Search

You may also like

Sozialplang bei BCD Travel
International Neiegkeeten

Sozialplang bei BCD Travel

Den 10. November huet de Reesbüro „BCD Travel“ – eng

money
Welthandelsorganisatioun ouni Spëtzt
International Neiegkeeten

Welthandelsorganisatioun ouni Spëtzt

Bei der Welthandelsorganisatioun (WTO) sténken d‘Lompen net, si brennen. Zanter

RoundUp-Prozess: Monsanto geet an Appell
International Neiegkeeten

RoundUp-Prozess: Monsanto geet an Appell

Monsanto huet en Dënschdeg d‘Prozedur fir an Appell ze goe

Tunesier verlaangen d‘Fräiloossung vun de politesche Gefaangenen

Tunesier verlaangen d‘Fräiloossung vun de politesche Gefaangenen

Wärend déi 27 EU-Länner – also haaptsächlech d‘Staats- a Regierungscheffen, hir Ausseminister an déi meescht Europaparlamentarier – sech massiv fir d‘Kausa vun engem zweiwelhaften Dissident a Russland Asetzen, fuerderen aktivisten an Tunesien d‘Fräiloossung vun de politesche Gefaangenen. Fir esou Hongerleider hu se weder zu Bréissel nach an de nationale Parlamenter en Ouer…

De Staatsapparat an Tunesien (wéi eigentlech am ganze Maghreb) beherrscht d‘Instrument vun der Repressioun aus dem FF, a generell huet ee Mënscheliewen hei ee ganz anere Stellewäert wéi an der Zivilisatioun. Vun der „Fréijoersrevolutioun“ 2011 an der Flucht vum Diktator Zine El Abidine ben Ali ass haten d‘Tunesier sech zumindest en Ufank vun „Demokratie“ erhofft. Déi awer gëtt et net.

Um 15. Januar war et beim 10. Jubiläum vun der „Revolutioun“ nees zu Protester géint d‘Regierung komm. D‘Sécherheetskräften – eigentlech nach ëmmer déiselwecht am Geescht, wéi zu Zäite vum ben Ali – hunn sech entspriechend ze behuele gewosst. Et koum zu massiven Iwwergrëff an et si mindestens eng 1.000 Mënsche verhaft ginn. Der Regierung geet et drëms Angscht ze verbreeden.

Fir ee puer honnert Aktivisten, déi sech zum Marsch op der Avenue Habib Bourguiba versammelt haten, kee Grond d‘Hänn an de Schouss ze leeën. Ënnerstëtzt vu Mënscherechtsaktivisten a lénke Politiker, wollten si virum Inneministère protestéieren. Hei awer hat de Regimm seng ganz Muecht ausgebreet an opgestallt. Et geet awer net nëmmen ëm d‘Fräiloossung vun de Gefaangenen.

Eng Kris verstoppt déi aner

Wann zu Tunis déi eeler Sloganen: „D‘Muecht gehéiert dem Vollek“ an „D‘Vollek wëll de Stuerz vum Regime“, nach ëmmer a gewësser Mooss Sënn maachen, esou leien d‘Ursaache vum Onmutt och an der schlechter wirtschaftlecher Situatioun vun dësem nordafrikanesche Land. An heivunner si besonnesch déi Jonk betraff: Si fuerderen Aarbechtsplazen, Fräiheet an nationale Respekt.

Erënner mir och drun, datt eis politesch Vertrieder am Inland wéi um Niveau vun Europa sech emol ugemoosst haten ze behaapten, datt Tunesien dat eenzegt Land vum Maghreb ass, an deem den Iwwergang zur Demokratie gelongen ass. Villäicht géifen d‘Aktiviste fir d‘Demokratie an Tunesien, gehollef kréien, wann se géint Russland géifen demonstréieren oder mindestens en Diktator hätten.

Mee an Tunesien huet et den Ament „just“ eng zolidd Wirtschaftskris, firwat besonnesch déi jonk Generatiounen ouni Schaff an Akommes do stinn. D‘EU mécht séier wéineg fir do eng Hand mat unzepaken, wonnert sech dann awer datt d‘Jugend sech iwwert d‘Mëttelmier mécht. D‘EU awer liwwert dem Regimm déi benéidegt Instrumenter fir all Protest an/oder Widderstand néierzeschloen.

Mat der Covid19-Pandemie huet sech déi wirtschaftlech Situatioun weider verschlechtert, déi Jonk ginn hire Perspektive beklaut, an déi vun der EU gestäipte politesch Elite ass korrupt bis an déi déck Zéif. Am allgemenge war d‘Vertrauen zur Regierung éischter Schlecht, woubäi een elo schéngt een neit Kapitel opzeschloen. Europa huet nu emol eng selektiv a profitorientéiert Prioriséierung…

mat indymedia/tlv

Foto: © YourMedia (via Twitter)

Related topics Arabescht Fréijoer, Europäesch Aussepolitik, politesch Gefaangener, Protest, Tunesien
Next post Previous post