Produkter wéi gewalzte Stol, Inox, gezunne Réier ouni Schweessnout, stole Seeler, Dieren, Fënsteren, Handwierksgeschir a Couverten. Landwirtschaftlech Produiten a Liewensmëttel: Bounen, Mais a Räis (transforméiert oder net), Orangëjus, Kakuettebotter, Bourbon, Zigaren, Zigaretten, Päifentubak, Tubak fir ze rullen, ze knätschen oder ze schnauwen.

Och Textilien si betraff: T-Shirten a Ënnerhiemer aus Kotteng, Woll oder syntheteschem Material, Boxen aus „Denim“ (also Jeans) oder Kotteng, Shorten, Bettwäsch aus Kotteng a verschidde Liederschong. Kosmetik: Lëppestëft, alles ronderëm d‘Aen, Neellack an de Fonds de Teint.

Well och d‘Autoen aus Europa solle mat Douanestaxe beluecht ginn, gesäit d‘EU vir, och eng Rei Gefierer aus Amerika mat eng Steier ze beleeën: Motorrieder mat méi ewéi 500 Kubikzentimeter, Segelschëffer (Sport/Fräizäit) mat oder ouni Motor, Rudderbooter a Kanuen.

Wat elo grad geschitt

Well eng Zopp seelen esou waarm giess gëtt wéi se gekacht gouf, muss een elo den diplomatesche Volet vun dësem ugekënnegten Handelskrich berécksiichtegen. Esou erwaart sech d‘EU um haidege Samschdeg vun den USA Opklärung, zu de vum Donald Trump gefuerderte Mesuren, ze erhalen. Dat bei enger Entrevue zu Bréissel, tëscht de Wirtschaftsvertrieder aus Europa, Japan an den USA.

Um Freideg huet de Vizepresident vun der EU-Kommissioun, Jyrki Katainen, allerdéngs d‘Erwaardunge gebremst: „Erwaart iech net datt alles geléist ka ginn. Et handelt sech ëm „eng“ an net „déi“ Entrevue. Mir brauche Kloerheet a mussen den Dialog opmaachen, a verhënneren datt et zu engem globalen Handelskrich kënnt“.

Dëse „klenge“ Wirtschaftssommet war allerdéngs scho laang virum Donald Trump senger Ukënnegung Douanestaxen ze erhiewe geplangt ginn. Hei sollten an éischter Linn d‘Problemer vun den Iwwercapacitéite bei der Stolproduktioun beschwat ginn. Elo geet et dann drëms, d‘USA dovunner ze iwwerzeegen, d‘EU a Japan vun dëser Mesure auszehuelen.

Dat gëtt e laangen Dag

„Et ass net ganz kloer wéi d‘Prozedur vun der Ausnam wäert funktionéieren“, esou de Jyrki Katainen. „Mee ech hoffe staark, datt sech keen erwaart, datt mir bei Wirtschaftsfroe bereet wiere Konzessiounen ze maachen. Et ass keng Verhandlung. Dat vun deem mir schwätzen ass eng unilateral Aktioun déi géint international Reegele verstéisst“.

D‘EU-Handelskommissärin Cecilia Malmström ass dann och iwwerzeegt, datt et „ee laangen Dag wäert ginn“. Si erhofft sech vun den Amerikaner d‘Zouso ze erhalen, datt d‘Exporter aus der EU vun de Douanestaxen ausgeholl ginn.

Ass dat net de Fall, da mussen d‘Géigemoossnamen op de Wee bruecht ginn. Et géif dann awer nach dräi Méint brauchen, bis déi kéinten a Kraaft trieden. Zu Bréissel gëtt dann och envisagéiert, Mesuren zum Schutz vun der europäescher Industrie ze ergräifen, am Bezuch op den Import vu Stol an Aluminium. Zudeem bleift eng Plainte bei der WTO op der Dagesuerdnung.

mat AFP

Foto: Houfreg presentéiert den Donald Trump seng Ënnerschrëft um Dokument, mat deem den 8. Mäerz festgeluecht ginn ass, datt Stol an Aluminium mat enger Douanestaxe beluecht ginn. Hien huet erkläert datt déi amerikanesch Stol- an Aluminiumindustrie „duerch eng aggressiv Handelspraxis zerstéiert ginn ass (…) Et ass en Ugrëff op eist Land. (…) Ech hunn dovunner laang a vill geschwat, méi laang wéi meng politesch Carrière al ass“. © Mandel Ngan/AFP

Related topics Bourbon, Cecilia Malmström, Donald Trump, Handelskrich, Jeans, Jyrki Katainen, Tubak
Next post Previous post